Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 24 juillet 2014 concernant l’aide financière de l’État pour études supérieures

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 24 juillet 2014 concernant l’aide financière de l’État pour études supérieures

Dës Ried hunn ech den 02/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 24 juillet 2014 concernant l’aide financière de l’État pour études supérieures” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat der Covid19Pandemie a mam Confinement hu vill Leit, inklusiv de Studenten, gelidden. Ob jonk oder al, alleguerte ware mer dervu betraff. An alleguerte musse mer elo kucken, fir mat de Konsequenzen dovunner eens ze ginn.

Am Gesetzesprojet vun haut geet et éischter ëm déi Jonk. An och dat ass wichteg, well d’Studentinnen an d’Studenten, dat ass d’Zu kunft vun eisem Land. A wa mer eis ëm eis Matière grise als eng vun eise Matièrepremièrë Gedanke maachen, dann ass dat zu Recht, datt mer deene Leit hëllefe wëllen.

Mir decidéieren also haut eng Ofännerung vun de CEDIESKonditiounen, fir esou de Studenten entgéintzekommen, déi, jo, wéi mer alleguer ten e bësse vun der Covid19Kris iwwerrascht goufen an touchéiert goufen.

Mir Piraten begréissen deen heite Projet, an datt d’Initiativ geholl gouf, fir d’Studenten a Studentinnen an hirem Effort, op de villen Universitéiten an Héichschoulen op der ganzer Welt weider ze studéieren, ze ënnerstëtzen. Et ass fir eis méi wéi evident, datt mer der Bildung musse Virrang ginn. Et ass eng Plaz, wou een net däerf spueren.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëse Gesetzes projet geet an déi richteg Richtung. Allerdéngs gëtt et, an de Kolleeg David Wagner huet et elo grad nach eng Kéier gesot, och Bemollen. Esou huet d’Chambre des Salariés an eisen Aen zu Recht kritiséiert, datt eebe grad net genuch gemaach gëtt fir déi Studentinnen a Studen ten, déi opgrond vun der Pandemie hire Stu dentenjob verluer hunn. Grad déi wäerten an deenen nächste Wochen a Méint besonnesch touchéiert ginn. Déi, wou et eeben trotz der dach substanzieller Hëllef vum Staat net ëmmer duergeet.

Et gëtt verschidde Grënn, firwat dat net duer geet. Engersäits well se op Unie sinn, wou d’Liewensënnerhalungskäschten immens héich sinn, anerersäits well se aus engem Stot kom men, wou wierklech all Cent gebraucht gëtt a wou déi puer Euro eeben net méi do sinn, fir d’Studentinnen oder d’Studenten ze ënnerstët zen. Deementspriechend wäert et fir déi ganz besonnesch haart ginn. Grad déi, an an Däit schland gëtt et deen Term „Arbeiterkinder“, déi, déi an enger éischter Generatioun op d’Uni ginn, déi, déi dee ganzen Houfert vun hirer Famill sinn, well se et packen, als Éischt aus der Famill op d’Uni ze goen, hunn et meeschtens finanziell méi schwéier. A grad do wär eis Hoffnung gewiescht, datt een nach eng Kéier e Gest méi kéint maachen, datt een deenen nach weider kéint entgéintkommen, well et ass schonn en Effort, als Éischten aus der Famill op d’Uni ze goen.

Et ass en zweeten Effort, wann een dann nieft der Workload, déi mam BolognaProzess age fouert gouf, déi iergendwou, jee nodeem wéi e Referenzkader een unhëlt, zwëschent 35 a 45 Schaffstonne fir d’Uni pro Woch läit, datt een dann och nach 10 oder 20 Stonne schaffe geet, fir sech säi Studium ze finanzéieren. Dat ass eng Belaaschtung, déi net nëmmen duebel ass, dat ass eng dräifach Belaaschtung. A genau do sollte mer nach nobesseren.

Dëst ass awer an deem heite Projet just e klenge Bemoll. Et ass awer e Bemoll, deen et derwäert ass, ugeschwat ze ginn. Trotzdeem, well de Projet ganz ville Schülerinnen a Schüler, Studentinnen a Studente wäert hëllefen, kann ech den Accord vun de Piraten fir dëse Projet ginn.