Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19

Dës Ried hunn ech den 19/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Madamm Presiden tin, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass alt erëm e Mount vergaangen. An dat bedeit, et ass erëm Zäit, fir en neit Covidgesetz ze stëmmen déi wéivillte Kéier, dat hu mer jo schonn ugeschwat. Et ass ier gendwéi komesch: Ee Joer ass ëmgaang, an nach ëmmer ass et dat nämmlecht Theema, wat eis hei wierklech dominéiert. Fir et kuerz ze resuméieren: Dëst Gesetz ännert elo net wierklech vill un deem, wat am Moment erlaabt ass a wat net erlaabt ass.

Den Horeca bleift zou. Et dierfen nach ëmmer maxi mal zwou friem Persounen aus engem Stot aus engem Stot, ganz wichteg! , bei en aneren heem. An duerch den Avis vum Staatsrot, dierf den Educa tiounsminister seng Entscheedungen nach ëmmer all ouni Averständnis vun der Chamber treffen. Och wann den Educatiounsminister elo endlech no méintelaangem Zauderen agesinn huet, datt ee sech an der Schoul dach awer vläicht ustieche kann, esou trëfft en d’Decisiounen, wat an de Schoule gemaach gëtt, awer nach ëmmer eleng.

An deem Kontext wäre mir Piraten frou, wann d’Re gierung eis endlech och géif e Konzept virleeën, deen d’Covidmesurë fir d’Schoulen an engem Stufe plang festhält. Mir kruten zwar elo erkläert, wat fir verschidde Stufen et gëtt, mee wéini se dann de clenchéiert ginn, esou datt ee sech wierklech drop preparéiere kann, dat ass nach ëmmer „le grand mystère“.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Mir sinn also der Meenung, datt et generell an och dat hunn ech hei schonn e puermol gesot e Stufe plang bräicht, wou mer gesinn, wéi dann déi ver schidde Mesurë wéini geholl géife ginn. Nëmme well de Staatsrot festgehalen huet, datt den Artikel zu den Noutfallstrukture fir Kanner net der Gewalten trennung entsprécht, esou heescht dat net, datt et der Regierung verbueden ass, d’Chamber iwwer Me suren an der Schoul decidéieren ze loossen.

Et ass net ze verstoen, datt d’Schoul vun de Regie rungsmemberen nach ëmmer wéi eng Welt à part behandelt gëtt, an där ee keng Gesetzer brauch, mee wou Circulairen duerginn. Ech schloen do e bëssen an déi nämmlecht Kerb an, wéi de Kolleeg Marc Baum virdrun, dee sech, mengen ech, genau déi nämmlecht Saach, nämlech eng gesetzlech Ba sis fir d’Aarbechtswelt gewënscht hätt. Ma et ass net nëmmen d’Aarbechtswelt, et ass d’Schoul, et ass bis viru Kuerzem de Sport gewiescht, wou mer elo eng gesetzlech Basis kréien.

Et sinn eng ganz Rëtsch vun Domänen, wou Leit ze summekommen, wou bis elo op de gudde Wëlle vun de jeeweilegen Acteure gezielt gëtt, ouni datt mer wierklech eng kloer gesetzlech Basis hunn. An et geet a verschiddenen Domänen ëm déifgräifend Agrëffer an individuell Rechter, an dat sollt een dis kutéieren an dat muss een diskutéieren! A virun allem brauche mer eng kloer gesetzlech Basis, déi dat dann och encadréiert. Et ass also esou, datt mir froen, datt d’Covidmesurë fir d’Schoulen esou séier wéi méiglech an engem eegene Gesetzesprojet der Chamber virgeluecht ginn.

Loosst eis dann awer emol och zu deene Saache kommen, déi sech mat dësem Februarscovidgesetz ännere wäerten, well endlech endlech! ass an dësem Gesetz um Dateschutz geschafft ginn. An ech als Pirat muss och soen, datt ech ganz erfreet sinn iwwert dës nei Dispositiounen a puncto Date schutz, well deen heiten Text wierklech vill besser ass wéi dee virdrun.

Et gouf virdru festgehalen: D’Donnéeë vun de Leit, déi sech impfe loossen, ginn 20 Joer gehalen. Elo hu mer eng vill besser Opschlësselung, wéi eng Donnéeë wéi laang gehale ginn. An Zukunft mussen zum Beispill d’Donnéeë vu vulnerabele Persounen, déi vun hirem Dokter un d’Santé iwwermëttelt gou fen, no dräi Wochen anonymiséiert ginn. An et mus se beispillsweis och d’Nimm, d’Adressen an d’Tele fonsnummeren oder d’EMailAdresse vun de Leit, déi sech impfe gelooss hunn, schonn no zwee Joer anonymiséiert ginn, an net eréischt no 20 Joer. An all d’Daten, déi vu Leit gesammelt goufen, déi sech dann an dem leschte Moment awer decidéieren, fir net geimpft ze ginn wat ech bedauere géif als Choix , musse spéitstens dräi Méint duerno anony miséiert ginn. All dës Schrëtt begréisse mir Piraten ausdrécklech. Mir hoffen duerfir, datt mer an der Kommissioun och bei spéideren Dossieren dëst wichtegt Theema net aus den Ae verléieren.

Wat de Punkt Transparenz ugeet, begréisse mer, datt d’Santé dës Woch an hirem Wocherapport end lech eng Tabell mat all de virgesinne Liwwerunge bis Enn Mäerz publizéiert huet, soudatt sech déi passend Question parlementaire dozou eriwwregt, well endlech emol eng Kéier proaktiv kommuni zéiert gouf. Dat ass hoffentlech elo och an Zukunft de Fall, wa weider Vaccinen autoriséiert ginn.

An deem Kontext wéilt ech d’Ministesch froen, ob et net vläicht och méiglech wär, datt och den ak tuelle Stock mat am Rapport publizéiert gëtt, fir datt d’Leit net nëmme wëssen, wéini mer wat kréien, mee och, wéi vill Vaccin am Moment nach verimpft ka ginn. Et kann een et zwar errechnen, mee ech mengen, datt dat bei enger ganzer Rëtsch Leit dach op Interessi géif stoussen.

Am Kader vun der Transparenz muss ech dann awer och soen, datt mer an der Lescht ëmmer méi vu Gemengeverantwortlechen héieren, déi sech un d’Press adresséieren, well se hiren Hänn kee Rot méi wëssen, wéi dann d’Infektiounsgescheeën an hire Gemengen ass. Ech verstinn, datt déi Don néeën net op der Place publique grouss diskutéiert solle ginn. Ech verstinn, datt déi Kaart mat de Kan toner fir d’Ëffentlechkeet eng gutt Basis ass. Ech sinn awer och der Meenung, datt ee Buerger meeschteren a Schäfferéit muss kënnen zoutrauen, iwwert d’Infektiounsgescheeën an hire Gemenge méi detailléiert informéiert ze ginn, fir eeben och kënnen ze reagéieren. A grad elo, wou et ëm d’Schoule geet an ëm d’Schoulplanung, mengen ech, ass dat néideg. Duerfir hunn ech eng Motioun matbruecht, déi genau dat freet, datt eeben d’Schäfferéit eemol d’Woch e Rapport kréien, wéi et an hire Gemengen ausgesäit, deen natierlech net fir d’Ëffentlechkeet bestëmmt ass.

Här President.

M. Fernand Etgen, Président. Merci, Här Clement.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, leider existéieren awer och Punkten an dësem Gesetz, mat deene mir nach ëmmer net kënnen averstane sinn. Dozou gehéiert de Stufeplang, géint deem seng Aféierung d’Regierung sech awer nach ëmmer wiert.

Mir Piraten halen awer un eiser Fuerderung fest, datt d’Regierung eis an der ganzer Bevëlkerung esou e Plang sollt virleeën virleeën, no wéi enge Krittäre wéi eng Entscheedunge wéini getraff ginn. Well mir zweifelen dorunner, datt esou wichteg De cisioune sollen nom Bauchgefill getraff ginn. D’Re gierung weess ganz genau, ab wéi enger Zuel vu beluechte Better an de Klinicken a positive PCR Tester muss gehandelt ginn.

An Däitschland gouf d’Inzidenzzuel elo vu 50 erof op 35 gesat. Ob dat gutt ass oder schlecht, wëll ech hei haut net kommentéieren. Mee et weist, datt ee kloer Krittäre fir d’Populatioun ka festhalen, un deene sech d’Bierger kënnen orientéieren, ouni datt dës Krittären awer a Stee gemeesselt musse sinn an ni dierften ugepasst ginn. D’Situatioun huet sech verännert, also huet d’Kanzlerin mat de Lännerchef fen en neie Wäert festgeluecht. Also d’Argument, fir weiderhin ze soen, datt Situatioun ze komplex ass an datt ee sech net op eng oder méi Zuele festleeë kann, ass domat a mengen Aen elo wierklech wid derluecht.

D’Regierung muss ophalen domadder, just déi Infor matioun erauszeginn, déi se wëllt erausginn. Mir sinn net méi am État de crise, wou eenzeg an eleng d’Regierung d’ëffentlech Meenung virginn huet. An engem Rechtsstaat, wou d’Meenungsfräiheet an d’Pressefräiheet am Grondgesetz verankert sinn, muss d’Regierung de Pluralismus u Meenungen am ëffentlechen Debat schützen an net ënnergruewen. D’ALJP (ndlr: Association luxembourgeoise des journalistes professionnels) an de Kolleeg Marc Baum huet virdru schonn driwwer geschwat huet d’lescht Woch e kloeren Appell un d’Regierung ge maach, wat d’Verëffentlechung vun de Presse konferenze betrëfft, an deene krittesch Froe vun de Reporter einfach ganz ausgeblent ginn. An och no dëse Kriticken ass d’Pressekonferenz vum Mëttel standsminister awer erëm ouni d’Froe vun de Jour naliste publizéiert ginn. Déi Pressekonferenzen däerfen net zur Selbstinzeenéierung mëssbraucht ginn! Dat heiten ass kee Marketing an et ass och kee Walkampf. D’Leit brauchen ongefiltert kritesch Informatioun. D’Froe vun de Journalisten an d’Froe vun de Bierger si grad esou wichteg wéi d’Riede vir dru vun de Ministeren.

Ech bieden duerfir ausdrécklech drëms, do schleu negst erëm dee ganze Video um offizielle Kanal ze publizéieren an net nëmmen déi gekierzte Versioun mat de Riede vun de Ministeren. A fir dat ze ënner maueren, an ech hoffen och op breede Support am Sënn vun der Pressefräiheet, hunn ech och eng wei der Motioun matbruecht, déi genau dat fuerdert.

Här President.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, eng Dispositioun mussen a wäerte mir Piraten an dësem Covidsgesetz wei derhi kritiséieren an dat ass d’Ausgangsspär. Wéi jiddereen heibanne bestëmmt weess, huet en hol lännescht Verwaltungsgeriicht d’Ausgangsspär en Dënschden kuerzzäiteg ausgesat. Jo, d’Geriicht huet dat an Holland gemaach, well do d’Parlament net consultéiert gouf. Ech fannen dat nach méi grav, datt een de Courage do hat, als Regierung ze soen: „Ma bei esou enger grondrechtsaschneiden der Fro consultéiere mer d’Chamber net.“ Do muss ech eis Regierung luewen, datt se dat glécklecher weis net probéiert. Nichtsdestotrotz huet d’Geriicht awer a sengem Urteel geschriwwen, datt et net pro portionell zu der Situatioun an Holland wär an datt dësen Agrëff an d’Fräiheete vun de Bierger duerfir net dierft sinn. Dat ass déi zweet Instanz, musst Der …

(Interruption par M. Guy Arendt)

Jo, Här Arendt, déi zweet Instanz huet d’Ausgangs spär no engem Appell vun der hollännescher Re gierung erëm a Kraaft gesat, mee d’Fro bleift: Wat bréngt eng Ausgangsspär, wann den Horeca an och soss alles an der Nuecht zou ass an et Kontaktbe schränkunge gëtt, wou d’Leit net zu méi wéi zwee Leit bei engem däerfe sinn? An eisen Aen ass déi Ausgangsspär eng reng Policemesure, déi just duerfir déngt, ze kontrolléieren, ob d’Leit sech un aner Dispositiounen halen, mee déi, fir sech geholl, keen eenzegen Impakt op d’Infektiounsgescheeëen huet!

D’Regierung konnt eis an der Santéskommissioun nach ëmmer keng wëssenschaftlech Donnéeë vir leeën, déi beweisen, datt d’Ausgangsspär eleng ier gendeen Effekt op d’Covidzuelen hätt. An awer ginn d’Fräiheete vun de Bierger weider ageschränkt.

Wat fir Risiken dat zum Beispill a puncto haislecher Gewalt huet, esou hunn d’Kolleege vun déi Lénk dëst hei scho méi wéi eemol ugeschwat. Mir fan nen, esou laang net bewisen ass, datt déi Aus gangsspär en dreiwende Facteur ass, fir d’Infek tiounsgescheeë kleng ze halen, an domadder zu en ger Verbesserung vun de Covidzuele bäidréit, muss domadder opgehale ginn, liberticid Moossnamen als neien Alldag ze etabléieren. Dat ass okay, wann et ganz grav ass. Dat ass à la limite okay, wann ee séier reagéiere muss. Mee et ass op kee Fall okay, wa mer dat dote quasi als nei Alldagsmoossnam wouerhuelen.

An duerfir wäerte mir trotz all deene wierklech gudde Verbesserungen am Text, dësen Text net kënne matstëmmen, well mir kënnen esou eng Aus gangsspär och weiderhin net droen. Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och de Virriedner, déi sech d’Méi gemaach hunn, d’Motioun ze liesen, an erausfonnt hunn, datt dat heiten zu engem groussen Deel tatsächlech aus dem Koalitiounsaccord staamt.

Ech hu se awer net geschriwwen, well ech der Mee nung sinn, datt de Koalitiounsaccord esou gutt ass, oder well ech d’Regierung wéilt desavouéieren. Ganz am Contraire, ech hu se geschriwwen, well d’Journaliste sech doriwwer opreegen, datt dat net gemaach gëtt! Elo hei ze maachen, wéi wann et su perfetatoire wär, fannen ech e bësse speziell. Well ech war nach gëschter Owend fir d’lescht op deen offizielle YouTubeKanal vun der Regierung kucken, wou déi Pressekonferenzen nëmmen a geschnidde ner Fassung disponibel sinn. D’Journaliste kréien, certes, e Link geschéckt, …

Une voix. A!

M. Sven Clement (Piraten). … wou se se kënne kucke goen, …

La même voix. Maja!

M. Sven Clement (Piraten). … mee dat heescht net, datt d’Regierung se verëffentlecht!

Wann ech den Här Baum elo grad richteg verstanen hunn, huet den Här Baum hei d’Journalisten invi téiert an ech wëll dat just nach eng Kéier, for the record, ganz kloer soen , deen net gelistete Link wou d’Regierung oder de SIP sech explizitt ent scheet huet, dee Link just engem beschränkte Per sounekrees zougänglech ze maachen ze huelen, de Video erofzelueden potenzielle „copyright in fringement“! , an en dann erëm eropzeluede fir ze publizéieren.

Wann hei de Vertrieder vun der Majoritéit Journalis ten dozou opfuerdert, „copyright infringement“ ze begoen, da weist dat, wéi sënnfräi verschidde Copy rightgesetzer sinn! Mee virun allem weist et, wéi wéineg verschidde Leit verstinn, wéi Copyright fonctionéiert. De Problem ass: Dee Video gëtt vun der Regierung produzéiert. Dee Video huet also en Droit d’auteur vun der Regierung, gëtt vun der Re gierung op hire YouTubeKanal eropgelueden. Dat heescht: Et däerf net egal wien dee Video einfach eroflueden. Wat den Här Baum richteg gesot huet, ass: Et ka jiddwereen en ophuelen. Dat stëmmt! Mee diffuséieren ass eppes aneres.

(Interruption)

Dofir géif ech d’Regierung invitéieren, dës Videoen einfach tel quel anstatt als „unlisted“ op YouTube ze setzen, se als „listed“ dropzesetzen. Et géif iwwregens d’Aarbecht erspueren, fir se mussen ze schneiden. An et sinn zwee Klicke pro Video ech mengen, datt dat maachbar ass. Et ass sécherlech méi einfach, wéi Spenderen am Bus oder am Tram opzeriichten.

(Brouhaha)