Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiee du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandemie Covid19

Projet de loi portant modification de la loi modifiee du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandemie Covid19

Dës Ried hunn ech den 01/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiee du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandemie Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Dofir dann och e Merci u jiddwereen, deen dat ënnerstëtzt huet. Et ass nun emol esou, datt eise Reglement virgesäit, datt fënnef Leit dat mussen ënnerschreiwen. Mir hunn et dann hei an dësem Fall op e puer méi bruecht, wat ech definitiv begréissen, well et eng Nuancéierung och vun den Aussoen hei op der Tri bün zouléisst.

Komme mer zu deem méi Negativen. Komme mer zu deem Gepuzzles, wat mer hei maachen, well, an dat mierkt ee jo, mir sinn hei an engem Puzzlege setz. Mir sinn an engem Gesetz, wou reegelméis seg erëm Saache probéiert gëtt, Saachen dranze schreiwen, déi net ganz gutt duerchduecht sinn, déi heiansdo souguer schlecht duerchduecht sinn. An do kënnt mer dann awer direkt deen ominéise Regëster an de Kapp.

Bon, wann ech vun der Ouverture vun den Terrasse geschwat hunn, da bleift just nach de Regëster fir ze kritiséieren, well duerno, all de Rescht, dat ass u sech schéi verstoppt einfach eng Verlängerung vun all de Mesuren, déi mer hei schonn xmol kritiséiert hunn.

Dat heescht, de Regëster: Dee Regëster sollt an dat hunn ech u sech begréisst ganz dateschutz konform ganz wéineg Donnéeën erhiewen. De Pro blem war, si waren esou wäit gaangen an der Date schutzkonformitéit, datt se déi wierklech relevant Donnéeën net wollten erhiewen, nämlech: Wou sëtzt een a wéini war een am Restaurant? Ouni déi Donnéeë konnt een awer natierlech keen Tracing maachen.

An ech hu mer och ëmmer d’Fro gestallt, wann een nëmme mat enger Persoun, déi net am Haushalt wunnt, däerf op eng Terrass goen an den Tracing nëmmen 48 Stonnen zréckgeet, wéi een da kéint an deenen 48 Stonne vergiessen, mat wiem een alles op enger Terrass war. Dat heescht, et huet een der Tracingekipp warscheinlech um Telefon scho ge sot, mat wiem een do souz, ier een iwwerhaapt dee Regëster do weiderginn huet.

Soit, et ass gutt, datt dëse Regëster gestrach gouf.

Et ass gutt, datt en erausgeholl gouf, well spéitstens mam Avis vun der CNPD war kloer, datt de Regëster och net exploitabel gewiescht wär, well déi Don néeën, déi erhuewe sollte ginn, wäre guer net méig lech gewiescht ze benotzen, well d’Transmissioun un d’Santé just bei engem Contact à haut risque hätt dierfe gemaach ginn. A mir wëssen alleguerten, déi eenzeg, déi e Contact à haut risque duerstellen esou laang kenne mer d’Gesetz elo mëttlerweil , dat sinn déi Leit, mat deenen ee 15 Minutten ouni Mask en direkte Kontakt mat manner wéi zwee Meter Distanz hat. An dat ass einfach nëmme fir deen de Fall, dee visàvis vun engem um Dësch souz.

Bref, et ass gestrach ginn an et huet gewisen, datt d’Kommissiounsaarbecht fonctionéiert, datt eenzel Deputéiert … An ech soen do, jo, ech war do een dovunner, mee et waren awer och eng ganz Rëtsch aner Kolleeginnen a Kolleegen dobäi, déi dat hei kri tesch gesinn, souwuel vun der Oppositioun wéi vun der Majoritéit.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP). Dat ass dat, wat ech ëmmer soen!

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer haut dovu schwätzen, d’Terrassen nees opzemaachen, an dovun, wat fir Konsequenzen dat och fir de men talen Aspekt huet, däerfe mer awer och net déi Leit vergiessen, fir déi dës Ouverture guer näischt ännert: déi Leit, déi sech et guer net leeschte kënnen, sech op eng Terrass ze sëtzen.

Fir vill Leit besteet d’Liewen nämlech net eréischt säit dem Covid just doran, ze schaffen an doheem ze sinn. Fir vill Leit war et och virun de gesetzleche Restriktiounen net méiglech, an de Restaurant, an de Kino oder op e Concert ze goen. Net well e Ge setz hinnen et verbueden hat, mee well de Konto stand hinnen et verbueden huet. D’Suen hu gefeelt.

Ech hoffen, datt eis dës Kris méi sensibel fir Leit an dëse Situatioune gemaach huet. An ech hoffen, datt d’Regierungsmembere sech verhale wäerten, wéi si sech an dëser Kris gefillt hunn, wéi hiert Liewe sech ëmmer méi nach just ëm d’Aarbecht an déi eege véier Wänn gedréint huet a wéi se sech dunn drop gefreet hunn, nees e Glieschen an der Sonn drénken ze kënnen, wat mer jo dann elo gläich erëm kënnen.

Ech hoffen, datt sech dëst Gefill verhale gëtt, wann déi nächste Kéier doriwwer geschwat gëtt, datt de Mindestloun ëmmer nach ënnert der Aarmutsri sikogrenz läit an datt d’Steierreform fir Wittfraen, Wittmänner an Elengerzéiend ëmmer nach op sech waarde léisst.

Et gëtt vill Leit, déi wéinst hirer finanzieller Situa tioun an enger Aart konstantem Lockdown liewe mussen. A mir däerfen dat net vergiessen!

Genee wéi mer och déi Eelst a Vulnerabelst aus eiser Gesellschaft, déi heefeg an den Altersre sidencen net méi wierklech um gemeinschaftleche Liewen deelhuelen, net vergiessen däerfen. Déi lescht Wochen hunn eis op eng schrecklech Aart a Weis nees virun Ae geféiert, wéi vulnerabel den drëtten Alter en face vum Covid ass. Konkreet Fäll vun Haiser, an deene vill Mënschen hiert Liewen hu misse loossen, goufen ëffentlech beschwat an hoffentlech wäert eng wierklech onofhängeg En quête an dësen Dossieren zäitno nach méi Liicht an d’Donkelt bréngen!

Fir datt et an Zukunft awer net méi soll zu esou no dréiglechen Evaluatioune vu sanitäre Mesurë kom men, déi an engem Altersheem oder engem Logement encadré geholl goufen, hunn ech haut eng Proposition de loi deposéiert, déi virgesäit, datt d’Strukture fir eeler Leit mussen hir Protocoles sa nitaires vun der Direktioun vun der Santé validéiere loossen.

Bis elo gesäit d’Gesetz nämlech dës Flicht just fir d’Grandesurfacë vir, déi eigentlech op vill manner Hygiènesmoossnamen oppasse mussen. Dat soll duerch meng Proposition de loi geännert ginn, déi och virgesäit, datt all Haus muss e Konzept hunn, fir am Noutfall e Cohortage kënnen ze maachen, sief et am Haus oder vläicht an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an engem anere Gebai.

Déi lescht Wochen hu gewisen, wat fir schlëmm Konsequenzen et kann hunn, wann de Virus sech an der Population âgée ausbreede kann. An d’Politik kann hei net einfach weider hir Responsabilitéiten ignoréieren an op den Terrain ofdrécken.

Ech weess, datt all d’Haiser grouss Efforte gemaach hunn, fir hir Residenten ze schützen. An ech deposéi eren dës Proposition de loi och net, well ech mengen, datt d’Alters a Fleegeheemer ouni e Ge setz, wat hinne virschreift, e Protocole sanitaire ze hunn, keen hätten. Ech denken, datt déi allermeescht e Kriseplang gemaach hunn, och wa se net dozou obligéiert waren. Mee si ware mat dësem Plang bis elo aleng a si hunn duerfir d’Responsabilitéit och aleng gedroen. Dat ass eppes, wat zu villen Onsécherheeten an dann och zu Feeler féiere kann.

An dat hu mer gesinn.

Andeems een e Protocole sanitaire virgesäit, dee vun der Santé muss validéiert ginn, garantéiert een, datt am Viraus an Zesummenaarbecht tëscht de Gestion nairen an der Santé déi bescht Mesurë geplangt goufe fir den Noutfall. An et hëlt een esou e bëssen den Drock vum Kessel, ënnert deem d’Gestionnairen aleng dës Kris geréiere mussen.

Wann d’Familljeministesch sech weider aller Verant wortung entzitt, muss ee sech net wonneren, wann um Terrain Feeler geschéien. Wann d’Regierung net wëllt aktiv ginn, da muss d’Chamber dat maachen.

Ech hoffen, datt mer an de kommende Wochen an de Kommissiounen un dëser Proposition de loi kënne schaffen, datt mer se zu engem Konsens kënnen ausbauen, deen am nächste Covidgesetz Enn Abrëll kann agebaut ginn.

Mir mussen déi eeler Populatioun schützen, an dofir muss d’Regierung sech hei beweegen. Ech verstinn an dësem Kontext och net, wéi ech op meng parlamentaresch Fro d’Äntwert kréie konnt, datt Mataarbechter vun de privaten Ambulanzen net géife prioritär geimpft ginn. Wie féiert dann déi eeler Leit, wa se krank sinn, op hire Rendezvous bei den Dokter? De CGDIS déi, déi geimpft sinn, dat ass ganz positiv, dee kënnt just am Noutfall.

Esou wéi ronderëm d’Spidol e Cordon sanitaire gezu gouf, misst een och hei ee ronderëm eis eeler Populatioun maachen.

Här President, ech kommen esou lues zum Schluss, net ouni awer nach op déi Studie, déi haut schonn e puermol zitéiert gouf, anzegoen, nämlech déi, déi en Effekt vum Couvrefeu gesäit. Jo, et gëtt en Effekt. Déi 13 % wëll ech awer emol relativéieren, well déi 13 %, dat ass d’Moyenne vun allen Effekter, déi se observéiere konnten. Et geet éischter vu 5 % Effekt bis 20 %, mat hirem Duerchschnëtt vun 13 %.

Et muss ee sech also d’Fro stellen, wou dann éisch ter 5 % stattfannen a wou éischter 20 %.

Da kéint ee vläicht ganz laienhaft, ouni ganz gutt an der Statistik ze sinn, dovunner ausgoen, datt an deene Länner, wou ee méi strikten, méi laange Cou vrefeu gëllt, den Impakt och warscheinlech e bësse méi grouss ass. Et gi jo méi Prozent vu Beweegun gen am Dag limitéiert. Soudatt fir Lëtzebuerg mat engem awer, trotzdeem datt et eng liberticid Mesure ass, nach mat deem liberaalste Couvrefeu, deen, dee mir hunn ee sech d’Fro muss stellen, ob mir net éischter méi no bei 5 % wéi bei 20 % leien. A genau da muss ee sech awer d’Fro stellen, …

(Interruption par la présidence)

… ob 5 % Reduktioun vum RWäert, ob dat déi Aschränkunge wäert ass, déi mer hei gemaach hunn.

(Interruption par la présidence)

Här President, ech héieren d’Klack, ech weess, wat et bedeit. Ech kommen zum Schluss.

(Interruption)

Mir wäerten dat d’Mesuren ze verlängeren net kënne matstëmmen, dat hu mer hei schonn e puer mol argumentéiert. Mee mir freeën eis awer op de Vote séparé, fir kënnen déi Mesure, fir d’Terrassen opzemaachen, matzedroen. Ech soen Iech Merci.