Header for Projet de loi portant règlement du compte général de l’exercice 2018

Projet de loi portant règlement du compte général de l’exercice 2018

Dës Ried hunn ech den 19/12/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant règlement du compte général de l’exercice 2018” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Och vu mir e grousse Merci un d’Madamm Rapportrice, déi hei en exzellente Rapport ofginn huet.

Ech wollt mech ganz bewosst dem Alex Bodry senge Fuerderungen hei uschléissen, datt mer déi néideg Transparenz schafen, datt d’Cham ber hir Aarbecht vum Contrôle vun der Exécu tion budgétaire ka maachen, wat d’Staats finanzen awer insgesamt ugeet. Ech mengen, mir kënnen engersäits natierlech eis ëmmer strikt un de Budget halen an och just kucken, wat op deenen eenzele Posten am Budget ge schitt ass.

Ech mengen, an den Här Minister huet dat gëschter gesot, datt mer alleguerte relativ wéi neg iwwert d’gesamt Gesondheet vun de Staatsfinanze geschwat haten, mee ech men gen, dat läit zu engem Deel dorunner, datt mer eis an der Vergaangenheet relativ strikt och ëmmer um Staatsbudget orientéiert hunn a ge kuckt hunn: Wéi geet et deem?

Ech mengen, datt mer eis och eng Kéier iwwert déi Fuerderungen hei kënne vill méi bewosst ginn, wéi et am grousse Bild ass. Anstatt eis wierklech an Detailer ze verrennen, kéinte mer duerch dës Mesuren dat grousst Bild vill méi einfach gesinn an doduerjer dann och disku téieren. Ech mengen, dat ass eng Missioun vun dësem héijen Haus an déi sollte mer eis dann och zu eege maachen. An dofir merci nach eng Kéier, Madamm Rapportrice! Merci awer och Alex Bodry fir déi Fuerderungen, déi mir voll kommen ënnerstëtze kënnen!