Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 24 juillet 2014 concernant l’aide financière de l’État pour études supérieures

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 24 juillet 2014 concernant l’aide financière de l’État pour études supérieures

Dës Ried hunn ech den 10/10/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 24 juillet 2014 concernant l’aide financière de l’État pour études supérieures” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären, vun der staatlecher Studiebäihëllef profitéieren erwu esse Persounen, déi nom Ofschloss vum Secon daire eng weiderféierend Ausbildung ustriewen an dat och maachen. Persounen, déi also meeschtens volljäereg sinn, déi also och net méi als Kanner gëllen an dem Gesetz no kon sequenterweis och kee Kannergeld méi kréien. Dass dës erwuesse Persounen drop ugewise sinn, bei enger Ufro op finanziell Ënner stëtzung, Informatiounen iwwer hir Elteren un zeginn, ass a mengen Aen net kompatibel mat der Onofhängegkeet, déi mer vun engem Student als erwuesse Persoun sollen erwaar den.

Datt dëse Projet de loi eng nei Dispositioun virgesäit, déi et auslännesche Persounen, déi fënnef Joer am Land an d’Schoul gaange sinn, erméiglecht, méi einfach kënne vun de Studie bäihëllefen ze profitéieren, dat begréisse mer, well dat ass déi eenzeg Mesure am ganze Pro jet, wou de Student als Adulte an de Mëttel punkt gesat gëtt an eben net op seng Liens de rattachement mat den Eltere reduzéiert gëtt.

Dee ganze Rescht vum Studiebäihëllefesystem entsprécht ëmmer nach der Iddi vun engem Transfert social, deen d’Situatioun vum Student ëmmer nach an d’Ofhängegkeet vu sengen El teren, jo, vun der Situatioun vu senger ganzer Famill stellt.

Et kann een e schlechte System mat ville Plooschtere lues a lues verbesseren, an dat ass d’Gefill, wat mer hei hunn. De Studiebäihëllef system ass all Kéiers no engem Arrêt erëm e bësse gepléischtert ginn, an der Hoffnung, datt dann elo déi neiste Versioun, déi mer hei stëm men, endlech net méi attaquabel wär.

Bref, besser wier et gewiescht, de System fun damental a Fro ze stellen an endlech ganz ze veränneren an de Student als dat ze gesinn, wat en ass, näämlech eng erwuesse Persoun. D’Piraten sinn dofir, den aktuellen a schonns vill verpléischterte System endlech opzeginn an duerch eng nei Form vu finanzieller Ënner stëtzung fir Studenten a Schüler aus dem Post secondaire ze ersetzen, déi de Student, an net seng Elteren, an de Mëttelpunkt stellt, wou mer also net méi vun Transfert social schwät zen.

Duerfir wäerte mir eis bei all weiderer Plooschter, wéi och bei dëser, enthalen.

Ech soen Iech villmools Merci.