Header for Projet de loi portant modification de l’article L. 6312 du Code du travail

Projet de loi portant modification de l’article L. 6312 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 16/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de l’article L. 6312 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, jo, séier ass et gaangen. Dat ass de Minimum, deen ee soe kann.

Et gouf awer och eng gewëssen Urgence, fir dat heiten ze maachen, well et si jo awer eng ganz Rëtsch Salariéen elo schonn eng Zäitchen am Chô mage partiel an d’Méiglechkeet, da Weiderbildun gen ze maachen, ass, mengen ech, grad elo esou wichteg wéi nach ni.

Et ass also eng begréissenswäert Initiativ an ech kann Iech d’Spannung u sech schonn direkt hei am Ufank huelen: D’Piraten wäerten dëse Projet mat stëmmen, trotz engem klenge Bemoll, dee mer fan nen, dat ass, datt mer eis haut, wéi esou oft an der Lescht, op Salariéë beschränken a vläicht eebe grad och eenzel Independanten hei net kënnen … et sinn eebe keng Salariéen, dat verstinn ech. Net destotrotz misst ee sech d’Fro stellen, ob een net och en änleche Programm fir Independanten, déi am Moment net kënne schaffen, misst op d’Bee stellen.

Netdestotrotz ass dat heiten eng exzellent Initiativ, déi et erméiglecht, fir Leit, déi haut net wëssen, wéi et muer weidergeet, weiderzebilden. Mir wëssen, datt virun allem digital Kompetenzen an dëse Pan demiezäiten immens wichteg gi sinn, essentiel wichteg gi sinn. Fir vill Aarbechter an Employéë koum d’Ëmstellung einfach abrupt: Vun haut op muer hu se misse léieren, hir Aarbecht iwwert den Homeoffice ze leeschten an niewebäi nach de Kontakt mat dem Chef, den Aarbechtskolleegen, de Clienten a Fournisseuren ze halen fir déi, deenen hir digital Kompetenze bis dohinner nach net aus gebaut waren, eng schwiereg Aarbecht, déi awer zu engem zousätzleche Stress geféiert huet.

Eng Etüd an Däitschland vum Stifterverband a vu McKinsey huet dräi grouss Kategorië vu Wëssen analyséiert, déi an Zukunft fir d’Salariéë wichteg wäerte sinn. Dozou gehéiere Grondfäegkeete wéi Recherchen am Internet, déi klassesch Kompetenze wéi Kreativitéit an Eegeninitiativ, an awer och scho méi technologesch Fäegkeete wéi eng limitéiert Entwécklung a komplex Datenanalysen.

Jiddwereen, dee sech an der Covidkris mat Don néeë befaasst huet an ech mengen, dat sinn déi meescht vun eis heibannen , weess, wéi séier een do awer eng gewësse Komplexitéit a sengen Excelstabloen zesummekritt, wou een dann net méi mat enger Zomm, mee scho mat PivotTabellen an Änlechem geplot ass Vill Betriber wëssen awer och zum Deel haut nach net, wou hir Kompetenzen an Zukunft gebraucht ginn, wéi eng Kompetenze vläicht och gebraucht ginn, fir d’Betriber weider um Liewen ze halen a weider kënnen no vir ze bréngen. Duerfir ass et wichteg, datt de Staat hei eebe grad Formatiounen ënnerstëtzt.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heescht, déi betraffe Betriber an d’Personal séier doriwwer informéieren, fir datt se kënne vun de Weiderbildungen am Kader vum Fonds pour l’em ploi profitéieren. Do geet eng Annonce um Site vum Ministèren an de Beruffskummeren awer net duer.

Déi Informatiounscampagne muss méi grouss uge luecht sinn, well soss huet bis den 30. Juni kaum ee Betrib vun dëser Mesure profitéiert.

Mäin Appell un de Minister ass duerfir ganz kloer, dës Informatiounen esou séier et geet un de Mann an un d’Fra ze bréngen, fir datt déi betraffe Betriber prett si fir d’Zukunft no der Pandemie.

Ech wëll op dëser Plaz awer och zum Schluss en Appell un déi betraffe Betriber maachen. Profitéiert vun dëser Offer! Schreift Är Salariéen an d’Forma tiounen an, fir Iech a si op d’Zukunft virzebereeden!

Vun nach méi kompetente Mataarbechterinnen a Mataarbechter kann all Patron nëmme profitéieren.

Merci.