Header for Projet de loi portant modification de la loi du 5 juillet 2016 autorisant le Gouvernement à participer au programme multinational « MultiRole Tanker Transport » (MRTT)

Projet de loi portant modification de la loi du 5 juillet 2016 autorisant le Gouvernement à participer au programme multinational « MultiRole Tanker Transport » (MRTT)

Dës Ried hunn ech den 23/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi du 5 juillet 2016 autorisant le Gouvernement à participer au programme multinational « MultiRole Tanker Transport » (MRTT)” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och deene Lénken, déi hei eng Motioun deposéiert hunn, déi mer ganz sym pathesch ass. Et ass eng Motioun, déi eist Engagement dobaussen an der Welt weist wäit iwwert Militärfligeren an Oprüstung eraus.

Et ass eng Motioun, déi fir Humanitéit steet. Et ass eng Motioun, déi u sech garantéiere soll, datt mer eis Engagementer net eroffueren. A mir hunn et an dëser Kris virdru vum Här Bausch héieren, en huet gesot, et wier grad elo net de Moment, fir bei all Projet ëmmer mam Argument ze kommen, et wier Kris, mir kéinten et elo net maachen.

Ma wa mer Geld hu fir Militärfligeren ze kafen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, da sinn ech ferm der Iwwerzeegung, datt mer den absolutte Montant vum leschte Joer kënne festschreiwen als minimale Seuil fir eis Entwécklungshëllef, well dat wär e Symbol no baussen, e Symbol, wou mer kloer weisen, datt et Lëtzebuerg net egal ass, wéi et dobausse weidergeet. An dat heite si Suen, déi kommen direkt bei deene Länner un, déi et am battersten néideg hunn, a virun allem géif eis dat och vläicht evitéieren, datt mer eng Kéier mat eisem Militärfliger, dee mer da virdru gestëmmt hunn, do lande musse fir en humanitären Asaz. Duerfir wäerten d’Pi raten och dës Motioun matdroen.