Header for Projet de loi portant modification:1° de la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier;2° de la loi du 6 avril 2013 relative aux titres dématérialisés

Projet de loi portant modification:1° de la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier;2° de la loi du 6 avril 2013 relative aux titres dématérialisés

Dës Ried hunn ech den 21/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification:1° de la loi modifiée du 5 avril 1993 relative au secteur financier;2° de la loi du 6 avril 2013 relative aux titres dématérialisés” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wäert mech hei elo net an eng Klassekampfdialektik amëschen, ech iwwerloossen dat deenen, déi sech méi mat deene Bicher auserneegesat hunn. Ech sinn éisch ter deen, dee sech mat den technologesche Bicher auserneegesat huet, an do kann ech dat Wëssen dann haut, mengen ech, och mol eng Kéier hei um Podium notzen.

De Blockchainsystem ass eng technesch Innova tioun dat gouf haut scho gesot , déi eis erlaabt, Date méi sécher ze späicheren, awer och ze iwwer mëttelen. Déi meescht, wa se vu Blockchain schwätzen oder vun der Blockchain héieren, denken direkt u Bitcoin. A wien am Moment u Bitcoin denkt, deem ginn d’Ae grouss an deen denkt: „Domadder ginn ech räich!“ Bon, deen huet vläicht haut net d’Coursë gekuckt, well haut ass de Bitcoin tatsäch lech erofgaangen. Dat weist, datt et e spekulatiivt Instrument ass, a mir sollten dat net mat iergenden ger Wäertulag vergläichen; et si Bits a Bytes. Nichtsdestotrotz hunn déi Bits a Bytes eng Valeur kritt, well se begrenzt sinn.

Mee dat huet näischt mat der Blockchain u sech ze dinn, well eng Blockchain per se ass net limitéiert. Eng Blockchain per se ass näischt anescht wéi eng dezentraliséiert Datebank, wou all Knuet an deem Reseau d’Aarbecht vun all deenen anere Kniet am Reseau kontrolléiert.

Firwat also esou e komplizéierte System? Ma esou e komplizéierte System mécht Sënn, wann ee mat e puer Partner wëllt Saachen deelen an ee mat deene puer Partner wëllt sécher sinn, datt keen deen anere beduckse kann.

Elo stellen ech mer awer d’Fro, wann ech dëse Pro jet hei liesen: Brauche mir eng Blockchain fir dat heiten? Well wann all d’Computeren oder d’Majori téit vun de Computeren an engem Reseau vun enger Blockchain vun deem nämmlechten Acteur kontrolléiert ginn, da kënne genau esou Ännerun gen an där Datebank gemaach ginn, wéi wann et eng ganz normal Datebank wär. Et ass also näischt Neies.

D’Blockchain ass eréischt dann innovativ a garan téiert eng besser Datesécherheet an eng „Datenin tegritéit“, wéi ee seet, wann een d’Computere vun e puer Leit kontrolléiere léisst. An der Hypothees vun Titren, vu Comptestitres wär dat also de Fall, wann net eng Bank déi Comptestitres géif geréieren, mee wann déi Comptestitres vun e puer Banke géife geréiert ginn.

Elo wësse mer awer, datt dat an der Realitéit seelen de Fall ass. Esou ergëtt sech dann hei déi kokass Situatioun, datt mer mat engem Gesetz eppes erla ben, wat virdrun net verbuede war a wat warschein lech um Terrain och net onbedéngt en direkten Im pakt huet. Well eng Blockchain, wou all d’Compu tere vun deem Nämmlechte kontrolléiert sinn, ass eng Datebank. An Datebanken, dat huet de Kolleeg François Benoy erkläert, gëtt et scho säit e puer Joer, fir Titren dematerialiséiert ze verwalten. Inno vatioun: Mir hunn en neien Numm drop gesat.

Dat heite Gesetz ass méi Marketing fir eis Finanz plaz fir ze soen: „Ma kuckt hei, mir maachen eppes mat Blockchain!“ Et ass e bëssen esou, jo, Bullshit bingo: Mir huele grouss Termen an de Mond a mir hoffen, datt d’Leit net d’Substanz kucken.

Mee natierlech huet eng Blockchain Virdeeler wa se da verdeelt ass, wa se net nëmmen engem gehéiert , dozou gehéiert, datt et fir d’Compliance méi einfach gëtt, d’Transaktiounen ze retracéieren, well kee se ännere kann. Wann awer d’Blockchain erëm komplett deem Nämmlechte gehéiert, da kann ech awer eppes ännere goen. Tout au con traire riskéiert een da souguer, datt d’Compliance sech kéint doduerjer irritéiere loossen, datt et jo eng Blockchain ass, déi jo net editabel wär, an dofir net genausou gutt géif hikucken, wéi se et bei enger normaler Datebank oder bei engem Regëster um Pabeier géif maachen.

D’Blockchain ass also hei eng Léisung, déi et scho gëtt, et ass eng Léisung, déi scho deployabel war, déi scho konnt benotzt ginn, a lo maache mer e Ge setz dofir! Bon. Et ass Marketing. Et stéiert mech net, eppes explizitt ze erlaben, wat virdrun net ver buede war, an dofir stëmme mer dat Gesetz hei mat, och wa mer net mengen, datt sech doduerch iergendeppes ännere wäert.

Ech soe Merci.