Header for Projet de loi portant modification:1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° de la loi modifiée du 6 janvier 1995 relative à la distribution en gros des médicaments; 3° de la loi modifiée du 22 janvier 2021 portant : 1° modifi cation des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail ; 2° dérogation temporaire aux dispositions des ar ticles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail

Projet de loi portant modification:1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° de la loi modifiée du 6 janvier 1995 relative à la distribution en gros des médicaments; 3° de la loi modifiée du 22 janvier 2021 portant : 1° modifi cation des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail ; 2° dérogation temporaire aux dispositions des ar ticles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 14/09/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification:1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° de la loi modifiée du 6 janvier 1995 relative à la distribution en gros des médicaments; 3° de la loi modifiée du 22 janvier 2021 portant : 1° modifi cation des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail ; 2° dérogation temporaire aux dispositions des ar ticles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Madamm Pre sidentin. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och ech freeë mech, no der Summerpaus elo nees hei mat Iech stoen ze kënnen. An ech hoffen natierlech, datt mer eng produktiv Chambersessioun 2021/2022 virun eis hunn, déi vläicht e bësse manner vu Corona gepräägt wäert sinn, wéi dat fir déi lescht de Fall war.

Selbstverständlech hätt ech mer och erhofft, datt et net alt nees eng Kéier d’Covid19Pandemie misst sinn, déi eis hei zesummebréngt. Mee do féiert wuel esou séier nach kee Wee derlaanscht. D’Pan demie ass net eriwwer, just well mir alleguerten esou lues d’Flemm hunn.

De Virus ass weiderhi present an dofir ass et och esou wichteg, datt eist Pandemiegesetz hei verlän gert gëtt. Mir hunn déi grouss Chance, haut mat Impfungen a Selbsttester dës Rentrée anescht kën nen unzegoe wéi déi vum leschte Joer. Mee trotz deem musse mer nach virsiichteg bleiwen.

Aus dem vergaangene Joer wësse mer, datt mat de Retouren aus de Vakanzen d’Infektiounszuele steigen an den Hierscht mat sengem naasskale Wieder och säin Deel wäert dozou bäidroen, datt de Virus sech nees wäert e bësse besser verbreede kënnen.

Mir Piraten begréissen duerfir ausdrécklech d’Upas sungen, déi mam virleiende Projet de loi gemaach ginn am Beräich vun de Spideeler. Et ass wichteg, kloer ze reegelen, fir wéi eng Persoune wéi eng Reegele gëllen, sief et fir stationär Patienten a Patientinne souwéi hir Visiteuren, mee eeben och fir Patient/innen, déi fir en eenzele Rendezvous an d’Spidol gi mat eventuellen Accompagnateuren.

Jiddereen, deen d’urgence medezinnesch Hëllef brauch, muss kënne medezinnesch Hëllef kréien, an dat och, wann en an deem Moment covidpositiv ass. Dat ass eng Selbstverständlechkeet. An ech si frou, datt mer hei Ännerunge konnte virhuelen.

Mee Visiteuren an Accompagnatricen, déi selwer kee medezinneschen Noutfall hunn, däerfen am Fall, wou hire Schnelltest virun der Dier positiv wär oder si kee Certificat virleeë kéinten, net an e Spi dol eragoen. Dat wär einfach ze geféierlech.

Mir freeën eis duerfir, datt mer gemeinsam an der Kommissioun eng Formuléierung konnte fannen, déi et op Basis vun enger ganzer Rei Ureegungen och elo alle Persounen, déi Hëllef brauchen, er méiglecht, Hëllef ze kréien, an trotzdeem d’Iddi vum Cordon sanitaire respektéiert. Ech stelle mer just d’Fro, well ech haut och dowéinst kontaktéiert gouf, wéi et da wär mat enger Persoun, déi dréngend psy chiatresch Hëllef bräicht an déi sech duerch den Test un der Entrée dach immens enervéiert géif weisen; eng Persoun, déi also Hëllef brauch, déi Hëllef soll kréien an déi am aktuellen Text vläicht esou just nach duerch d’Rille rutscht. Vläicht fanne mer do eng ganz pragmatesch Léisung, datt mer wierklech jiddwerengem hëllefe kënnen, datt mer net Leit hunn, déi psychesch nach zousätzlech drënner leiden.

Et muss awer um Terrain och séchergestallt ginn, wat de Rapporter virdrun deem ech ausdrécklech Merci soe fir säi Rapport gesot huet, datt Leit, déi eppes wëllen ofginn, dat och kënne maachen un den Entréeë vun de Spideeler. Well et ginn, an dat hunn ech selwer erlieft, awer Plazen, wou un der Dier keen do ass, deen eppes wëllt entgéinthuelen, fir et dann un e Patient oder eng Patientin weiderzeginn. Dat heescht, mir musse sécherstel len, datt dat net nëmmen hypotheetesch ass, mee datt et och an der Praxis realiséiert ka ginn. Och wann d’Spideeler scho virun dëser gesetzlecher Grondlag Hygiènesmesuren en place haten, sou ass et dach awer wichteg, hei elo eng eenheetlech Base légale ze schafen.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Iwwert dëse konkreete Punkt eraus wäert de vir leiende Projet keng signifikant Verschäerfungen oder Lockerunge mat sech bréngen. Et geet also gréisstendeels ëm eng Verlängerung. An dat ass an der aktueller Situatioun a mengen Aen an deene meeschte Politikfelder och net falsch.

Mir gesinn an de Spideeler mat de Resultater vum LargeScaleTesting, datt d’Impfunge wierken, musse gläichzäiteg awer och feststellen, datt sech ëmmer nach vill Persoune mam Virus ustiechen an d’Zuele souguer nees an d’Luucht ginn. Weider d’Impfung ze promouvéieren an déi existéierend Mesuren en place ze halen, ass duerfir ganz wichteg. D’Impfung schützt an de Risk, vu schwéieren Niewewierkunge betraff ze sinn, ass vill méi geréng wéi deen, e schwéiere Covidverlaf ze hunn.

Ech hunn d’Risiken an d’Protektioun vun der Impfung viru Kuerzem eréischt ganz am Detail duerchgerechent op Basis vun den ëffentlechen Donnéeën a kann nëmme jiddereen, dee sech nach net sécher ass, wat e vun der Impfung soll halen, invitéieren, e Bléck dorop ze werfen an do op Basis vun den Zuele vum ECDC respektiv vun der Re gierung selwer seng eege Rechnungen ze maachen, sech selwer ze informéieren, well et soll ee schliiss lech och net ëmmer alles gleewen, wat um Internet steet, och net, wann ech et geschriwwen hunn. „Loosst Iech impfen!“ Dat ass e kloren Appell. Mee mir brauchen nach méi nidderschwelleg Offeren. Et dierf net sinn, datt eng ongesond Entscheedung, wéi zum Beispill e Big Mac z’iessen, méi einfach ëmgesat ka gi wéi eng gesond, wéi sech impfen ze loossen. D’Dokteren, bei deenen ee sech haut kann impfe loossen, soen heiansdo zu Patientinnen a Pa tienten: „Et deet mer leed, ech muss waarden, bis ech fënnef Leit zesummenhunn, éier ech eng Dosis BioNTech opmaache kann.“ Dat ass net nidder schwelleg. Mir hu geduecht, wann ee bei den Haus dokter kéint goen, dat wär nidderschwelleg. Mee scheinbar schéngt dat zu weidere Komplikatiounen ze féieren.

Mir däerfen awer och net vergiessen, datt net all Persoun, déi um aktuellen Dag nach net geimpft ass, dat fräiwëlleg ass. An u jiddereen, deen hei op der Tribün Impfappeller lancéiert huet, esou wéi ech och: Setzt Iech och bei Äre Fraktiounsmemberen derfir an, datt se sech impfe loossen. Ech soen dat hei als een, deem seng Sensibilitéit zu 100 % geimpft ass. Dat ass bei zwee natierlech méi ein fach wéi bei méi.

Vill Mënsche kënnen oder däerfe sech net impfe loossen, well se entweeder nach ze jonk sinn an et duerfir keng Impfstoffer fir se gëtt oder well hinnen opgrond vun Allergien oder aneren Erkrankungen dovunner ofgerode gëtt. Fir si oder am Fall vu Kanner fir hir Eltere kann de Fait, datt d’PCRTester deemnächst net méi wäerte gratis sinn, zu enger fi nanzieller Belaaschtung féieren. Duerfir wëll ech eng änlech Motioun wéi d’CSV hei deposéieren, an där ech d’Regierung bieden, jidderengem, dee sech net impfe loosse kann, weiderhin d’Optioun vu käschtefräie PCRTester opstoen ze loossen. Ech kommen herno nach op den Ënnerscheed ze schwätzen.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). A wa mer dovu schwätzen, datt jonk Kanner nach net kënne geimpft ginn, dann däerfe mer dat och net vergies sen, wann et drëms geet, datt d’Schoul jo muer erëm ugeet. Dann däerfe mer net vergiessen, datt mer an der Primärschoul vu Kanner schwätzen, vun deenen déi ganz grouss Majoritéit net geimpft ass.

An do si mer dann awer an engem Feld, an deem ech mer muss d’Fro stellen, ob et hei wierklech richteg ass, einfach just esou weiderzemaache wéi bis elo, d’Maskeflicht ofzeschafen an ze hoffen, datt zwee Schnelltester pro Kand duerginn, fir d’Epi demie a Schach ze halen.

Éierlech gesot sinn ech mer net sécher, ob de Bil dungsminister sech hei wierklech am Kloren ass, wat e mécht. Ech hu gëschter nämlech en Interview am „Tageblatt“ gelies, wou de Bildungsminister ge frot ginn ass, ob et, wann 10 % vun de Schülerinnen a Schüler keng Schnelltester géife maachen, net e Risiko géif ginn, datt esou ondetektéiert Fäll an d’Schoul kéinte kommen, déi sech dann ausbreede kéinten.

Dem Minister seng Äntwert war, ech zitéieren: „Wann een 90 % vun den Infektiounen an enger Epi demie detektéiert, dann huet ee se am Grëff.“ Ob een eng Pandemie elo wierklech ëmmer am Grëff huet, wann nach 10 % vun de Fäll ondetektéiert ron derëmlafen an anerer infizéieren, loossen ech elo mol onkommentéiert stoen. Mir si keng Epidemio logen.

De grousse Problem bei dëser Ausso ass nämlech nach e ganz aneren, an zwar deen, datt de Minister hei aus der Tatsaach, datt 90 % vun de Schülerin nen a Schüler un de fräiwëllege Selbsttester deel huelen, einfach ofleet, datt hien duerfir och 90 % vun den Infektioune fënnt.

(Interruption)

Jo, wat soll een do soen? Eng Datz an der Mathé?

Ech weess guer net, wou ech ufänke soll. Et ass jo net esou, wéi wann net säit Wochen a Méint schonn doriwwer geschwat géif ginn, datt Selbsttester net ëmmer e richtegt Resultat uweisen, ganz ze schweigen dovunner, datt de Minister mat nëmmen zwee Selbsttester siwe Wochendeeg wëllt ofdecken a bekannt ass, datt all Test nëmmen eng Moment opnam ka sinn a souguer en zertifiéierte Schnelltest just 48 Stonne gëlteg ass, wat och scho schwéier ze rechtfertegen ass, wat mer heibannen och schonn e puermol diskutéiert hunn.

Mat zwee Selbsttester, déi net vu medezinneschem Personal gemaach ginn, also net zertifiéiert sinn an domat deemno wéi och nach manner sécher, wat d’richtegt Resultat ugeet, wëllt de Minister also trotzdeem all eenzeg Infektioun bei all Kand, wat sech teste léisst, fannen? Positiv ausgedréckt nennt een dat wuel „zilstreebeg“ oder „héich moti véiert“. Mee wat wär dann, wann an enger Schoul just zwee Kanner krank ginn an dës zwee Kanner zu deene gehéieren, déi net getest ginn? Da wäre jo eigentlech summa summarum no Adam Riese, esou, wéi een et seet, eigentlech 100 % vun den In fektiounen net entdeckt ginn, mee et géifen och nach ëmmer 90 % vun de Kanner getest ginn. Géif de Minister sech da wuel ëmmer nach arieden, hie géif 90 % vun den Infektioune fanne mat senger su per Method?

Ech weess, datt mer d’Schoulen net komplett virum Virus ofschotte kënnen. Mir mussen de Kanner an och den Enseignanten d’Méiglechkeet ginn, e Schoulalldag zréckzefannen, deen net just vun dë ser Kris, mee och nees vun engem gemeinsamen Alldag, dee Spaass mécht, gepräägt ass. Mee e Schrëtt zu méi Normalitéit wär och vläicht méiglech gewiescht mat engem besser duerchduechten Hy gièneskonzept: dräi Selbsttester, déi obligatoresch misste méindes, mëttwochs a freides moies an der Klass gemaach ginn ënnert der Surveillance vum Léierpersonal. Dat wär de Minimum gewiescht.

Doriwwer eraus misste mer Schrëtt fir Schrëtt a Lëftungsanlagen investéieren, déi jo net nëmmen an der Pandemie Sënn maachen, mee och an deenen nächste Grippewellen. An d’Entscheedung, ob e Mask soll an der Klass gedroe ginn oder net, soulaang nach kee positive Fall opgetaucht ass, dierf net einfach op den Terrain erofgedréckt ginn.

Domat setze mer just d’Kanner an d’Enseignanten ënner Drock, déi sech dann, wa se hir Mask net unhaten an een ugestach hunn, just onnéideg Virwërf maachen, ob se hir Mask net awer besser hätte sollen undoen, wat jo hire Choix war.

Wat geschitt, wann e Minister keng kloer Virgabe mécht a seet, datt et jidderengem fräisteet, ze maa chen, wéi e wëllt, dat hu mer gesinn, wéi d’Kanner nom Schwamme mat naassen Hoer matten am Wanter a Klassesäll souzen, an deenen all d’Fënste ren op waren, just well een et ze gutt gemengt hat a gelëft huet, nodeems een de Kanner verbueden huet, sech ze fönen, fir datt se sech heibäi net ze no géife kommen. Dat hate mer leschte Wanter. An ech hoffen dach wierklech, datt mer dat dëst Joer net nach eng Kéier widderhuelen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Dir gesitt, ech befanne mech hei an enger Aart Zwéck millchen. Generell ënnerstëtzen d’Piraten d’Verlän gerung vun dësem Projet an ënnerstëtzen à part vun den Dispositiounen iwwert d’Schoulen och d’Ännerungen, déi mat dësem Text solle kommen an un deene mir och aktiv an de Chamberskommis sioune matgeschafft hunn. Mee et feelt eis an deenen Abschnitter, déi sech mat der Schoul be faassen, an ech mengen hei virun allem de Fonda mental, fir dee jo nach keng Impfoffer besteet, un duerchduechte Mesuren.

Mir si wierklech der Meenung, datt um Niveau vun de Primärschoulen en onnéidege Risiko agaange gëtt duerch feelend Mesuren, an dat grad wärend enger Joreszäit, wou d’Infektiounen um Virmarsch kënne sinn. Ech wëll ganz sécher net soen, datt déi hei virgesinne Mesuren direkt an onausweichlech an enger katastrophaler Infektiounswell wäerten endegen. Ech denken awer, datt een hei muss zou ginn, datt et méi virsiichteg gewiescht wier, an enger éischter Phas e méi elaboréiert Hygièneskon zept fir d’Rentrée ze presentéieren an den Impakt vun de Vakanzeretouren a vum Hierscht ofzewaar den an ze evaluéieren, éier een dann an enger zweeter Phas mat neie Lackerungen hätt kënne kommen. Mee dës Pist gouf net gewielt.

An elo kënne mer d’Situatioun an de Schoulen an de kommende Wochen nëmmen nach esou gutt wéi méiglech am A behalen, fir dann esou séier wéi méiglech aschreiden ze kënnen, falls mer gesinn, datt d’Zuelen an d’Luucht ginn.

Wann d’Piraten also haut hiren Accord zu dësem Projet ginn, da maache mer dat nëmme mat engem ganz däitlechen Appell, d’Situatioun net ze ënner schätzen a sech nach eemol bewosst ze maachen, datt 90 % Participatioun beim Testen net gläichze setzen ass mat 90 % entdeckten Infektiounen. Et ass net esou einfach. An duerfir mussen d’Entwéck lungen um Terrain och ganz genee suivéiert ginn an deene kommende Wochen a Méint.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Ech ginn elo guer net op déi onsäglech Dis kussioun vum „superfetatoire“ an, well ech mengen net, dass et esou kloer gesot gouf, soss hätten net zwou Parteien et fir néideg fonnt, Motiounen zu deem Theema ze deposéieren, ausser Dir insi nuiéiert, datt elo 23 Deputéierten der Pressekonfe renz net gutt nogelauschtert hätten, Här Engel. Dat hutt Der awer, mengen ech, net gemaach.

M. Georges Engel (LSAP). Dat hunn ech net ge sot, gellt.

M. Sven Clement (Piraten). Deementspriechend ass et ganz kloer, datt dat esou net an där Presse konferenz gesot gouf, soss hätte mer déi Motiounen hei net geschriwwen. Also dat zum Theema „superfetatoire“.

Dat Zweet: Ech wollt a sech d’Wuert ergräifen, fir den Ënnerscheed tëschent deenen zwou Motioune kloer ze maachen a firwat et eis och wichteg war, eis ze deposéieren, obwuel d’CSV eng änlech depo séiert huet. An dat ass nämlech déi Fro vun „y com pris les femmes enceintes“. D’CSV berifft sech do op Däitschland, wou schwanger Fraen aktuell net zu den Impfkategorië gehéieren. Dat ass zu Lëtze buerg awer anescht. A se si souguer hei zu Lëtze buerg als vulnerabel Persoune prioritär, also goufe se an där Zäit prioritär geimpft. Fir eis ass et also deen Ënnerscheed, deen et gemaach huet, datt mir eng eege Motioun deposéiert hunn.

Ech wëll och do eng Kéier am perséinlechen Numm e ganz waarmen Appell maachen u Fraen, déi schwanger sinn, sech impfen ze loossen. Souwuel de Marc wéi ech si rezent Papp ginn an eis zwou Partnerinnen hu jeeweils entscheet, dat ze maa chen. Et gi Studien, déi beleeën, datt dat och e Schutz fir déi jonk Kanner mat sech bréngt, well et do eeben zu engem Transfert vun den Antikierper kënnt. Ech wollt vun dëser Geleeënheet profitéie ren, fir wierklech deen Appell ze maachen. Et ass kee méi e grousse Risiko do an d’Doktesch De La Fuente huet souguer an hirem Interview gesot, datt schwanger Fraen en enorme Risk hunn, fir e schwéiere Covidverlaf ze maachen. Duerfir, erlaabt mer, datt ech an dëser Motioun awer dat nach eng Kéier wollt zu Wuert bréngen: Och wann Der schwanger sidd oder grad, wann Der schwanger sidd, loosst Iech impfen! Et ass gutt fir Iech a fir Äre Puppelchen.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här Pre sident. Ech wäert déi Motioun do net matstëmmen, souguer ofleenen, aus deem ganz einfache Grond: Mir hunn an der Vergaangenheet e puermol Plan desortië gefuerdert an allkéiers goufe mer erëm vun der Pandemie iwwerrascht a mir krute gewisen, datt et net esou einfach war, wéi een dat gemengt hätt. Et muss een och heiansdo kënnen am Réck bléck zouginn, wann ee wollt virun de Won sprangen, an dat hu mer deemools gemaach an dat kann ech hei och zouginn.

En zweete Problem, firwat mer wäerte géint déi Motioun stëmmen, ass: D’ADR zeechent hei e ganz positiivt Bild vun der Impfcampagne hei zu Lëtze buerg ech mengen, en ze positiivt Bild. Well mir sinn net esou gutt, wéi do behaapt gëtt. Mir sinn zwar gutt am europäesche Schnëtt, mee do däerf een awer net vergiessen, datt et e puer Memberlän ner gëtt an der EU, déi ganz schlecht dostinn an de Schnëtt erofdrécken.

Wa mer eis mat eisen Nopere vergläichen, da sti mer éischter schwaach do. Wa mer eis mat Süd westeuropa vergläichen, sti mer ganz schlecht do.

Ech mengen, Portugal a Spuenie sinn am Moment e bëssen déi, déi weisen, wéi et ka goen, wann d’Be vëlkerung sech impfe léisst. Mir si wäit vun deenen Zuelen ewech. An duerfir ass et vläicht och verfréit, fir elo schonn e Plan de sortie ze maachen, wa mer nach net wëssen, ob mer déi Zuelen iwwerhaapt jee eng Kéier erreeche kënnen.

Duerfir wäerte mir Nee stëmmen.