Header for Projet de loi portant modification de la loi du 28 octobre 2016 relative à la reconnaissancedes qualifications professionnelles

Projet de loi portant modification de la loi du 28 octobre 2016 relative à la reconnaissancedes qualifications professionnelles

Dës Ried hunn ech den 27/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 28 octobre 2016 relative à la reconnaissancedes qualifications professionnelles” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Och ech wëll mech hei de Felicita- tiounen un de Rapporteur André Bauler uschléissen. Et ass e ganz concise Rapport gewiescht, deen en hei virgedroen huet, well dat heiten Thema och net soll politesch Debate lancéieren, mä ganz am Konträr: Mir maachen hei eppes am Interêt vun deene Leit, déi esou en Diplom am Ausland kritt hunn, notamment an England, déi domadder wëllen hei zu Lëtze- buerg schaffen an haaptsächlech och wëllen a Beruffer schaffen, déi deelweis zu Lëtzebuerg gebraucht ginn. Ech denken do haaptsächlech un d’Dokteren, vun deene mer der bäi Wäitem net genuch hunn, wou et also wichteg ass, Jon- ker fir dee Beruff ze begeeschteren. An do sollte mer alles maachen, fir et deenen ebe genau einfach ze maachen. Dofir markéieren ech och heimadder den Accord vun de Piraten fir dëse Projet.