Header for Projet de loi portant modification de:1° la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier;2° la loi du 1er avril 2015 portant création d’un comité du risque systémique et modifiant la loi modifiée du 23 décembre 1998 relative au statut monétaire et à la Banque centrale du Luxembourg;en vue d’instaurer des mesures macroprudentielles portant sur les crédits immobiliers résidentiels

Projet de loi portant modification de:1° la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier;2° la loi du 1er avril 2015 portant création d’un comité du risque systémique et modifiant la loi modifiée du 23 décembre 1998 relative au statut monétaire et à la Banque centrale du Luxembourg;en vue d’instaurer des mesures macroprudentielles portant sur les crédits immobiliers résidentiels

Dës Ried hunn ech den 20/11/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification de:1° la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier;2° la loi du 1er avril 2015 portant création d’un comité du risque systémique et modifiant la loi modifiée du 23 décembre 1998 relative au statut monétaire et à la Banque centrale du Luxembourg;en vue d’instaurer des mesures macroprudentielles portant sur les crédits immobiliers résidentiels” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, eis ass al leguerte bewosst, datt d’Präisser um Wun nen gs maart säit Jore just klammen a klammen, ouni datt d’Politik deem bis elo wierklech ep pes entgéintzesetzen hat.

De Constat, dee mer elo héieren hunn, war re lativ unanime. E war souguer esou wäit gaange bei Verschiddenen, fir a Fro ze stellen, wéi héich d’Mënscherecht Wunnen nach unzege sinn ass.

Ma mir Piraten mengen, datt et e Mënsche recht ass, en Daach iwwert dem Kapp ze hunn, e Mënscherecht ass, sech kënnen en Daach iwwert dem Kapp ze leeschten. Ech mengen, duerfir sollte mer eis och bei dësem Projet ganz gutt ukucken, wat déi potenziell Konsequenze sinn.

Datt d’Demande d’Offer bei Wäitem depas séiert um Wunnengsmaart, dee Fakt wäert war scheinlech heibanne kee contestéieren. Well net genuch gemaach ginn ass, fir d’ëffentlech Offer u bezuelbarem Wunnraum ze erhéijen, ass de lëtzebuergeschen Immobiliemarché e Seege fir grouss Promoteuren a Spekulanten. De Kolleeg Wagner huet et gesot: Mir hunn déi international an national Immobiliefongen, wou een, wann een 125.000 Euro op der Säit huet a sech als „averti“ deklaréiert, däerf mat spillen.

Ech mengen, d’„Tageblatt“ hat do an deene leschten Deeg e ganz ausféierleche Reportage gemaach, wou drastoung, wéi dës Fonge fonc tionéieren. Gläichzäiteg awer, wärend dës Fonge Renditte maachen, déi bis zum zwee stellege Prozentberäich pro Joer kënne goen, ginn eis Spuerbicher nach null Komma ier gendeppes un Zënsen. D’Zënsen op de Spuer bicher sinn also esou gutt wéi inexistent an d’Loyere sinn esou héich, datt déi meescht souwisou näischt méi gespuert kréien. An esou kann een dann och keen Eegekapital méi mat bréngen, wann ee sech dann awer nach e Prêt leeschte kéint.

Déi eng kucken um Spuerbuch de Suen no, wa se dann e puer Suen op d’Spuerbuch kënne setzen, wéi se minimal wuessen, méi lues wéi d’Inflatioun. An déi aner um Immobiliemarché kucken net nëmmen de Maueren no beim Wuessen, mee si kucken hirem Räichtum no, wéi e wiisst, wiisst a weider wiisst. Riets a lénks spréissen nei Bauprojeten aus dem Buedem, an dat leider net nëmme vun ëffentlecher Hand, mee meeschtens säitens vun deene grousse Pro moteuren, déi am grousse Stil bauen a verkafen. Wien et sech leeschte kann, profitéiert vum Marché. Wien d’Suen net huet, dee bleift zréck. An amplaz datt dës Regierung, déi jo ëmmer dovunner schwätzt, datt et ech zitéieren „de Leit soll gutt goen, wann et dem Land gutt geet“, un dësem Zoustand eppes géif änneren, setzt se eis e Gesetzesprojet hei virun d’Nues, deen déi aktuell Ongläichheete just nach ver schäerfen, jo, et kéint ee bal soen, fir am Kontext ze bleiwen, zementéiere wäert.

Heiansdo hunn ech d’Gefill, datt an eisem Land eigentlech Politik gemaach gëtt nom Motto: „Wann et dem Land gutt geet, soll et e puer Auserwielten och gutt goen.“ Wat mat all deenen aneren ass, dat interesséiert wéineg. Kuckt ee sech dëse Projet nämlech eemol méi genee un, gëtt séier kloer, wien zum Schluss d’Konsequenze vun der jorelaanger Feelpolitik am Beräich vum Logement ze spiere kréie soll: Net d’Promoteuren, net d’Spekulanten, net d’FISInvestisseuren an och net d’Politiker, déi et jorelaang verschlof hunn, aktiv ze ginn, nee, ganz am Contraire, fir de System ze retten, sol len d’Menagen, d’Privatleit, d’Familljen, d’Kop pelen an d’Elengsteeënd mat oder ouni Kanner an hire Méiglechkeeten, en Haus oder en Ap partement ze kafen, beschnidde ginn.

All déi Leit, déi haart fir hir Sue schaffe mussen an awer um Enn vum Mount net genuch kën nen op d’Säit leeën, fir sech ouni e Prêt vun der Bank eppes leeschten ze kënnen an dat sinn déi meescht, well déi héich Loyeren et hinnen einfach onméiglech maachen , sinn déi, déi vun de Mesuren aus dësem Projet getraff wäerte ginn.

Et stëmmt, wa just nach déi Räich sech Haiser kafe kënnen, ginn d’Demande um Marché a lo gescherweis och d’Präisser erof. „Zil erreecht“, kéint ee sech also soen: Et kafe manner Leit Haiser, d’Demande geet zréck, also Problem geléist. Wat awer mat all deene Leit geschitt, déi sech näischt leeschte kënnen, déi also han nen eroffalen, doriwwer schwätze mer net. Jo, Zelter wären eng Méiglechkeet, fir op de Cam ping wunnen ze goen.

Mir hu beim État de la nation schonn dovunner geschwat, datt et Leit ginn, och am räiche Lët zebuerg, déi sech net emol méi e Loyer leeschte kënnen. Ma wéi sollen déi Leit dann nach iergendwann eng Kéier d’Chance hunn, och nëmmen zu engem klengen Deel vun Ee gentum ze kommen?

Eng Propos, déi ech hätt, wär, si géife sech alle guerten zesummendoen, déi net genuch hunn, an e FIS grënnen an domadder dann an de Lo gement investéieren. Domadder géife se dann awer zu de Gewënner zielen. An dat ass hypo kritesch, fir iwwerhaapt och nëmmen esou mussen ze denken.

Dëse Projet presentéiert déi onmënschlechst Säite vun eisem aktuelle Wirtschaftssystem, andeems en déi, déi de Problem verursaachen, verschount an d’Laascht op déi Schwächst verdeele wëllt. Dat Absurdst dobäi ass awer, datt ee sech doriwwer nëmmen a Moosse Suerge maache muss, well et wuel ni esou wäit komme wäert. Et schéngt nämlech, wéi wa beim Schreiwe vun dësem Text vergiess gi wär, datt Lëtzebuerg net eleng op der Welt ass. Lëtzebuerg ass keng Insel. Och wann d’CSSF, eis Finanzsecteursopsiichtskommissioun, lëtze buergesche Banke bestëmmte Konditioune fir d’Ausstelle vu Kreditter virschreiwe wëllt a kann, bedeit dat net, datt auslännesch Banken, an dat ass haut och schonn ugeschwat ginn, sech dorunner hale géifen. Lëtzebuerg kann zwar, esou wéi et jo och am Gesetzesentworf steet, frëndlech froen, datt déi auslännesch Banke just op där anerer Säit vun der Grenz sech dach wannechgelift ganz léif sollten even tuell, wann et hinnen duerno wier, un d’Kondi tioune vun de Lëtzebuerger Banken halen, mee absolutt näischt garantéiert, datt iergendeen där Demande och nokënnt am Ausland.

Wa Lëtzebuerg sech an enger wirtschaftlech onstabiller Situatioun erëmfënnt an d’CSSF déi makroprudenziell Mesuren ergräife muss, ass et sécherlech alles anescht wéi wënschenswäert, datt sämtlech Clienten op eemol och nach de Sprong iwwert d’Grenz maachen an domadder d’Banken nach schwächen. Well eng vun deene wéinegen Einnamequellen, déi d’Banken am Moment nach hunn, ass, Prêten ze verginn. Wann also op eemol an enger schlechter wirt schaftlecher Situatioun lëtzebuergesch Clien t en, fir Terrainen an Immobilien zu Lëtzebuerg ze kafen, hir Prêten net méi kënnen zu Lëtze buerg maache wéinst makroprudenzielle Ree gelen a se déi dann awer zu Arel, zu Lonkech oder zu Tréier maachen, da schwäche mer do madder och nach d’Finanzplaz Lëtzebuerg. Wann de Plang vun der Regierung also opgeet, mussen déi Leit mat de mannste Sue fir d’Feeler vun deene mam meeschte Geld duerhalen. A wann et schifgeet, gëtt de souwisou scho wackelege System just nach weider ge schwä cht.

Esou engem Projet kann een onméiglech zou stëmmen. Dat gesot, wëll ech ganz zum Schluss nach séier umierken, datt bis elo och ëmmer nach net feststeet, ob d’Zentralbank fir d’Evaluatioun vum Risque systémique soll Zou grëff op anonymiséiert oder pseudonymiséiert Date kréien, obwuel d’national Dateschutz kommissioun drëm gebieden hat, datt dëst am Projet sollt preziséiert ginn.

Et gouf näischt dorunner gemaach. Dat heescht, mir stëmmen haut e Gesetz, dat och eis CNPD kritesch op engem bestëmmte Punkt gesäit. Am Kader vun all deenen Debatten ëm den Dateschutz an ëm d’Héichhale vum Date schutz an an där Casiersdebatt, déi mer haten, mat deenen 62 Fichieren, déi eleng bei der Po lice ënnerwee sinn, sollte mer eis vläicht d’Fro stellen, ob een hei net hätt sollen, misse vir suergen. Et geet hei ëm Risikovermeidung. Ma beim Dateschutz geet et och ëm Risikover meidung an hei hu mer dann erëm geschlof! Deementspriechend wäerten d’Piraten dëse Projet net matstëmmen.

Ech soen Iech villmools Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Éischtens hunn ech, genausou wéi den Här Wagner, Problemer domat, dem Här Baum seng Analys heivunner ze verstoen, well wou ginn d’Leit am meeschte Prête maachen? Dat ass nun emol am Logement. Nom Lo gement kënnt meeschtens nach den Auto. An da komme schonn d’Crédits à la consommation.

Dat heescht, wa mer iwwer makroprudenziell Reegele schwätzen, wou et ëm Prête geet, dat geet et direkt emol ëm de Logement. Deem entspriechend denken ech, datt déi Motioun hei schonn zum Theema schwätzt.

Dat Zweet, wat ee muss soen dozou, ass, datt bei där Motioun hei méi Transparenz an engem dach relativ opaquë Feld gefuerdert gëtt. Et gëtt gefuerdert, d’Donnéeën ze sammelen, d’Donnéeën oppenzeleeën, fir datt mer net nëmmen heibannen, mee op der Place pu blique kënnen e richtegen Discours, eng rich teg Debatt hunn iwwert den Impakt vun dëse steieroptiméierende Strukturen, déi déi Fonds immobiliers spécialisés sinn.

An deementspriechend denken ech, datt een deem heite kann zoustëmmen. Et gëtt net opgefuerdert, datt d’Regierung se ofschaaft. Et gëtt net opgefuerdert, datt se geännert ginn. Et gëtt just opgefuerdert, datt mer Transparenz schafen, soudatt d’Biergerinnen an d’Bierger zesumme mat eis heibannen iwwert den Im pakt vun dëse Strukture kënnen diskutéieren.

An deementspriechend, mengen ech, sollt een dat och net an enger Kommissioun maachen, wou d’Biergerinnen an d’Bierger eréischt herno aus dem PV gewuer ginn, wéi diskutéiert gouf, mee dat sollt een dann och ëffentlech maa

chen. An dat gehéiert zu engem groussen De bat derbäi.

(Interruptions)