Header for Projet de loi portant prorogation de l’état de crise déclaré par le règlement grand ducal du 18 mars 2020 portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre Covid19

Projet de loi portant prorogation de l’état de crise déclaré par le règlement grand ducal du 18 mars 2020 portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre Covid19

Dës Ried hunn ech den 21/03/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant prorogation de l’état de crise déclaré par le règlement grand ducal du 18 mars 2020 portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, Dir Dammen an Dir Hären, et ass net heefeg de Fall, datt d’Chamber samschdes ze summekënnt. Dat seet eis schonn eleng: Et ass wichteg! Et ass eng Ausnamesituatioun. An ef fektiv, mir sinn an enger Kris.

Ech mengen, kee Politiker heibannen hëlt gären déi Mesuren, déi mir haut hei mussen huelen. Ma et sinn decisiv Mesuren, grav Mesuren, déi matentscheeden, jo, iwwer Liewen an Doud. Här President, den 20. Januar 2016 huet den honorabelen deemools nach Deputéierten Alex Bodry am Numm vun enger grousser Majoritéit vun de Membere vun der Institutiounskommis sioun heibannen eng Proposition de révision de la constitution deposéiert, fir eeben deen Arti kel 32 Paragraf 4 vun der Constitutioun unze passen, deen haut invoquéiert gëtt, dat an engem Kontext, mir erënneren eis, wou knapps ee Joer virdrun, nämlech am Januar 2015, déi schrecklech Attentater op d’Redaktioun vum „Charlie Hebdo“ d’Welt an Otem gehalen hunn. Dat selwecht Joer, fir genee ze sinn den 13. November 2015, koum et zu Paräis zu weide ren Attentater, notamment op d’Concertshal Bataclan, wou iwwer 130 Mënschen, onschël leg Leit hiert Liewe gelooss hunn. Dës grujeleg Evenementer bleiwen eis bis haut am Kapp, wa mer iwwert dësen Artikel schwätzen.

Dës Attentater hunn dozou gefouert, datt Frankräich fir d’éischte Kéier säit dem Coup d’État an Algerien 1958 den État d’urgence aus geruff huet. Divers europäesch Staaten hunn no dësen Terrorattacken hir Constitutioun ugepasst an hunn d’Notioun vum État d’urgence respek tiv dem État de crise an hirer Constitutioun iw werschafft a preziséiert, fir esou kënnen adequat op national an international Menacen a Krisen ze reagéieren, dorënner eeben och Lëtzebuerg. Haut, am Kader vun der Coronakris, ass et keng terroristesch Menace, déi eis bedréit, mee et ass eng nach méi perfid, eng méi onsiichtbar Menace. Et ass e Virus. Et ass eng sanitär, eng gesondheetlech Menace. D’Politik muss an esou Situatiounen handlungsfäeg sinn an d’Re gierung séier an ouni vill bürokrateschen Opwand déi adequat Mesuren huele loossen, fir esou d’Bevëlkerung virum Coronavirus ze schützen. Et geet drëms, ze verhënneren, datt onschëlleg Leit hiert Liewe verléieren.

Här President, duerch den État de crise kann d’Regierung, an dat hunn d’Virriedner hei scho gesot, ënner gewëssen Ëmstänn vum Par lament Pouvoiren, speziell Pouvoire kréien, fir kënnen iwwer e Règlement grandducal och a Matièren, déi souguer duerch d’Verfassung dem Gesetz virbehale sinn, ze handelen. Mir schwätzen also vu plein Pouvoiren, awer ënner zäitleche Begrenzungen.

Wéi ech virun zéng Joer mat e puer Verréckte nen d’Piraten gegrënnt hunn, hätt ech mer net geduecht, …

(Interruptions et hilarité)

… datt ech eng Kéier géif hei stoen …

(Hilarité)

Mme Nancy Arendt épouse Kemp

(CSV). Dat hutt Dir elo gesot.

M. Sven Clement (Piraten). … an iwwer plein Pouvoire …

M. Fernand Kartheiser (ADR). Et sinn der ze vill.

M. Sven Clement (Piraten). … fir d’Regie rung géif ofstëmmen.

D’Piraten goufe gegrënnt, fir d’Rechter vun de Biergerinnen a Bierger ze stäerken, fir ze verhën neren, datt de Staat sech iwwer grondleeënd Rechter vun eis alleguerte kann ewechsetzen. An dat maache mer bis haut mat vollem Asaz.

An dofir ass et och haut mat engem awer kräischenden A, datt mer dëst matdroe wäer ten. Et ass nämlech wichteg, datt och an engem État de crise d’Grondrechter weiderhi geschützt bleiwen. Et sinn aussergewéinlech Ëmstänn an dës verlaangen eeben dës ausser gewéinlech Moyenen.

Här President, mam Règlement grandducal vum 18. Mäerz gesi mer elo schwaarz op wäiss, wat den État de crise zu Lëtzebuerg bedeit. E bedeit weesentlech Aschränkungen a Saachen Deplacement fir de Public. Et gesäit een awer och Limitatiounen, wat den Openthalt a kultu rellen, sozialen, Sports a weideren Infrastruktu ren ugeet. Et ass eng grouss Aschränkung vun de Grondrechter op fräi Entfalung vun den eenzelne Mënschen.

De Projet de loi 7534, deen d’Chamber haut wäert stëmmen, verlängert dësen État de crise aus dësem Règlement grandducal fir maximal nach dräi Méint. Dofir brauche mer och déi speziell Zweedrëttelmajoritéit, déi fir d’Verfas sungsfroe virbehalen ass. Mir Piraten si frou, datt mer hei konnten Unanimitéit derfir fan nen. An och dat weist: An enger Kris ka Lët zebuerg zesummestoen!

Jo, den État de crise bedeit weesentlech A schränkungen an eisem alldeegleche Liewen an en déiwen a schmäerzhaften Aschnëtt an eis Ekonomie. Trotzdeem dierfe mer elo net kapi tuléieren. Mir mussen agéieren. Dësen État de crise muss der Regierung elo d’Moyene ginn, fir onbürokratesch a séier alle Leit, vun de Sala riéen iwwert d’Entreprisë bis hin zu den Inde pendanten a Chômeuren, kënnen ze hëllefen, sief et duerch d’Opkënnegung vu virge schriwwenen Delaien, de Chômage partiel, wéi scho gemaach, oder firwat net? duerch e bedéngungslost Grondakommes fir déi, déi et besonnesch haart trëfft. Wéi gesot, et sinn aus sergewéinlech Ëmstänn. Dës verlaangen och aussergewéinlech Moyenen a Mesuren. Partei politik huet op dëser Plaz näischt verluer.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, ech liesen an der europäescher Press vu jonke Leit op Intensivstatiounen, vu Leit, déi d’Liewen nach viru sech hunn. Ech liese vun eelere Leit, déi e Liewe laang geschafft hunn an elo leiden. Ech héieren aus éischter Hand vun iwwerfuerdertem Gesondheetspersonal, wat Dag fir Dag alles gemaach gëtt, heiansdo ëmsoss.

Dëst hei ass net déi éischt Kris, déi eist Land muss meeschteren. Fräiheet huet an esou enger Kris hire Präis. A wann de Präis fir d’Fräi heet no der Kris ass, datt mer elo doheem bleiwe mussen, da sollte mer dat maachen. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, e Fuerscher an de Politikwëssenschafte vum fran séische Centre national de la recherche scienti fique an en Direkter vum Collège d’Europe schreift gëschter an engem vu sengem Artike len: „Et ass a Krisenzäiten, wou sech den Ënner scheed tëscht populisteschen a moderéierte Politiker opdeet.“ A wéi de Coluche scho sot: « Ils ont des théories sur tout, mais surtout ils ont des théories. » D’Populiste sinn net kapa bel, sech op éierlech fondéiert Argumenter ze baséieren, wärend eng moderéiert Politik do raus besteet, Decisiounen ze huelen, déi sech imposéieren, quitte, datt se onpopulär kënne sinn.

Mir Piraten schléissen eis deem un. Mir gesinn den État de crise als eng Mesure, déi op Fak ten, op Verstand a Wëssenschaft baséiert. Mir dierfen elo net an d’Emotioun verfalen, mee mir musse Mesuren huelen, déi de Leit wierk lech hëllefen, fir eng Katastroph ze vermeiden. Jo, et wäerte Sanktioune gi fir Leit, déi sech net un d’Consignen halen. A Sanktioune gesi mer grondsätzlech kritesch. Mee mir hunn an deene leschten Deeg leider misse gesinn, datt och mat deem beschte gudde Wëlle vill Leit d’Consignë vum Règlement grandducal nach ëmmer mëssuecht hunn an deementsprie chend brauch et dës Sanktiounen, fir esou d’Leit ze schützen. Wou den Appell: „Bleift doheem!“ net gräift, muss de Staat penaliséie ren. Wéi den Immanuel Kant scho sot: „Die Freiheit des Einzelnen endet dort, wo die Frei heit des anderen beginnt.“

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, dë sen État de crise dierf net zur Normalitéit ginn. Mir Piraten sti fir Fräiheet a sozial Sécherheet vun all Eenzelnen ouni Iwwerwaachung, mat esou mann wéi méiglech Staatsgewalt. Mir kënnen dëse Projet de loi matdroen, well en d’Biergerinnen an d’Bierger schützt. Mir wën schen eis awer näischt méi, wéi datt deen Zou stand hei esou séier wéi méiglech erëm opge léist gëtt an datt mir erëm fräi sinn, ouni awer de Gedanke vu Solidaritéit erëm ze vergiessen, deen an dëser Kris esou present ass. Loosst eis déi richteg Léieren aus dëser Zäit zéien a loosst eis no vir an eng gesond, fair an europäesch Zukunft kucken!

Il y en a, des personnes qui n’ont pas la chance d’être avec leurs proches dans ces temps de crise! Il y en a qui sont sans abri, il y en a qui seront livrées à la violence de leur mari. Il y en a qui travaillent durement, sans répit, pour nous tous. Ce sont des Luxembourgeois, des Portugais, des Italiens, des Français, des Alle mands, des humains. Tous, ils vivent la même misère en tant qu’Européens, en tant qu’hu mains. Nos pensées sont avec vous!

Wenn diese Krise eines aufzeigt, dann, dass wir alle Menschen sind, die nach einem gesunden, fröhlichen und erfüllten Leben streben. Wir werden aus dieser Krise lernen. Wir dürfen jetzt nicht egoistisch handeln.

Martin Luther King Junior used to say: „Let us not seek to satisfy our thirst for freedom by drinking from the cup of bitterness and ha tred.“

D’Piraten soen haut: „This is the time of solida rity between everyone living in this country, on this planet and willing to fight this virus.“ Bleift doheem! Schützt Är Matmënschen! Sidd solidaresch! Zesumme packe mer dat.