Header for Projet de loi portant modification:1° du Code du travail en vue de transposer la directive (UE) 2018/957 du Parlement européen et du Conseil du 28 juin 2018 modifiant la directive 96/71/CE concernant le détache ment de travailleurs effectué dans le cadre d’une prestation de services;2° de la loi modifiée du 19 décembre 2008 ayant pour objet la coopération interadministrative et judiciaire et le renforce ment des moyens de l’Administration des contributions di rectes, de l’Administration de l’enregistrement et des do maines et de l’Administration des douanes et accises et por tant modification de la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée; la loi générale des impôts (« Abgabenordnung »); la loi modifiée du 17 avril 1964 portant réorganisation de l’Administration des contributions directes; la loi modifiée du 20 mars 1970 portant réorganisation de l’Administration de l’enregistrement et des domaines; la loi modifiée du 27 novembre 1933 concernant le recouvrement des contributions directes et des cotisations d’assurance sociale

Projet de loi portant modification:1° du Code du travail en vue de transposer la directive (UE) 2018/957 du Parlement européen et du Conseil du 28 juin 2018 modifiant la directive 96/71/CE concernant le détache ment de travailleurs effectué dans le cadre d’une prestation de services;2° de la loi modifiée du 19 décembre 2008 ayant pour objet la coopération interadministrative et judiciaire et le renforce ment des moyens de l’Administration des contributions di rectes, de l’Administration de l’enregistrement et des do maines et de l’Administration des douanes et accises et por tant modification de la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée; la loi générale des impôts (« Abgabenordnung »); la loi modifiée du 17 avril 1964 portant réorganisation de l’Administration des contributions directes; la loi modifiée du 20 mars 1970 portant réorganisation de l’Administration de l’enregistrement et des domaines; la loi modifiée du 27 novembre 1933 concernant le recouvrement des contributions directes et des cotisations d’assurance sociale

Dës Ried hunn ech den 09/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant modification:1° du Code du travail en vue de transposer la directive (UE) 2018/957 du Parlement européen et du Conseil du 28 juin 2018 modifiant la directive 96/71/CE concernant le détache ment de travailleurs effectué dans le cadre d’une prestation de services;2° de la loi modifiée du 19 décembre 2008 ayant pour objet la coopération interadministrative et judiciaire et le renforce ment des moyens de l’Administration des contributions di rectes, de l’Administration de l’enregistrement et des do maines et de l’Administration des douanes et accises et por tant modification de la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée; la loi générale des impôts (« Abgabenordnung »); la loi modifiée du 17 avril 1964 portant réorganisation de l’Administration des contributions directes; la loi modifiée du 20 mars 1970 portant réorganisation de l’Administration de l’enregistrement et des domaines; la loi modifiée du 27 novembre 1933 concernant le recouvrement des contributions directes et des cotisations d’assurance sociale” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst ass wuel e kom plexe Gesetzesprojet, soudatt ech a menger Riede zäit kaum all d’Verännerungen ernimme kann. Dofir wäert ech mech dann och op e puer speziell Punkte fokusséieren.

Dat gesot, hu jo och meng Virriedner schonn déi eenzel Elementer ausféierlech beliicht.

Bei dësem Gesetzesprojet geet et drëms, d’Aar bechter, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen, ze schützen a gläichzäiteg eng fair Konkurrenz tëscht de Firmen ze assuréieren. Mat dësem Text sollen all déi Leit, déi zu Lëtze buerg nëmmen temporaire schaffen, an dat op engem eenzelne Chantier, besser behandelt ginn. Wat heescht dat genau?

All Aarbechter, deen hei op Lëtzebuerg schaffe kënnt, muss de Mindestloun kréien oder dee Mon tant, deen zum Beispill an engem Kollektivvertrag festgehalen ass. Och an dat fannen ech beson nesch wichteg muss de Patron dem Aarbechter, deen an eist Land kënnt, eng anstänneg Wunneng fir ze iwwernuechte bereetstellen. Richteg gläich gestallt zu engem Aarbechter, dee fest zu Lëtze buerg schafft, ass een doduerch awer nach net ganz. Eréischt wann dës Persoun méi wéi 18 Méint hei zu Lëtzebuerg géif schaffen, hätt se quasi all d’sozial Rechter an d’Flichten, mat e puer Ausnamen.

Zu esou engem Fall sollt et awer an der Reegel net kommen, well de Patron eng extra Demande muss maachen, fir datt d’Leit méi wéi ee Joer kënnen um Stéck hei schaffen. Et ass also weiderhin nach ëm mer attraktiv, fir d’Leit aus dem Ausland kommen ze loossen a se no engem Joer erëm heemzeschécken. Zum Prinzip, datt d’Leit aus Europa dierfen hei zu Lëtzebuerg fir kuerz Opträg agestallt ginn, gëtt et verschidde Meenungen. Fakt ass, datt an der EU all EUBierger a Betrib déi selwecht Rechter soll a muss hunn. Dorënner och d’Recht fir all Firma, als Soustraitant mat enger anerer Firma hei zu Lëtze buerg u Projeten ze schaffen. Mir kënnen net an enger oppener Ekonomie just op Basis vun den Na tionalitéite vun de Mataarbechter oder vun de Betri ber diskriminéieren. Ëmsou méi wichteg ass et do fir, dat anstänneg ze encadréieren.

Här President, net eréischt säit de groussen Infek tiounsketten an däitsche Schluechthaiser sollt de Leit kloer sinn, datt hei an Europa nach ëmmer Leit als bëlleg Aarbechtskraaft mëssbraucht ginn. Dës Leit, déi fir dräi Su op esou Plaze schaffe kommen, wunne wärend dëser Zäit oft an inakzeptabelen Zoustänn zu zéng an engem oder an zwee Zëmme ren. Si hunn och oft keen Zougang zu anstännege Sanitäranlagen. A wat dat fir Follge kann hunn, ech mengen, dat hu mer all an deene leschte Méint ge sinn an natierlech och bedauert.

Et gëtt an Europa nach ëmmer de Problem vun der Ausbeutung vu bëllegen auslänneschen Aarbech ter. Fir dëse Problem ze behiewen, brauch een na tierlech déi néideg legal Moyenen. Mee dat geet net duer! Virun allem mussen dës legal Verflichtungen och herno an d’Realitéit ëmgesat ginn. Esou brauch ee virun allem herno och Leit, déi dat Ganzt kontrol léiere kënnen. Dës Aufgab soll zu Lëtzebuerg vun der ITM iwwerholl ginn.

Elo ass et awer nun emol esou, datt et der ITM u Leit feelt, fir net nëmmen all Chantier, mee och nach all d’Wunnenge vun dësen Aarbechter ze kontrolléieren. Wa mir also wëllen, datt et dëse Leit an Zukunft besser hei zu Lëtzebuerg geet, schloen ech vir, datt mer och d’Sue fir méi Mataarbechter bei der ITM an d’Hand huelen. Ech weess, dat gëtt schonn zum Deel gemaach. Ech maachen hei nach eng Kéier andrénglech den Appell, datt een do eng Schëpp kann dropleeën. An déi Schëpp hätt natier lech och eis vollst Ënnerstëtzung.

Esou ass et nämlech wichteg, fir d’Fuerderungen an dësem Gesetz och an der Welt dobaussen ëmset zen ze kënnen. D’ITM ass den Dréi an Aangelpunkt vun dësem Gesetz. Si kontrolléieren net nëmmen d’Leit an d’Betriber, si mussen och Preventiounsaar becht leeschten. Duerch eng Säit eng Säit! op der ITM hirem Internetsite soll sech all Aarbechter a Patron kënnen informéieren, u wéi eng Mesuren ee sech muss halen. Zum Beispill, datt een aacht Deeg Zäit huet, fir seng auslännesch Aarbechter unze mellen.

Et ass ëmmer wichteg, fir d’Leit iwwer hir Rechter a Flichten ze informéieren. Dat ass kloer! Dat wäert och keen heibanne bestreiden. Ech si mer awer net sécher, ob do eng Säit um Site vun der ITM duer geet. Et fänkt schonn domadder un, datt d’ITM en Internetsite op Däitsch an op Franséisch huet. Mir wëssen awer, datt grad bei detachéierten Aarbech ter net onbedéngt ka virausgesat ginn, datt se Däitsch an/oder Franséisch kënnen. Deementsprie chend muss d’ITM hei en Effort maachen, fir a méi wéi nëmmen deenen zwou administrative Sprooche vu Lëtzebuerg ze kommunizéieren, fir esou och wierklech jiddwerengem Accès zu dëse wichtegen Informatiounen ze garantéieren.

Ech maachen hei awer och nach zousätzlech den Appell, datt mer eis net domadder zefridde ginn, fir op engem Internetsite ze kommunizéieren. Mir musse proaktiv um Terrain Werbung fir d’Rechter vun den Eenzelne maachen. Well et ass net einfach virauszesetzen, datt een, dee mat deene wëllste Verspriechungen am Ausland ugeworbe gëtt, fir hei zu Lëtzebuerg wärend enger Zäit ze schaffen, och weess, datt en iwwerhaapt Rechter huet, déi iwwert dat erausginn, wat e vu sengem Patron virgegaukelt kritt.

Sécherlech, déi meescht wëlle sech un d’Gesetzer halen. Déi meescht hale sech un d’Gesetzer. An déi meescht probéieren, esou konform ze sinn, wéi et nëmme geet. Et geet hei awer drëm, d’Aarbechterin nen an d’Aarbechter viru genau deene Patronen ze schützen, déi sech herno als schwaarz Schof eraus stellen. Et geet drëm, Werbung ze maache fir d’Rech ter vun all Eenzelnem.

Zum Transportsecteur gouf ewell gesot, firwat deen net berücksichtegt gëtt. Ech mengen, dat ass kloer. Hei erhoffen ech mer, datt déi speziell Direktiv fir den Transportsecteur dann och relativ séier do ass an transposéiert ka ginn. Mee, bon, dat ass eng Saach, déi e bëssen Zäit wäert brauchen, et ass e komplexe Secteur. An et ass näischt, wat sech vun haut op muer léise léisst.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dës Direktiv ass ee Schrëtt an déi richteg Richtung a Saachen Aarbechtsrecht, och well net nëmme ganz

Betriber, mee och Aarbechter aus Interimsfirmen doduerch besser geschützt ginn. De Loundumping an Europa muss en Enn hunn. An dat heiten ass e wichtege Schrëtt an déi Richtung. All Mënsch, deen hei zu Lëtzebuerg egal wou un egal wat schafft, soll d’Gewëssheet hunn, datt en nom Mindestloun be zuelt gëtt an datt en a mënschewierdege Konditiou nen ënnerbruecht gëtt. All Mënsch, deen hei zu Lët zebuerg schafft, soll iwwer seng Rechter Bescheed wëssen.

All Betrib soll kënne kontrolléiert ginn. Dofir ass dëst ee Schrëtt, awer och nëmmen e Schrëtt. An dee ganze Laf, fir un d’Zil ze kommen, steet nach virun eis. Et ass, wéi eise Premier géif soen, e Ma rathon. A mir mussen oppassen, datt eis net ënner wee den Otem ausgeet.

Dat gesot, wäerte mir dat heite matstëmmen, well et drëm geet, d’Aarbechter besser ze schützen. Ech soen Iech Merci.