Header for Projet de loi portant1. dérogation temporaire à certaines dispositions en matière de droit du travail en relation avec l’état de crise lié au Covid19;2. modification du Code du travail

Projet de loi portant1. dérogation temporaire à certaines dispositions en matière de droit du travail en relation avec l’état de crise lié au Covid19;2. modification du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 17/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant1. dérogation temporaire à certaines dispositions en matière de droit du travail en relation avec l’état de crise lié au Covid19;2. modification du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, den État de crise huet villes mat sech bruecht, wat aar bechtsrechtlech net ideal ass. A mir probéiere mëttels Projetdeloie wéi dësem, mee och dee nen, déi schonn annoncéiert sinn an déi mer haaptsächlech och muer wäerten traitéieren, eis der Situatioun beschtméiglech ze adaptéie ren a se esou fair wéi méiglech fir jiddereen ze maachen.

Ech wëll bei dëser Geleeënheet awer och op d’Kritik vun der Chambre des Salariés verwei sen, déi ze bedenke gëtt, datt d’Rechter vum Salarié bei dësem Gesetzesprojet net wäitree chend genuch geschützt sinn. Heizou zielt ënner anerem d’Verlängerung vum Delai be treffend de Kënnegungsschutz vu 26 Wochen, deen een hirer Meenung no misst iwwert den État de crise eraus bis Enn des Joers verlänge ren. Hei hätt een effektiv e bësse méi wäit kënne goen.

Och d’Interimmen, en Theema, wat d’Piraten hei am héijen Haus ewell des Ëfteren uge schwat hunn, mussen an dëser Kris besonnesch geschützt ginn. Schonn an Netkrisenzäite leiden dës Leit ënner prekären an heiansdo schlecht bezuelten Aarbechtsverhältnisser.

Mir Piraten schléissen eis der CSL hirer Kritik un a fannen, datt dës Leit vum selwechte Schutz misste kënne profitéiere wéi déi aner Salariéen. Mir sti fir Gläichberechtegung an duerfir fanne mer, datt jidder Aarbechter oder Salarié vum selwechte Schutz soll kënne profitéieren, sief dat am Beräich vum Aarbechtsrecht, bei der Sozialversécherung oder beim Zougang zu der Gesondheetsversuergung.

Här President, wéi mer wëssen, wäert den Impakt vun der Kris nach laang ze spiere sinn. Dofir mécht et Sënn, verschidde Moossnamen, déi wärend dem État de crise am Beräich vum Aarbechtsrecht ergraff goufen, iwwert dësen eraus ze verlängeren. Ma, vill Leit leide wéinst der Kris, engersäits ënnert der Angscht an Onsécherheet, hiren Job ze verléieren, anerer säits wéinst vill méi triviale Froe vum Alldag, wéi et generell soll weidergoen. Et hunn och rezent Studie gewisen, datt Leit duerch d’Kris zu méi verstäerkten Angschtstéierunge kom men. E staarke Kënnegungsschutz kéint dëser Angscht definitiv entgéintwierken.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir sinn der Meenung, datt de Chômage partiel de Patronen d’Decisioun kann erliichte ren, Aarbechtskontrakter vun de Salariéen och wärend der Coronakris an duerno ze erhalen.

Mir Piraten stëmmen dëse Gesetzesprojet mat an der Hoffnung, datt d’Regierung an Zukunft nach verstäerkt Efforte wäert maachen, fir datt dee mat dësem Gesetzesprojet votéierte Schutz och allen anere schaffende Leit kann zegutt kommen.

Ech soen Iech Merci.