Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée aux fins de transposer la directive (UE) 2020/2020 du Conseil du 7 décembre 2020 modifiant la directive 2006/112/CE en ce qui concerne des mesures temporaires relatives à la taxe sur la valeur ajoutée applicable aux livraisons de vaccins contre la Covid19 et aux dispositifs médicaux de diagnostic in vitro de cette maladie, en réaction à la pandémie de Covid19

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée aux fins de transposer la directive (UE) 2020/2020 du Conseil du 7 décembre 2020 modifiant la directive 2006/112/CE en ce qui concerne des mesures temporaires relatives à la taxe sur la valeur ajoutée applicable aux livraisons de vaccins contre la Covid19 et aux dispositifs médicaux de diagnostic in vitro de cette maladie, en réaction à la pandémie de Covid19

Dës Ried hunn ech den 21/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée aux fins de transposer la directive (UE) 2020/2020 du Conseil du 7 décembre 2020 modifiant la directive 2006/112/CE en ce qui concerne des mesures temporaires relatives à la taxe sur la valeur ajoutée applicable aux livraisons de vaccins contre la Covid19 et aux dispositifs médicaux de diagnostic in vitro de cette maladie, en réaction à la pandémie de Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci och dem André Bauler fir säin exzellente Rapport ech hat et leider virdru vergiess, d’Zäit leeft engem heiansdo fort, virun allem, well e mech dankenswäerterweis virdru schonn erwäänt hat.

Mir Piraten si frou, datt hei zu Lëtzebuerg kee muss fir seng Covidimpfung bezuelen. Zumindest net di rekt! Mir sinn dofir och frou, datt d’Regierung deci déiert huet, fir net de superreduzéierten TVAsTaux op d’Vaccinen an hir Uwendung ze berechnen, mee dës Prestatiounen direkt ganz vun der TVA ausze schléissen. Well béides war jo vun der EUKommis sioun erlaabt ginn.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

An haut ass et just déi Impfung, mee et kéint ee sech jo awer och froen, wéisou net alles am Kader vun der Pandemie vun der TVA verschount kéint ginn oder ob se net reduzéiert kéint ginn. Wéisou net d’Maske jidderengem ouni oder mat manner TVA ubidden? Wéisou net de Gel fir d’Desinfek tioun?

Jo, et ass richteg: Zu Lëtzebuerg sinn och Leit, grad wa se eng ganz Famill andecke musse mat de Schutzmoossnamen, bei deenen de Mount ganz knapp ass an de Budget net duergeet. Do kéint ee sech nach Gedanke maachen um europäesche Plang, zesumme mat eise Partnerlänner, well d’TVA ass jo eppes, wat mer net eleng kënnen entschee den. Mee hei kéint een zumindest de Wonsch mat op Bréissel huelen an déi nächst Diskussiounen.

Zur Direktiv: Och mir wëllen unerkennen, datt dës Direktiv no knapp véier Woche schonn zu Lëtze buerg ëmgesat gëtt. Bis elo hunn nëmme Malta a Spuenien den Text schonn ëmgesat. Mir sinn also eemol eng Kéier ganz, ganz séier! Am Ganzen huet dës Prozedur, vun der Propos vun der Kommissioun Enn Oktober bis zur Ëmsetzung haut, keng dräi Méint gedauert. Dat ass Rekord. An där nämmlech ter Zäit hu mer zwar och d’Covidgesetz e puermol gestëmmt, geännert, gestëmmt, nach eng Kéier geännert a sou weider, mee fir europäesch Texter an dräi Méint vun der Iddi bis duerch d’Chamber ze kréien, dat ass, mengen ech, eng Première!

Dëst weist a mengen Aen, dass Europa och a Kri senzäiten handlungsfäeg ass an datt d’EUKommis sioun iwwerall do, wou se Kompetenzen huet, fäeg ass, séier a konkreet ze handelen. An et weist och nach eemol, wéi séier an effizient d’Chamber ka schaffen.

A wou mer bei der Chamber sinn: Mir bezuelen zwar elo keng TVA op der Impfung, mir wëssen awer och nach net genau, wat am Deal oder an den Dealen drasteet, déi zwëschent der EUKommis sioun, de Länner an der Pharmaindustrie gemaach goufen. Dat ass bedenklech, léif Kolleeginnen a Kolleegen! Mir als Parlament, déi e Budget ge stëmmt hunn, mat deem déi Deale bezuelt ginn, hu keen Abléck an d’Deale mat de Pharmafirmen. Dat ass ontransparent an erschwéiert d’parlamenta resch Aarbecht.

Déi passend Ufro vun eis un de Chamberspresident gouf haut an der Conférence des Présidents be schwat, an ech sinn och ganz frou, datt mer zesum men als Parlament, zesummen als Institutioun d’Regierung opgefuerdert hunn, fir op deem Plang bei der EUKommissioun aktiv ze ginn, fir datt d’Chamber d’Méiglechkeet kritt, déi Texter ze consultéieren. Et kann net sinn, datt deen, dee be zilt fir eppes, net och gesäit, wat e Pond Kiischte reell kascht.

Mir hoffen op eng positiv Äntwert vu Bréissel. Well sollt eist Parlament keen Accès kréien, wär dat e Skandal fir eis Demokratie an d’Transparenz. A keng Partei hei an der Chamber dierft dat u sech op sech sëtze loossen. Och net déi an der Majoritéit! Well um Enn vum Dag ass et grad dës Transparenz, déi Fakenews verhënnert an déi d’Angscht an d’Suerge vun de Leit kann opléisen. Wéi soll een eng Entscheedung verstoen oder iwwerpréiwen, wann een de genauen Deal net ze liese kritt?

Här President, mat Gesetzer wéi dësem weist een, datt séiert Handelen och op europäeschem Niveau méiglech ass, datt ee séier a gutt am Sënn vun de Leit ka schaffen. An dësem Sënn ënnerstëtze mir dëst Gesetz.