Header for Projet de loi portant sur: 1° l’organisation et le fonctionnement de l’« École de Commerce et de Gestion School of Business and Mana gement »; 2° l’intégration de l’offre scolaire de l’École Privée Grandjean et la reprise de son personnel

Projet de loi portant sur: 1° l’organisation et le fonctionnement de l’« École de Commerce et de Gestion School of Business and Mana gement »; 2° l’intégration de l’offre scolaire de l’École Privée Grandjean et la reprise de son personnel

Dës Ried hunn ech den 15/07/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant sur: 1° l’organisation et le fonctionnement de l’« École de Commerce et de Gestion School of Business and Mana gement »; 2° l’intégration de l’offre scolaire de l’École Privée Grandjean et la reprise de son personnel” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och mir Piraten wäerten dëse Projet, deen d’Integratioun vun neie Sektiounen am ECG virgesäit, matstëmmen.

Ech hat am Ufank vun der Legislatur net geduecht, datt ech eemol erliewen dierft, datt grad e liberalen Educatiounsminister eppes verstaatleche géif. Ze grouss war dach d’Kritik an der Vergaangenheet ëmmer, e géif alles privatiséieren! An elo stinn ech hei an ech kann de Feu vert ginn, fir eng Schoul ze verstaatlechen. Heiansdo spillt d’Liewen dann awer komesch Spillercher mat eis. Dat erkläert dann och vläicht, firwat mindestens ee Kolleeg heibannen den Ënnerscheed zwëschent der Verstaatlechung an der Privatiséierung net verstanen huet.

Et ass wichteg, de Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée Grandjean eng Méiglechkeet ze ginn, hire schoulesche Parcours fäerdeg ze maachen. A mir freeën eis och, datt d’Personal aus dem ale Lycée am ECG wäert iwwerholl ginn. Den ECG bitt elo schonns ganz villfälteg Formatiounen un an elo wäerten eeben nach e puer nei Sektiounen an Diplo mer derbäikommen. Dorënner och eng Formatioun, déi zu engem auslänneschen Diplom féiert.

Generell ass et ze begréissen, wa Schülerinnen a Schüler verschiddenst Formatiounen ugebuede kréien, fir jidderengem eng Ausbildung ubidden ze kënnen, déi bei seng Interessen a bei seng Kompe tenze passt. Trotzdeem muss d’Politik awer och oppassen, de Jonken net duerch eng fréizäiteg Spe zialiséierung schonn ze fréi d’Méiglechkeeten ze huelen, wat eng eventuell Ëmorientéierung als jon ken Erwuessenen nach eng Kéier ugeet.

Lëtzebuerg bitt schonn um Niveau vum Secondaire ganz vill Spezialiséierungen un, wat am Ausland esou net ëmmer de Fall ass. Dat kann nämlech dann derzou féieren, datt eis Schülerinnen a Schüler, wa se an deem Beräich, an deem se sech spezialiséiert hunn, e Studium uginn, am éischte Joer séier mier ken, datt si a puncto Grondwësse par rapport zu hire Matschülerinnen a schüler aus anere Länner oder vun anere Sektiounen eng exzellent Basis hunn.

Ech selwer erënnere mech drun, wéi meng däitsch Kolleeginnen a Kolleegen op der Uni an der Mathe für BWLer geschweesst hunn, well se grondleeënd Konzepter nach net gesinn haten, déi hei zu Lëtze buerg awer op enger ganzer Rëtsch Sektiounen am Lycée enseignéiert goufen. Do war de Problem dann éischter deen, fir vum franséischen Term op déi däitsch Terminologie ze kommen. Ech erënnere mech nach ëmmer, wéi ech déi éischt Stonn do souz an de Proff vun „Ableitunge“ geschwat huet an ech hunn nëmme Bahnhof oder Gare verstanen, well mir dat nun emol als „Dérivée“ an net als „Ableitung“ kannt hunn. Dat sinn déi Problemer, do kënnt ee séier driwwer ewech, an dann huet een eng exzellent Basis.

Ze mengen also, datt de lëtzebuergesche Schoul system net exzellent preparéiere kann, dat gräift ze kuerz. Se mussen awer natierlech heiansdo an dat grad, wa se sech ze fréi spezialiséiert hunn an engem neie Fach vill opschaffen, soudatt se déi Spezialiséierung heiansdo och erëm verléieren. Se mussen eppes opschaffen, well hinne Grond wëssen an anere Beräicher feelt.

Dofir ass et wichteg, datt mer déi Jonk vun Ufank un iwwer hir Optiounen, awer och d’Konsequenze vun hire Choixen informéieren, fir esou sé cherzestellen, datt wierklech just déi Jugendlech sech fréi spezialiséieren, déi och fréi erkannt hunn, wat hir Passioun ass. Fir déi aner musse mer och weiderhin nach méi allgemeng Sektiounen ubidden, déi et erlaben, sech eréischt nom Secondaire wierk lech ze spezialiséieren.

Dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten a wënschen de Schülerinnen a Schüler aus dem ECG an dem ale Lycée Grandjean elo emol eng schéi Vakanz an dann eng erfollegräich Rentrée 2021/2022 an engem neie Kader. Ech soen Iech Merci.