M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Och vu mir e Merci un de Mars Di Bartolomeo fir dëse Rapport vun engem ganz kuerzen an technesche Gesetz.
Ech wollt d’Geleeënheet kuerz notzen, fir drun ze erënneren, datt mer am Dezember eréischt, am Dezember d’lescht Joer, et si fënnef Méint hier an et gesäit awer esou laang aus, méi streng Reegele fir d’Parteiefinanzéierung gestëmmt hunn. Mir hunn hei, besser gesot am Chambersgebai, méi streng Reegele gestëmmt. An elo mierke mer, well mer de Covid19 net konnte virausgesinn, datt mer eis do selwer e bëssen an en Eck manövréiert hunn. An deementspriechend ass dat heite just eng temporär Mesure, déi un eng temporär Situatioun gebonnen ass. A fir déi ze behiewen, gi mir och eisen Accord.