Header for Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 30 mai 2005 relative aux dispositions spécifiques de protection de la personne à l’égard du traitement des données à caractère personnel dans le secteur des communications électroniques et portant modification des articles 882 et 884 du Code d’instruction criminelle

Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 30 mai 2005 relative aux dispositions spécifiques de protection de la personne à l’égard du traitement des données à caractère personnel dans le secteur des communications électroniques et portant modification des articles 882 et 884 du Code d’instruction criminelle

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 30 mai 2005 relative aux dispositions spécifiques de protection de la personne à l’égard du traitement des données à caractère personnel dans le secteur des communications électroniques et portant modification des articles 882 et 884 du Code d’instruction criminelle” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Zäit ass kuerz fir e Projet, dee genausou kuerz ass. U sech sinn et jo just zwee Paragrafen, mee an deenen zwee Para grafe stécht et wierklech dran.

Dëst Gesetz ass nämlech e gutt Beispill fir d’Oppor tunitéiten an d’Risiken, déi mat der Digitaliséierung anhierginn. Een Appell geet duer an deen, deen un der richteger Source sëtzt, weess direkt, wou am Land oder op der Welt een ass. Dat kann am Fall vun enger Urgence Liewe retten, mee dat kann, wann d’Informatiounen an déi falsch Hänn geroden, natierlech och zu engem gliesene Bierger féieren. Dofir ass et esou wichteg, datt mer mat perséin lechen Date verantwortungsbewosst ëmginn an hi ren Traitement u ganz bestëmmt Konditioune knäp pen an hir Archivéierung limitéieren.

Dat ass an dësem Gesetz de Fall. D’Date ginn no 24 Stonne geläscht a si ginn nëmmen erhuewen, wann en Appell beim 112 oder enger anerer Noutruffnummer ageet; Noutruffnummeren iwwregens, déi vum ILR gereegelt sinn. Dat heescht, et ass och net ier gendeng Blackbox, déi Lëscht ass relativ einfach ze fannen. Et ass net de KannerJugendtelefon. Et ass tatsächlech eng Noutruffnummer. Zu Lëtzebuerg wär dat nach den 113. Ënnert dëse Bedéngunge kann een deem Projet also zoustëmmen.

Ech wollt awer nach kuerz op zwou aner Saachen agoen an deem Projet. Dat eent ass dat mat „der Fënster opgoen“, wat de Marc Hansen hei an d’Spill bruecht huet. Ech hu mech do gefrot, wéi dat da soll goen, well et ass net den Handy, deen d’Kom munikatioun vun den Donnéeën oder vun der Lokali satioun mécht, mee et ass den Networkprovider. Et ass also de Reseau, deen dem Centre d’urgence seet, wou deen Handy ass. A firwat ass et de Re seau? Ma ganz einfach: Well dee souwisou sto ckéiert, wie wou ass, wann en urifft, well mer zu Lëtzebuerg nach ëmmer, trotz enger grénger Justiz ministesch, d’Vorratsdatenspeicherung hunn.

An esou lues fänken ech u rosen ze ginn, wa Grén ger sech hei an der Chamber opspillen, als wär et e Verstouss géint den Dateschutz, wa mer hei e Ge setz maachen, fir an Noutfallsituatioune kënnen eng Persoun, déi urifft, ze lokaliséieren, a gläichzäi teg domat averstane sinn, datt vu jiddwerengem vun eis heibannen, vun eis alle 60 stockéiert gëtt, mat wiem mer telefonéieren, wéini mer telefonéie ren, wéi laang, wiem mer SMSe schécken, an am léifsten och nach, wéi eng Schmotzsäite mer am In ternet kucken! Ganz éierlech: Entweeder mir scha fen déi Vorratsdatenspeicherung of, da kënne mer alleguerten erëm plausibel a kredibel iwwer méi Da teschutz schwätzen. Mee soulaang mer heibanne stinn an eis bei esou engem Projet iwwer Date schutz opreegen an awer anlasslos vun allen Han dyen hei a Lëtzebuerg Donnéeë späicheren, déi wäit iwwert dat heiten erausginn … Soyons sérieux! Dat geet awer e bësse wäit!

An da muss ech, mengen ech, weider näischt méi dozou soen. D’Vorratsdatenspeicherung gouf vum Europäesche Geriichtshaff elo e puermol gekippt. A wat ass hei zu Lëtzebuerg geschitt? Guer näischt! Dat Land, wou den Europäesche Geriichtshaff steet, dat ignoréiert einfach emol e puer Urteeler. Ëmmer hin, eng kleng Ouverture ass rezent komm vun der Justizministesch. Endlech huet se agesinn, datt eng europäesch Léisung awer vläicht nach e bësse géif op sech waarde loossen an dofir géife mer dann elo esou lues awer sécher emol iwwer eng lët zebuergesch Léisung nodenken.

Ma et geet einfach duer mat deene Grondrechts verstéiss! Kommt, mir schafen dat Gesetz of! Eis Stëmmen hutt Der derfir!

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci. Dann nach eng Kéier: Technesch kann ech ganz einfach soen: Nee, dat geet net. Do hätt een déi Fro jo och kënnen an der Kommissioun stellen, da wär se och sécher scho vun den Experten do beäntwert ginn.

An dann, Här Hansen, ech hätt och gären eng Fëns ter, déi allkéiers opgeet, wann ech telefonéieren, déi mech drop hiweist, datt dës Regierung nach ëmmer dorop besteet, datt dës Kommunikatioun, déi ech grad wëll maachen, iergendwou stockéiert gëtt. Déi Fënster gëtt et och net. Firwat net? Ma well et tech nesch onméiglech ass. Esou einfach ass et.