Header for Projet de loi portant prorogation des dérogations aux dispositions des articles 11, alinéa 2, 12, alinéa 3 et 428, alinéa 4 du Code de la sécurité sociale et L. 1216, para graphe 3 du Code du travail

Projet de loi portant prorogation des dérogations aux dispositions des articles 11, alinéa 2, 12, alinéa 3 et 428, alinéa 4 du Code de la sécurité sociale et L. 1216, para graphe 3 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 18/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant prorogation des dérogations aux dispositions des articles 11, alinéa 2, 12, alinéa 3 et 428, alinéa 4 du Code de la sécurité sociale et L. 1216, para graphe 3 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Krank sinn ass net schéin. Ma et ka jiddwerengem geschéien. Kee Mënsch kann derfir, wann e krank gëtt. A wann et geschitt, bréngt dat en Ausfall virun allem an der Aarbechtswelt a villes op d’Kopp, engersäits an der Famill, anerersäits am Betrib. Et ass eeben eng speziell Situatioun. Jee no Gravitéit kann och d’Karriär mat op d’Kopp geworf ginn, an et kann een ufänken, ëm säin Akommes ze baangen, wann et da méi laang de Fall ass.

An och fir de Patron ass et net schéin, wann e Salarié länger Zäit feelt, wou een net genau weess, wéi laang, a wou een net weess: Erset zen ech en elo fir ee Mount? Ersetzen ech e fir e puer Méint? Ersetzen ech e fir ëmmer?

Nieft dësem organisatoreschen Opwand, deen entweeder duerch Ëmorganisatioun oder duerch d’Astelle vun temporairen Aarbechts kräfte kuerzfristeg kann ersat ginn, entstinn awer natierlech och Fraisen, ganz nom Prinzip vun der Lohnfortzahlung, déi mer guer net a Fro wëlle stellen.

(Brouhaha)

Ech wëll domadder awer soen, datt et virun allem a klenge Betriber an a Betriber, wou et wéinst der Spezialiséierung vun der Aarbecht schwéier ass, d’Employéë kuerzfristeg ze erset zen, schwéier ass, fir en Ausfall vun engem Employé duerch Krankheet ze kompenséieren.

Global betruecht ass also ze soen, datt bei engem Krankeschäin all déi Bedeelegt iergend wéi verléieren. Elo am État de crise hat d’Regie rung decidéiert, datt d’Krankekeess a jo, ech deelen do d’Aschätzung vum Här Baum, datt een nach ëmmer e Krankeschäi kritt , d’Kran kekeess also d’Entschiedegunge fir de Salaire am Fall vun engem Krankheetsausfall iwwer hëlt. Do ass schonn nees „Krankheet“! Also den Numm Gesondheet, wann d’Krankekeess oder d’Gesondheetskeess bis ufänkt, déi Gesond ze bezuelen, da kënne mer se richteg Gesond heetskeess nennen. Dëst gouf gemaach, fir d’Entreprisen, déi jo duerch d’Pandemie kloer Ausfäll ze bekloen haten, finanziell ze entlaasch ten. Um Schluss ware béid Säite Gewënner: D’Entreprisen, well se net hu mussen d’Ausfäll finanzéieren, an d’Salariéen, well se weiderhi mat hirem Salaire rechne konnten.

Mir mengen, datt aus den Avise vun de Kum mere kloer erauskënnt, datt d’Gesetz am Kader vun der Entschiedegung am krankheetsbedéng ten Ausfall misst reforméiert ginn. Well kommt, mir sinn éierlech, dat Gesetz, dat de Reche modell opstellt, ab wéini d’CNS d’Indemnisati oun iwwerhëlt, gëtt warscheinlech nëmme vun de Services ressources humaines a groussen Ent reprisë richteg verstanen an applizéiert. Kleng a mëttel Entreprisen, wou ee bis zwee Krankheets fäll oft direkt en Zéngtel bis e Véierel vun der Beleegschaft ausmaachen, di sech schwéier fir ze berechnen, ab wéi engem Dag d’CNS dann elo de Salaire bezilt a wéini net méi.

Fir eis Piraten wär et dofir sënnvoll, datt ab dem drëtten Dag, wou e Mataarbechter am Krankeschäin ass, d’Indemnisatioun direkt iwwerholl géif ginn. Domadder géif een enger säits kleng Entreprisë finanziell direkt méi entlaaschten, op där anerer Säit awer och de Salariéen näischt ewechhuelen an dem Staat de Rôle als Regulateur zoukomme loossen.

Fir eis ass et kloer, datt d’Lohnfortzahlung an Zukunft muss ugepaakt ginn, fir kleng Entre prisë wéi och d’Salariéë besser ze ënnerstëtzen a fir Nodeeler aus der Welt ze raumen. Trotz deem, souwuel d’Patronatskummere wéi och d’Chambre des Salariés hunn dëse Projet posi tiv opgeholl. A mir Piraten deelen d’Meenung, datt dëst Gesetz fir de Moment béid Säite gutt arrangéiert.

Aus deem Grond kënne mir och eisen Accord fir dëse Projet ginn. Ech soen Iech Merci.