Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19 7808 Proposition de loi relative à la stratégie de dépistage du virus Covid19 dans les structures pour personnes vulné rables et dans les réseaux d’aides et de soins

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19 7808 Proposition de loi relative à la stratégie de dépistage du virus Covid19 dans les structures pour personnes vulné rables et dans les réseaux d’aides et de soins

Dës Ried hunn ech den 12/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19 7808 Proposition de loi relative à la stratégie de dépistage du virus Covid19 dans les structures pour personnes vulné rables et dans les réseaux d’aides et de soins” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt eng Kéier ganz kuerz: Ech sinn elo bal forcéiert, zur Prozedur ze schwätzen. Ech mengen, et ass déi nte Kéier mir ginn elo schnurstracks op déi 20. Kéier hin, datt mer eng Mouture vun deem Text hei stëmmen an a ganz penibelen a séiere Konditioune beschaffen.

Mee ech mengen, datt mer alleguerten, a virun allem d’Personal vun der Chamber a vun de Frak tiounen, Heroesches geleescht hunn, fir dat ze erméiglechen, och d’Servicer vum Ministère.

Ech mengen, datt et Äntwerten op eis Froe gëtt, an déi Froen, déi d’Deputéiert stellen, dat ass justi fiéiert, datt mer déi stellen. An datt mer déi Änt werte kréien, dat geet op d’Aarbecht vun enger gan zer Hickecht vu Leit zréck, déi all Dag an Nuecht schaffen, fir datt mer eeben déi Äntwerte kënne kréien. Deenen also als Éischt emol e grousse Merci. Ech fannen et e bësse penibel, datt mer hei grad op déi Leit wëlle klappen, déi et an deene penibele Situatioune méiglech maachen.

Ech verweise vläicht och nach eng Kéier op meng Rieden an op eng ganz Rëtsch Riede vun der Oppo sitioun, mee och deelweis vun der Majoritéit vum Ufank vun dëser Pandemie, wou mer dorobber higewisen hunn a wou mer au fur et à mesure dann eeben och gesinn hunn, wat fir eng Aarbecht dohannert stécht.

Da kommen ech zum Contenu vu menger Ried: „Den Dag ass endlech komm!“, kann ee bal soen.

Ech hat déi lescht Méint iergendwou d’Hoffnung bal opginn, mee haut ass et endlech esou wäit: Déi grondrechtswiddreg Ausgangsspär gëtt endlech opgehuewen. An ech wëll et duerfir och direkt vir ewechhuelen: D’Piraten wäerten dëse Gesetzes projet duerfir haut och matstëmmen.

(Brouhaha)

De virleienden Text ass sécher net perfekt, an ech wäert gläich nach op déi méi konkreet Punkten agoen, déi ech gesinn. Mee kee vun dëse Pro blemer ass och nëmmen hallef esou dramatesch wéi de Fait, datt eis Regierung ouni wëssentschaft leche Grond méintelaang d’Beweegungsfräiheet vun de Biergerinnen a Bierger ageschränkt huet.

Duerfir huet et fir eis absolutt Prioritéit, mat dësem Text elo emol fir d’alleréischt d’Ausgangsspär opzehiewen a konkreet Entspanungen am Private matzestëmmen.

Mir hunn et an de vergaangene Méint nämlech ëm mer nees gesot: Mir wëllen an dëser sanitärer Kris konstruktiv matschaffen a sinn och fäeg, Kom promësser ze maachen ënner enger Bedingung: D’Ausgangsspär muss fort an et brauch Entspanun gen am Privaten. Dat ass hei geschitt. De Couvrefeu soll der Geschicht ugehéieren an d’Zéng ass déi nei Véier. An duerfir si mer elo och gär bereet, dëse Pro jet ze ënnerstëtzen. Mee dat soll awer natierlech net heeschen, datt mer net nach Verbesserungspoten zial gesinn.

Wéi scho gesot, dëse Projet kränkelt un e puer Plazen, a virbäi ass do natierlech déi Saach mat de Schnelltester fir d’Employéen aus den Alters a Flee geheemer. Ech ënnerstëtzen d’Grondiddi, déi Vulne rabelst an dëser Pandemie nach besser wëllen ze schützen, voll a ganz. An ech hat jo duerfir och selwer eng Proposition de loi, iwwert déi haut och schonn indirekt geschwat gouf, agereecht, déi virge sinn huet, datt d’Altersheemer missten e sanitäert Konzept ausschaffen an der Santé virleeën, genee esou, wéi dat vun de groussen Akaafszentren och gemaach gëtt.

Déi Propos soll jo deemnächst dann an dat neit Gesetz iwwert d’Alters a Fleegeheemer integréiert ginn, huet awer nach net ech hunn d’Hoffnung nach net opginn genuch Ënnerstëtzung fonnt, fir et an dëst Gesetz ze packen. Ech profitéieren haut awer dann nach eng Kéier, fir drop hinzeweisen, datt mer dat trotzdeem sollten zäitno maachen an net aux calendes grecques verschiben. Falls nämlech dat Gesetz nach eng länger Zäit bräicht, sollte mer eis vläicht awer d’Fro stellen, ob mer net missten d’Proposition de loi éischter op den Ordre du jour huelen. Mee ech waarden do mol of, wat de President vun der zoustänneger Kommissioun mer dann an nächster Zukunft eng Kéier seet, wéi laang dat Gesetz nach wäert brauchen.

Ech sinn nämlech iwwerzeegt, datt mer déi eeler Po pulatioun weider schütze mussen, eleng well gewosst ass, datt Persounen am héijen Alter och net méi esou gutt op Impfunge reagéiere wéi Jonker, well hir Réponse immunitaire net méi esou séier ass an duerfir deelweis manner Antikierper produzéiert ginn. Mee d’Protektioun vun de Residenten aus de Strukturen däerf awer kengesfalls mat enger Ver schlechterung vun hirer Versuergung anhiergoen.

An do mécht de virleiende Projet mer dann awer e puer Suergen. Wat geschitt dann, wann eng Flee gekraaft refuséiert, sech testen ze loossen? Dann däerf se net op hire Posten, dat ass kloer. Mee wat mécht de Chef dann? Wien iwwerhëlt dann déi Aar becht? A kann de Refus, en Test ze maachen, wann een net geimpft an och net nees gesond ass, zu enger Kënnegung oder Verwarnung féieren? Do gëtt einfach op de Code du travail verwisen, an ech den ken, datt et do zu verschiddenen Interpretatioune wäert kommen an datt een do awer nach eng gewëssen Onsécherheet huet.

Jo, an dat wëll ech ganz kloer soen: De Patron an och d’Salariéen hunn d’Obligatioun, fir hir eege Sécherheet a fir déi vun hire Mataarbechterinnen a Mataarbechter Suerg ze droen. An duerfir misst eigentlech jiddereen, deen an engem Beruff mat vulnerabele Leit schafft, sech fräiwëlleg teste loos sen, well jo eigentlech keen e Risiko fir seng Mat mënsche wëllt sinn. Mee Desinformatioun ass leider net ze ënnerschätzen, och hei op der Tribün net.

Et fäerte leider ëmmer nach ganz vill Leit, sech op de Virus testen ze loossen, well se Angscht hunn, se géife vun den Teststäbercher Kriibs kréien, se géife verletzt ginn oder se géifen als FalschPositiven dia gnostizéiert an dann isoléiert ginn. Esou Nouvellen, déi hir Ronne scho méintelaang op de sozialen Netz wierker maachen, hunn e méi groussen Impakt op de Leit hir Meenungen, wéi ech heiansdo gleewe wëll.

An ech wëll duerfir hei elo nach emol an enger klorer Däitlechkeet soen: Wannechgelift, loosst Iech testen!

D’Tester maachen Iech net krank, mee de Virus schonn. An dee mécht net nëmmen Iech krank, mee och déi aner. A wie gemengt huet, de Virus géif 5G bréngen, ass elo entweeder erliichtert oder frus tréiert jee nodeem , datt mer elo just en 3G+ kréien.

Ech mengen, datt hei deen eenzege Wee, deen ass, fir un de Leit hir Eegeverantwortung ze appeléieren, an hätt duerfir vun engem Gesetz mat verankerter Testflicht ofgesinn zugonschte vun enger méi oppe ner Léisung mat de Protocoles sanitaires. Mee ech wëll mech, wéi gesot, haut kompromëssbereet weisen a ginn der Regierung dës Kéier dee Ver trauensvirschoss, datt se, wéi ugekënnegt, déi Onsé cherheeten, déi um Terrain bestinn, nach aus dem Wee geraumt kritt. Falls dat net de Fall ass, dann hu mer den nächste Rendezvous hei an der Chamber, wou mer kënnen driwwer schwätzen, wéi mer déi behiewe kënnen. An ech mengen, dat ass, wéi eng parlamentaresch Demokratie fonctionéiere soll.

Mee, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Santés a Fleegepersonal aus de Strukture si jo net déi Eenzeg, déi sech an Zukunft solle méi ree gelméisseg teste loossen. Iwwert de Wee vum CovidCheck sollen elo alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger ugehale ginn, sech testen ze loossen, wa se dann nach net geimpft sinn oder de Virus net schonn haten, fir esou nees méi Fräiheete kënnen ze genéissen.

Wichteg: Mir si frou, datt op Basis vum CSMI sen gem Avis oder sengen Avisen elo Geneesener indi viduell kënne kucken, ob eng zweet Impfung fir si nach Sënn mécht oder ob et mat enger duergeet, an dann och de Certificat kréien.

Genau esou begréisse mer prinzipiell, d’Waar delëschten opzemaachen, och fir méi Jonker. Mir sollten awer do oppassen an der Recherche net vir gräifen. Bis elo ass et een Impfstoff, dee fräiginn ass fir ënner 18Järeger, anerer sinn nach an der Etüd.

An da wëll ech ganz kuerz dorobber äntweren, wat virdrun iwwer schwanger Frae gesot gouf. Wéi ver schiddener vläicht wëssen, erwaart meng Fra grad e Kand an ech kann Iech soen, si war frou, sech kënnen impfen ze loossen. Firwat war si frou? Ma ganz einfach, well bis elo keng schwanger Fra un der Impfung gestuerwen ass, et awer scho schwan ger Frae gouf, déi mat ganz schwéiere Komplika tiounen am Spidol louchen a virun allem och hei zu Lëtzebuerg leider eng schwanger Fra am zweeten Trimester un de Suitte vum Covid19 gestuerwen ass. Dat hänkt domadder zesummen, datt een e méi niddrege Longevolume huet an datt grad eng Longekrankheet dann e ganz, ganz schlechten Aus gang kann hunn. Duerfir loosst Iech keng Angscht maachen! Informéiert Iech! Huelt Ären eegene Choix! Mee virun allem, huelt „Äre“ Choix a loosst Iech näischt arieden!

An deem Kontext wëll ech awer nach eng Kéier drop zréckkommen, wat ech och an der Vergaangenheet gesot hunn: Mir dierfe keen opgrond vu sengem Gesondheetszoustand diskriminéieren. An do ass da meng Äntwert op de Claude Wiseler, dee jo virdru gemengt huet, mir wären inkohärent, wa mer haut de CovidCheck géifen ënnerstëtzen an op där anerer Säit d’leschte Kéier nach géint eng Zwouklasse gesellschaft geschwat hunn: De CovidCheck an duerfir si mer mat deem heite Gesetz averstanen , dee virgesinn ass, ass duerfir an eisen Ae gutt, well en eebe grad keng Zwouklassegesellschaft schaaft, well e geimpfte Persoune keng exklusiv Virdeeler op mécht, mee ganz am Contraire, et jidderengem iwwert de Wee vum Test erméiglecht, déi selwecht Fräiheeten ze hu wéi e Geimpften.

Dësen Ënnerscheed … Ech hunn d’leschte Kéier gesot, an Dir hutt mech richteg zitéiert, Här Wiseler, datt ech gesot hätt, mir sollte keng Zwouklasse gesellschaft kréien. An iwwregens hat ech Iech dat geäntwert op d’Propos vun der CSV, fir Impfpriori téiten ze maachen, géint déi mer gestëmmt hunn.

Ech wëll just drop hiweisen: Mir hunn do dergéint gestëmmt, well mer géint eng Zwouklassegesell schaft sinn. A mir si ganz frou, datt de CovidCheck keng Zwouklassegesellschaft aféiert.

M. Claude Wiseler (CSV). Et gouf dach guer keng Impfprioritéiten, wëll ech Iech just soen.

M. Sven Clement (Piraten). Duerfir ass et och esou wichteg, datt de System vum LST elo ëmge stallt gëtt, fir et jidderengem ze erlaben, e Rendez vous ze huelen, wann en dann ee brauch. Well dat ass konsequent. Wa mer soen, e Getesten huet déi nämmlecht Fräiheete wéi e Geimpften, da muss een Tester erméiglechen.

An zu den 48 Stonne bei de Schnelltester hunn ech hei op der Tribün scho méi wéi eng Kéier eppes gesot; ech fannen dat geféierlech. Ech verstinn, datt dat hei op europäeschen Drock hin zustane koum. Ech sinn awer nach ëmmer der Meenung, datt 48 Stonne fir e Schnelltest irresponsabel ass.

Wichteg ass awer, datt ee weider och an den LST geet, wann een invitéiert gëtt. Well och wa mer elo den LST opmaachen, fir selwer eng Invitatioun ze froen, ginn och nach ëmmer e puer Leit 1.000, mengen ech d’Woch invitéiert.

Mme Paulette Lenert, Ministre de la Santé. 3.000.

M. Sven Clement (Piraten). 3.000 d’Woch, seet d’Madamm Ministesch. 3.000 Leit d’Woch gi wei derhin invitéiert, an déi 3.000 Leit: Wannechgelift, gitt an den LST, well nëmmen esou kënne mer wierklech un engem Echantillonnage novollzéien, wéi d’Pandemie zu Lëtzebuerg weider evoluéiert.

Eppes ass op alle Fall kloer: Et däerf keng Fräiheete fir Eenzelner ginn, et däerf just Fräiheete fir jidderee ginn. An dat soll mam CovidCheck, esou wéi et hei am Gesetz steet, realiséiert ginn. Nëmmen dann, wa keen diskriminéiert gëtt, kann de CovidCheck zu engem wierklech gewënnbréngenden Outil an dëser Kris ginn. Technesch ass et en Outil, deen den Dateschutz respektéiert, och well meng Kolleegen am Europaparlament drop insistéiert hunn, datt en offline fonctionéiert, datt eebe just eng Signature iwwerpréift gëtt an net Donnéeën zwëschent Handyen a Serveren hin an hiergeschéckt ginn och dat ass eis wichteg.

An dann nach eng Kéier den Appell, deen de Mars Di Bartolomeo virdru gemaach huet. Passt op: D’Reegelen, wéini een als geimpft gëllt, sinn ënner schiddlech tëscht de Länner. Do hu mer leider keen Accord an der EU fonnt. Dat heescht, hei zu Lëtze buerg gëllt Der no der zweeter Sprëtz direkt als geimpft a kënnt am CovidCheck gréng sinn, am Ausland musst Der eventuell nach 14 Deeg waar den. Dat heescht, denkt dorunner, wann Der reese wëllt, datt Der dorobber oppasst!

Ech denken awer och, datt de CovidCheck nach iwwert den aktuell virgesinnen Asazberäich eraus kéint nëtzlech si fir d’Zukunft. Ech kéint mer zum Beispill virstellen, datt de CovidCheck fir d’Rentrée am Hierscht an de Schoulen eng Alternativ zu der Maskeflicht kéint sinn, zemools am Fondamental, wou d’Klassen net all Stonn en neie Proff hunn a wou et keng Wanderklasse gëtt.

Schnelltester sinn an de Schoule schonns am bree den Asaz an ech mengen, datt een aus den éisch ten Erfarungen, déi een iwwert déi nächst Méint mécht, och sollt Konklusioune fir d’Schoul mam CovidCheck zéien. Den Avis vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher huet et jo och nach eemol betount: Mir kënnen d’Maskeflicht an der Schoul net een Dag méi laang akzeptéieren, wéi se aus enger sanitärer Perspektiv gerechtfertegt ass. Mee esou laang musse mer se awer akzeptéieren.

Sollt sech also erausstellen, datt de CovidCheck gutt fonctionéiert an ech hoffen dat , sollt een op alle Fall envisagéieren, och de Schoulklassen ze erlaben, un deenen Deeg, wou d’Klasse sech ganz getest hunn, de Mask wärend dem Cours ausze doen. Mee dat ass alles nach Zukunftsmusek, léif Kolleeginnen a Kolleegen, a wierklech soen, wat am Hierscht wäert sinn, ka leider keen.

Mir freeën eis zwar aktuell iwwert déi gutt Zuelen souwuel den Infektiounstaux wéi och de Fortschrëtt vun der Impfcampagne , mee mir wëssen net, wat geschéie wäert, wann d’Temperaturen nees falen.

Mir hunn d’lescht Joer schonns gesinn, datt déi waarm Temperaturen eis an d’Kaarte spille bei der Bekämpfung vum Virus, net well de Virus manner zirkuléiert, mee ganz einfach, well mir méi dobausse sinn. An dëst Joer hu mer en en plus nach duerch d’Impfunge weider kënnen zréckdreiwen.

Mee och hei: D’Virusvariante bleiwen eng Inconnue, déi een net ënnerschätzen däerf. Duerfir musse mer weiderhi virsiichteg bleiwen. An duerfir ass et och gerechtfertegt, trotz ganz ville Lackerungen nach eng Rei Aschränkunge bäizebehalen.

Ech maachen dann och hei nach eng Kéier e ganz kloren Appell: Haalt Iech och doheem un den 3G!

Schützt Iech an Är Nächste selwer! Maacht dat fräiwëlleg! Dir braucht kee Staat, deen Iech seet: „Schützt Iech!“ Wann et reent, dot Der jo och e Ree mantel un. Wann et reent, huelt Der och e Prabbeli.

Ma wann e Virus zirkuléiert, schützt Iech an Är Nächste fräiwëlleg a selwer!

Trotzdeem, dat gesot, hätte mer eis gewënscht, datt och am private Raum nach e wéineg méi Méiglechkeete fir grouss Familljefester geschaf gi wären. D’Méiglechkeet, no dëse schwéiere Méint am Krees vu senge Léifsten ze feieren, sollt eeben net um Portmonni hänken. Ech géif mech duerfir freeën, wa mer eis als Chamber zesumme mat der Regierung kéinten zum Zil setzen, an de kommende Wochen eng Méiglechkeet auszeschaffen, wéi och privat Feieren am private Krees ënnert dem Covid CheckRegimm kéinte méiglech ginn. Zum Beispill kéint ee jo iwwert d’Gemenge fueren, bei deene gréisser Feiere kéinten ugemellt ginn a wou den Organisateur vum Fest responsabel wär, ze kontrol léieren, ob dann d’CovidCheckReegelen agehale ginn, wou och Kontrolle kéinte gemaach ginn.

Mee dat ass nëmmen en éischte Gedanken. An ech géif mech, wéi gesot, freeën, wa mer hei gemein sam kéinte Léisunge schafen, fir dëse Summer net nëmmen deene mam décke Portmonni méi Fräihee ten ze bidden, mee alleguerten den Awunnerinnen a Awunner vun dësem Land. Ech sot et schonns méi heefeg op dëser Plaz, mee et ass esou wichteg, datt ech mech ëmmer nees widderhuelen: E Liewen an Aarmut ass net eréischt säit Covid19 mat Aschränkungen an Entbeerunge verbonnen. Vill Leit waren och schonns virun der Pandemie méinten oder jorelaang net méi an engem Restaurant. Mir däerfe si net vergiessen! Grad am Ufank vun der Pandemie, wou et vill Restriktioune gouf, war dës Kris gepräägt vun enger enormer Solidaritéit. Ech géif mer wënschen, datt dat och elo nach esou wär, wou d’Restriktiounen nees Schrëtt fir Schrëtt opge huewe solle ginn. Solidaritéit fir déi Äermsten a Schwächsten aus eiser Gesellschaft ass kee Gim mick, mee eng Basis vun eisem Zesummeliewen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass eng Zäitchen hier, datt d’Piraten hei am héijen Haus e Covidgesetz matgestëmmt hunn. Mee duerfir freet et mech elo ëmsou méi, haut den Accord vun de Piraten zu dësem Text kënnen ze ginn, net ouni e grousse Merci ze soen un de Rapporter fir säin exzellente mëndlechen a schrëftleche Rapport, deen nach eng ganz Rëtsch Onkloerheeten op der leschter Ligne droite behuewen huet. Ech hoffen, datt dësen Text de Biergerinnen a Bierger hëllefe wäert, nees e Stéck zur Normalitéit zréckzekom men, an datt et eis och fir déi kommend Adapta tioune gelénge wäert, gemeinsam u Léisungen an der Kommissioun ze schaffen.

An deem Sënn soen ech Iech villmools Merci fir d’Nolauschteren. Merci.