Header for Projet de loi portant organisation des contrôles du transport de l’argent liquide entrant au ou sortant du Grand Duché de Luxembourg et mise en œuvre du règlement (UE) 2018/1672 du Parlement européen et du Conseil du 23 octobre 2018 relatif aux contrôles de l’argent liquide entrant dans l’Union ou sortant de l’Union et abrogeant le règlement (CE) n° 1889/2005

Projet de loi portant organisation des contrôles du transport de l’argent liquide entrant au ou sortant du Grand Duché de Luxembourg et mise en œuvre du règlement (UE) 2018/1672 du Parlement européen et du Conseil du 23 octobre 2018 relatif aux contrôles de l’argent liquide entrant dans l’Union ou sortant de l’Union et abrogeant le règlement (CE) n° 1889/2005

Dës Ried hunn ech den 30/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant organisation des contrôles du transport de l’argent liquide entrant au ou sortant du Grand Duché de Luxembourg et mise en œuvre du règlement (UE) 2018/1672 du Parlement européen et du Conseil du 23 octobre 2018 relatif aux contrôles de l’argent liquide entrant dans l’Union ou sortant de l’Union et abrogeant le règlement (CE) n° 1889/2005” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt och hei e grousse Merci un de Rapporter Guy Arendt fir säin ausféierleche mëndlechen a schrëftleche Rapport.

Hien huet et scho gesot, duerch dëst Gesetz setze mer en EUReglement ëm, deen u sech en einfacht Zil huet: d’Geldwäsch an d’Terrorismusfinanzéie rung an Europa weider ze bekämpfen! Ech soen „u sech en einfacht Zil”, well den Däiwel läit bei deene Saache bekanntlech am Detail.

D’Douane féiert jo och haut schonn an deem Kontext Kontrollen duerch. An et gouf virdru scho gesot, vill Leit si sech guer net bewosst, datt déi Kontrolle stattfannen. Wou begéint een et vläicht nach?

Vläicht nach um Flughafen. Mee schonn op der Gare sicht ee verzweifelt no Schëlder, déi drun erënneren, datt een u sech esou Saache misst deklaréieren, wann ee méi wéi 10.000 Euro derbäihuet.

Et geet also och drëm, hei nach eng Kéier e bëssen, jo, Kenntnis vun deenen Dispositiounen ze schafen.

Dëst Gesetz gëtt also der Realitéit um Terrain awer och en neie Kader, en neie gesetzleche Kader, a weit gläichzäiteg d’Kompetenze vun der Douane op Schecken an deelweis och op PrepaidKaarten aus.

Et gouf gesot, et geet net ëm Kryptowärungen. Dat war och eng Diskussioun, déi mer an der Kommis sioun haten. Et wär och schwéier, dat op Kryptowä rungen auszeweiten, well Kryptowärunge meesch tens net op iergendengem Dispositif mat sech ge fouert ginn. Bon, et kann ee säi Private Key natier lech op engem USBStick derbäihunn oder ausge dréckt, mee ob dann de Schlëssel fir de Safe dat nämmlecht wär wéi de Safe derbäizehunn? Ech mengen, datt mer eis do dach awer géifen op ganz dënnt Äis beginn, soudatt bei PrepaidKaarten et awer e bësse méi tangibel ass. Do ass et ganz kloer mat där Kaart verbonnen, mat engem tangi bele physeschen Objet.

Wat mer awer och vläicht wichteg ass an deem hei ten Dossier, ass, datt et och zum Beispill ëm de Goldtransport geet. Och dat war en Theema, wat mer an der Kommissioun ugeschwat hunn. A wann ee sech bewosst gëtt, wat den illegale Goldofbau hautdesdaags nach ëmmer ausmécht an datt dat och a Covidzäiten net gebremst gouf, dann ass et néideg, eis Douane legal grad wéi materiell um neiste Stand ze halen.

Eleng aus dem Uganda gouf wärend der éischter Covidwell tëscht Mäerz an Abrëll d’lescht Joer Gold am Wäert vu schätzungsweis 120 Milliounen Euro exportéiert, deelweis aus illegale Minnen aus dem Land selwer, deelweis aus illegale Minnen aus dem Kongo, wou dann duerch den Uganda transitéiert ginn ass.

Duerch dëse Goldhandel setze Mënschen an den onkontrolléierte Minne fir ronn dräi Euro den Dag hiert Liewen op d’Spill. Duerch déi illegal Gruewun gen op der Sich no nach méi Gold ginn och Felder an d’Natur zerstéiert. Doduerch, datt dëst Gold dann deelweis illegal bis an Europa, bis op Lëtze buerg transportéiert a verkaaft gëtt, gëtt dëse Sys tem ëmmer weider finanzéiert. De Kampf géint Geldwäsch a Steierhannerzéiung ass also och e Kampf fir d’Anhale vu Mënscherechter a fir den Ëm weltschutz.

Och gëtt et Zäit, datt d’EU besser ka géint Geldwäsch an Terrorfinanzéierung duerch PrepaidKaar te vir goen. Mir kennen alleguerten d’Nouvellen aus de Medien, wann dann erëm eng Kéier iergendwou ent weeder en Attentat geschitt ass oder eent ver hënnert gouf, datt se meeschtens och nach eng ganz Rëtsch entweeder Cash oder eebe PrepaidKaarte fonnt hunn, wou dann och nach Geld drop war.

D’Gefor vu Geldwäsch duerch Prepaid oder souge nannt Giftcards ass an deene leschte Joren ëmmer méi geklommen. An esou Kaarte solle laut Berich ter vu Standard & Poor’s och schonn am Kader vun den Terroruschléi zu Paräis 2015 benotzt gi sinn. A si gi reegelméisseg benotzt, wann et ëm Arnaquë geet! Dat muss een och soen.

Mir kennen alleguerten déi Ransomware, wann erëm iergendengem säi Computer gehacked gouf an e rouden Ecran kënnt a seet: „Bezuel esou vill, soss sinn deng Donnéeë fort!“ Ma do gëtt et meeschtens zwou Aart a Weise fir ze bezuelen. Ent weeder et bezilt ee mat Bitcoins oder et kritt ee ge sot: „Gitt esou eng Giftcard kafen“, ech nennen elo net d’Mark vun där Kaart, „gitt déi kafen, schéckt eis de Code, schéckt eis d’Foto vun där Kaart an da gitt Der erëm fräigeschalt.“ Et ass u sech also e ganz einfache Moyen, fir och kriminell Aktivitéiten ze finanzéieren. An duerfir ass et wichteg, der Douane hei déi néideg Zwecker (veuillez lire: der Douane hei och déi neideg Moyenen) ze ginn.

Ech gesinn hei keen Agrëff an d’Libre circulation vum Boergeld, well déi Limitatioune ginn net ver schäerft. Et geet hei wierklech ëm nei Moyenen an anere Kontexter.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’EU a Lëtzebuerg musse weiderhin dru schaffen, de Geld schmuggler d’Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen. Dofir musse mer d’Aarbecht vun eiser Douane ëmmer erëm un déi nei Gegeebenheeten upassen an hir déi néideg Mëttelen zur Verfügung stellen, fir hir Aarbecht richteg a gutt kënnen ze maachen.

D’Piraten weise sech also d’accord mat dësem Ge setzesprojet a wäerten en dofir matstëmmen.

Merci.