Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 18 avril 2001 sur les droits d’auteur, les droits voisins et les bases de données en vue de la transposition de la directive (UE) 2017/1564 du Parlement européen et du Conseil du 13 septembre 2017 sur certaines utilisations autorisées de certaines œuvres et d’autres objets protégés par le droit d’auteur et les droits voisins en faveur des aveugles, des déficients visuels et des personnes ayant d’autres difficultés de lecture des textes imprimés et modifiant la directive 2001/29/CE sur l’harmonisation de certains aspects du droit d’auteur et des droits voisins dans la société de l’information

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 18 avril 2001 sur les droits d’auteur, les droits voisins et les bases de données en vue de la transposition de la directive (UE) 2017/1564 du Parlement européen et du Conseil du 13 septembre 2017 sur certaines utilisations autorisées de certaines œuvres et d’autres objets protégés par le droit d’auteur et les droits voisins en faveur des aveugles, des déficients visuels et des personnes ayant d’autres difficultés de lecture des textes imprimés et modifiant la directive 2001/29/CE sur l’harmonisation de certains aspects du droit d’auteur et des droits voisins dans la société de l’information

Dës Ried hunn ech den 02/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 18 avril 2001 sur les droits d’auteur, les droits voisins et les bases de données en vue de la transposition de la directive (UE) 2017/1564 du Parlement européen et du Conseil du 13 septembre 2017 sur certaines utilisations autorisées de certaines œuvres et d’autres objets protégés par le droit d’auteur et les droits voisins en faveur des aveugles, des déficients visuels et des personnes ayant d’autres difficultés de lecture des textes imprimés et modifiant la directive 2001/29/CE sur l’harmonisation de certains aspects du droit d’auteur et des droits voisins dans la société de l’information” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse Merci un de Claude Haa gen, deen hei eng awer e bëssen technesch Matière dach ganz verständlech och a sengem Rapport resuméiert huet.

Laut der UNKonventioun, déi d’Gläichstellung vu Persoune mat engem Handicap promouvéi ert, huet all Mënsch e Recht op Bildung, Infor matioun, d’Recht, um alldeegleche kulturellen, ekonomeschen a soziale Liewen deelzehuelen. Et ass also net eng Limitt, et geet drëm, wier k lech hei Grondrechter vu Persoune mat visuel len Handicappen ze garantéieren.

De MarrakeschTraité, dee mer mat dësem Ge setzesprojet haut transposéieren, dréit dozou bäi, datt dës Persounen en Accès op geschriw wen a gedréckte Wierker kréien. Dëst geschitt duerch déi a si goufe scho genannt autoriséi ert Entreprisen, déi existent Wierker, sief et Tex ter oder Partitiounen, an engem accessibele For mat, zum Beispill der Blanneschrëft, reprodu zéieren an an ech mengen, dat ass dat Wich tegst bei dësem europäeschen Text se och grenziwwerschreidend diffuséieren, ouni dobäi d’Droitd’auteuren, wéi se festgeschriwwe sinn, ze verletzen.

Fir d’Accessibilitéit vun de Wierker sécherzestel len, mussen dës Exemplairen un d’Persoune mat engem Defizit ugepasst ginn. Dobäi muss d’Integritéit vum Wierk awer respektéiert ginn. Et kann also net sinn, datt op eemol Wierder ersat ginn oder d’kulturellt Wierk verännert gëtt. Dës Changementer sinn also reng techne scher Natur a limitéieren awer iergendwou d’Auteursrechter, déi jo gesot hunn: „Ech wëll et an där oder där Form publizéieren.“

Um internationale Plang setzt sech d’Welthan delsorganisatioun fir d’Rechter a puncto Schutz vum geeschtegen Eegentum an. Dëst gehéiert nieft dem Wueren an Déngschtleeschtungs handel zu den Haaptaufgabe vun der Welthan delsorganisatioun. An et wäert Iech net wonne ren, datt ech als Pirat do heiansdo meng Be denken hunn. Ech mengen, datt zum Beispill den TRIPSAccord ze wäit geet, eis heiansdo ze vill limitéiert. An ech mengen, et gesäit een et och bei dësem Text, et hu verschidden Hürde misse geholl ginn, fir datt dësen Traité am TRIPSAccord nach konnt geholl ginn.

Et gëllt nämlech, den Zougang zu Kultur an In formatioun fir jiddereen ze vereinfachen, well d’Informatiounsfräiheet ass de Kär vun enger demokratescher Gesellschaft. An do dierfen in dividuell Rechter wéi d’Droitd’auteuren net vi run d’Interête vun der Allgemengheet, virun d’Grondrechter op Informatioun an op Zou gang zu Kultur gestallt ginn.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, autoriséiert En treprisë ginn duerch dëse Gesetzestext do duerch berechtegt, verschidde Wierker also an deem accessibele Format ausschliisslech un déi berechtegt Persounen ze verdeelen. Dës Entre prisë sollen dofir dann och Publicitéit maachen. Dat ass bis ewell déi eenzeg Méiglechkeet, déi d’Bierger hu fir ze wëssen, datt d’Entreprisen en gersäits berechtegt sinn, dës Wierker un de Be neficiaire weiderzeginn, an an dat ass vläicht méi wichteg datt se iwwerhaapt am Besëtz vun dëse Wierker a spezielle Formater sinn.

Et wier sënnvoll, en zentrale Regëster ze hunn, wou d’Informatiounen iwwer all berechtegt En treprisen an och d’Wierker, déi se dann op Stock hunn, opgelëscht ginn, fir de Biergerin nen a Bierger d’Méiglechkeet ze ginn, sech sel wer ze renseignéieren, an zwar op enger Plaz an net op enger ganzer Rëtsch vu Websäiten, esou wéi dat zum Beispill an der Schwäiz de Fall ass.

An deem Kader deposéieren ech dann och eng Motioun, déi genau d’Regierung invitéiert, fir esou en Zentralregëster opzestellen. Wannech gelift, Här President.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Den Echange op europäeschem an op internationalem Ni veau ass wichteg, fir dass d’Offer vun accessi bele Wierker fir Persoune mat visuellem Defizit garantéiert gëtt. Et harmoniséiert een esou um Bannemarché d’Notzung vu Wierker am spezi elle Format, ouni d’Autorisatioun vum Proprie tär vun den Auteursrechter ze hunn. Ech men gen, datt dat erëm e wichtegen Aspekt vun dë sem Projet ass, datt mer eebe grad Blankoge neemegunge ginn an eeben net allkéiers fir all Land, fir all Marché erëm musse mat engem Auteur oder mat den Ierwe vun engem Auteur verhandelen.

Här President, fir all Mënsch déi selwecht Rech ter op Informatioun ze ginn a fir e weltwäiten Echange am Interessi vu Persoune mat engem visuellen Defizit ze ënnerstëtzen, stëmmen d’Pi raten haut fir dëse Projet.

Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Och merci dem Här Minister fir seng Aschätzung. Et geet eis hei ëm d’Saach, et geet eis net drëm, datt mer hei coûte que coûte e Vott maachen. Deementspriechend wëll ech engersäits den Ännerungsvirschlag unhuelen, fir „Entreprise“ duerch „autoriséiert Entitéit“ net onbedéngt e méi einfachen Term ze er setzen an et da gläichzäiteg mat an d’Kommis sioun ze huelen. Ech hunn och scho mam Pre sident geschwat, fir dat an der Kommissioun dann och eng Kéier ze behandelen.

Ech soe Merci.