Header for Projet de loi portant modification du Code du travail en vue d’introduire un régime de stages pour élèves et étudiants

Projet de loi portant modification du Code du travail en vue d’introduire un régime de stages pour élèves et étudiants

Dës Ried hunn ech den 20/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification du Code du travail en vue d’introduire un régime de stages pour élèves et étudiants” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, direkt virewech: Mir Piraten stëmmen de Projet de loi 7265, also d’Stagegesetz, mat. Ech soen awer virewech: Mir ginn eis net mat dësem Text zefridden a verlaangen e Suivi vun den Disposi tiounen. An deementspriechend hunn ech och d’Motioun, déi jo jiddwereen heibanne mat ën nerschriwwen huet, gäre mat ënnerschriwwen. Mir Piraten begréissen de Plus un Transparenz an de reglementéierte Kader, dee mer mat dë sem Gesetz hei kréien. Jonker, déi am Kontext vun hirer Ausbildung oder hiren Etüden e Stage wëllen oder musse maachen, hunn oft nach wéineg bis keng Beruffserfarung. Si se fäerdeg mat hirer Formatioun, sti se ganz am Ufank vun hirer berufflecher Karriär. Vill Jonker, déi en Of schloss hunn, sichen de Wee an d’Beruffsliewen dofir ëmmer méi oft iwwer e fräiwëllegen, oft onbezuelte Stage.

An effektiv, d’Studentinnen an och d’Studen ten, mee och frësch Diploméierter kréien duerch d’Stagemaache virun allem eppes: wäertvollt Praxiswëssen. Praktesch Auserneesetzung mam Beruff um Terrain schäerft de Bléck fir dat Ge léiert, stäerkt d’Selbstbewosstsäin a gëtt dem Jonke Perspektiven op sengem beruffleche Wer degang.

Stagë sinn hautdesdaags zu engem feste Be standdeel vun Ausbildungen an der Schoul an op den europäeschen Unie ginn. Dofir ass et a priori gutt, an dësem Text ze legiferéieren, Transparenz a kloer Reegelen an d’Stagepraxis ze bréngen.

Mir bedaueren awer, datt de Projet de loi, esou wéi en eis virläit, net komplett ass, op munche Plazen ze wäit geet, op aneren awer net wäit genuch. Mir riskéieren, datt dësen Text Barriäre setzt souwuel fir d’Schüler an d’Studenten, mee och fir d’Employeuren. Hei gëllt et, d’Stäerkten an d’Schwächte vun dësem Gesetz ze suivéieren a le cas échéant ze adaptéieren. Fir genee ze wëssen, wou mer mussen nobes seren, brauch et dee Suivi, dee mer jo an der Motioun fuerderen.

Dir Dammen an Hären, bis ewell befanne mer eis, wat d’Stagen ugeet, an engem Vide juri dique. Den éischte Projet vun dësem Gesetz hat als primäert Zil, als Éischt emol kloer an transparent Reegele fir den Ëmgang mat Sta giairen ze etabléieren. Fir dat ze maachen, huet de Comité permanent du travail et de l’emploisech mat der ACEL zesummegesat, fir en entspriechende Cadre légal auszeschaffen. Och Propose vun der CSL sinn do scho matagefloss. Loosst mech awer eng Fro stellen: Wéi kann et sinn, datt an engem Land wéi Lëtzebuerg esou laang gewaart gëtt, fir e Cadre légal fir Stagen ze schafen?

Stagë sinn, Här President, nu wierklech keng nei Erscheinung! Weeder d’Entreprisen nach d’Studente woussten, wat hir Rechter an Obli gatiounen an deem Kontext waren. Dat ass problematesch. An, jo, mir Piraten sinn ëmmer frou, wann zivillgesellschaftlech Acteure mat un den Dësch geholl ginn, fir Gesetzesproposen auszeschaffen. Mir hätten eis awer an dësem Fall, wéi esou oft, eng méi breet gesellschaft lech Concertatioun vun Ufank u gewënscht. D’Chambre de Commerce huet an hirem éisch ten Avis kritiséiert, net consultéiert ginn ze sinn. D’Chambre des Métiers ass am Virfeld vum éischte Projet och net matagebonne ginn. Et sief och ugemierkt, dass nieft der ACEL, déi jo d’Vertriedung vun de Studentecercelen ass, och d’UNEL als Vertriedung vun de studenteschen Interessen als gläichberechtegte Verhandlungs partner hätt missen oder zumindest kënne mat um Dësch sëtzen.

Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer d’Zivillgesellschaft consultéieren, da kommt, mir hunn de Courage a mir froen all d’Acteuren! Kommt, mir huele se all mat un den Dësch, wa mer Gesetzestexter ausschaffen, déi op e méi glechst breede gesellschaftleche Konsens bauen a wou mer net duerno mussen Amendementer iwwer Amendementer accumuléieren, well déi jeeweileg Acteuren eréischt nodréiglech partici péiere konnten!

Mir hätte gär Gesetzer aus engem Goss, Geset zer, wou am Virfeld den Terrain sondéiert gouf. An ass d’Gesetz eemol a Kraaft, mussen d’Re tombéeën da suivéiert ginn. Nieft enger Concertatioun gehéiert och de Suivi vun deem, wat d’Gesetz um Terrain bewierkt, zum Feed backloop vum modernen an transparente Legi feréieren.

Mat dem éischte Projet louch eis en Text vir, deen u sech sollt den Accès zu Stagë ver besseren an d’Stagekultur an den Entreprisë stäerken. Ob dat awer mat dësem Projet de loi erreecht ka ginn, ass leider fragwürdeg. D’Obli gatioun vum Bezuele vu fräiwëllege Stagen, déi méi laang dauere wéi ee Mount, kéint zum Beispill dozou féieren, datt et manner Plaze gëtt. Dëst wier contraire zu deem, wat mer u sech wëlle maachen, nämlech den Accès vereinfachen.

Op där anerer Säit ass awer och deem Jonken, dee wärend sengem Stage just e Brochdeel vun deem verdéngt, wat deen um Dësch niewen drun, um Büro niewendru verdéngt, an domadder net zu Lëtzebuerg iwwerliewe kann, wann en net nach doheem wunnt, och net wierklech gehollef.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Abus ass duerch dëse Gesetzesprojet och nach net ausgeschloss. Dat gesäit een notamment drun, datt weiderhi Stagen en cascade net ausgeschloss sinn. Mee och fir d’Patronen ass dësen Text eng weider administrativ a finanziell Belaaschtung. Mir hätten eis also hei ge wënscht, datt ee beispillsweis iwwert d’Studen tebourssen hätt kënnen eng Dispositioun virge sinn, fir Leit, déi e Stage am Kader vun hiren Etüde maachen, dofir eng zousätzlech Bourse ze accordéieren. De Patron wier domat entlaascht ginn an den Accès zu de Stagë wär onverännert bliwwen.

Här President, mir droen d’Stagegesetz mat, wënschen eis awer e koordinéierte Suivi vun den aktuellen Dispositiounen, wéi se sech dann an deenen nächste Joren op d’Praxis um Terrain auswierken, genausou wéi d’Motioun et virgesäit, déi mer an deem Sënn och wäerte matdroen.

Ech soen Iech Merci.