Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 14 août 2000 relative au commerce électronique

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 14 août 2000 relative au commerce électronique

Dës Ried hunn ech den 07/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 14 août 2000 relative au commerce électronique” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och der Rapportrice, dem Lydia Mutsch fir den ausféierlechen an och exzellente schrëftlechen a mëndleche Rapport. Et ass keng einfach Matière, dat heiten. Et ass eng Matière, déi vill technescht Wësse viraus setzt an et ass virun allem eng Matière, déi, wann ee sech e bësse méi intensiv domadder auserneesetzt, awer eng ganz Rëtsch oppe Froe mat sech bréngt.

D’eIDASReegele si gutt. Op den éischte Bléck alles super: Mir kréien en europäesche Kader. Et ass op den zweete Bléck, wou et grad hei zu Lëtzebuerg dach awer eng Rëtsch oppe Froe bei deem Projet ginn. Sou ass et haut leider esou, an e puer vu menge Virriedner hunn et gesot, datt mir am Moment just zwee Acteuren hunn, déi zu Lëtzebuerg akkreditéiert sinn, fir qualifizéiert Servicer ze offréieren. An dovunner ass u sech just een, deen dat un Endnotzer ver keeft, dat heescht un Iech alleguerten. A mir wäerten alleguerte quasi esou en Token vun deenen an der Täsch hunn, well d’Banken eis déi geschenkt hunn, wéi mer e Kont opge maach hunn, respektiv hunn eis imploréiert, esou een ze huelen, fir eng besser Sécherheet ze hunn.

Elo huet jiddwereen deen Token ëmmer mat méi Sécherheet fir de Webbanking a Verbin dung bruecht respektiv nach à la limite, fir sech domadder beim guichet.lu kënnen anzelog gen. Datt do derhannert e kryptografesche Schlëssel steet, deen eis erlaabt, och online Saachen ze ënnerschreiwen, ass deene wéinegste bewosst.

De Problem, dee sech elo stellt mat den eIDAS Reegelen ass deen, datt mer e Quasimonopol zu Lëtzebuerg hunn. Wien haut probéiert, sech op guichet.lu mat engem däitschen oder fran séische Certificat anzeloggen oder e PDF vun der Steierverwaltung mat engem franséische Certificat ze ënnerschreiwen, ma dee scheitert ganz einfach dorunner, well A, Lëtzebuerg oblige! mir hu leider just e Support fir den Token, deen d’Lëtzebuerger kennen, wou de Staat och nach deels Aktionär mat dran ass, wat déi ganz Situatioun net manner kokass mécht.

Dat heescht, et muss ee sech d’Fro stellen: Bréngt dat heite Gesetz wierklech déi Ännerun gen, déi mer eis erhoffen? Maache mer et wierklech Startuppen, klenge Betriber méi einfach, fir Dokumenter ze ënnerschreiwen, fir Dokumenter ze echangéieren? Am B2B, also zwëschent zwee Betriber, sécherlech.

Am B2B ass et nämlech egal, ob et eng qualifi zéiert Ënnerschrëft ass oder eng avancéiert Ënnerschrëft. Fir eng avancéiert Ënnerschrëft brauch ech kee Certificat vum Staat, kee Stem pel, dee seet: „Dat doten ass eng offiziell Ënnerschrëft.“ Do kann ech relativ maachen, wat ech wëll. Do geet et duer, wann ech an engem PDF mäin Numm dropsetzen. Dat ass schonn eng einfach elektronesch Ënnerschrëft.

Et geet awer vill méi wäit. Spéitstens wa mer mam Staat kommunizéieren, mat de Verwal tungen, hu mer zu Lëtzebuerg dach dee Quasi monopol. An ech mengen, datt et wichteg ass, datt mer deen och opbriechen an et heimad der klenge Betriber méi einfach maachen, fir ouni onnëtz Käschten och déi heiten Doku menter kënne beim Staat ze deposéieren.

Dat heescht: Ass et geplangt an dat ass eng ganz konkreet Fro un d’Regierung , datt de guichet.lu respektiv de MyGuichet PDFen, déi mat anere Certificate wéi engem lëtzebuerge schen ënnerschriwwe sinn, akzeptéiert?

An dann dat Zweet: Sinn eis Verwaltungen, wa mir dat heite stëmmen, muer prett, fir en Envoi recommandé électronique unzehuelen, esou wéi en hei am Gesetz steet?

Well, an dat musse mer eis bewosst sinn, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass e risege Sprong no vir! Déi éischte Kéier, wou mer et wierklech obligatoresch maachen, datt ee kann e Recommandé mat Accusé de récep tion verschécken, ouni aus dem Haus erausze goen! Et kann ee vun engem Computer op en anere Computer eng EMail verschécken, déi déi nämmlecht Rechtskraaft huet wéi en Envoi recommandé mat Accusé de réception. Dat ass phenomenal, wann et fonctionéiert! An ech hoffen, datt mer a kierzester Zäit eis Verwaltun gen esou wäit kréien, datt se dat heiten akzep téieren.

Dat gesot, de Projet ass gutt. Un der Ëmsetzung muss e gemooss ginn. Ech ginn den Accord vun de Piraten.