Header for Projet de loi portant règlement du compte général de l’exercice 2019

Projet de loi portant règlement du compte général de l’exercice 2019

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant règlement du compte général de l’exercice 2019” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Och vu mir als Éischt e Merci, net nëmmen un déi schrëftlech Rapportrice, mee och un d’mëndlech Rapportrice, déi hei en excellente Rapport gemaach hunn. Ech mengen, datt een zu de Konten net vill méi ka soen, wéi datt d’Depensë sech am Kader ge halen hu vun deem, wat gestëmmt gouf. All Stot wär frou, wann e bei engem Joresbudget bei tout juste minus 1 % géif erauskommen. Dat also hei eng Kéier och ervirgestrach, et muss een net ëm mer kritiséieren als Oppositioun, dat kann een och ganz kloer emol eng Kéier soen: 1 % méi Depensen, dat ass ganz akzeptabel.

Wat eis e bësse méi wéi deet a wou ech awer och am Laf vum Joer nach eng Kéier wäert drop zréck kommen, dat ass, datt eis ProKappVerschëldung sech zënter 2008 (veuillez lire: zënter 2007) vervéier facht huet a sech an deenen nächste Joren net onbedéngt wäert erhuelen. Dat ass eppes, do musse mer en A drop halen. Mir sollten net nëm men op eng relativ Verschëldung am PIB kucken, mir sollten och déi ProKappVerschëldung am A behalen, well dat ass dat, wat de Stot dobaussen och versteet, dat ass dat, wat mer an Zukunft u Ca pacité de remboursement mussen opbréngen, wa mer déi Scholden iergendwann eng Kéier wëllen zréckbezuelen.

Dat gesot, d’Cour des comptes huet eng ganz Rëtsch Recommandatioune gemaach do wäre mer frou, wann déi no an no dann och endlech géifen opgeschafft ginn, genau esou wéi déi vun der Comexbu.

Dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten.