Header for Projet de loi portant1° modification de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu; 2° modification de la loi modifiée du 16 octobre 1934 concernant l’impôt sur la fortune (« Vermögensteuergesetz »);3° modification de la loi d’adaptation fiscale modifiée du 16 octobre 1934 (« Steuer anpassungsgesetz »);4° modification de la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenord nung »);en vue de transposer la directive (UE) 2017/952 du Conseil du 29 mai 2017 modifiant la directive (UE) 2016/1164 en ce qui concerne les dispositifs hybrides faisant intervenir des pays tiers

Projet de loi portant1° modification de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu; 2° modification de la loi modifiée du 16 octobre 1934 concernant l’impôt sur la fortune (« Vermögensteuergesetz »);3° modification de la loi d’adaptation fiscale modifiée du 16 octobre 1934 (« Steuer anpassungsgesetz »);4° modification de la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenord nung »);en vue de transposer la directive (UE) 2017/952 du Conseil du 29 mai 2017 modifiant la directive (UE) 2016/1164 en ce qui concerne les dispositifs hybrides faisant intervenir des pays tiers

Dës Ried hunn ech den 19/12/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant1° modification de la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu; 2° modification de la loi modifiée du 16 octobre 1934 concernant l’impôt sur la fortune (« Vermögensteuergesetz »);3° modification de la loi d’adaptation fiscale modifiée du 16 octobre 1934 (« Steuer anpassungsgesetz »);4° modification de la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenord nung »);en vue de transposer la directive (UE) 2017/952 du Conseil du 29 mai 2017 modifiant la directive (UE) 2016/1164 en ce qui concerne les dispositifs hybrides faisant intervenir des pays tiers” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech mengen, ech ka mech deem uschléissen, datt den André Bauler hei probéiert huet, e kompli zéierten Text verständlech ze maachen. Et ass him och insofern gelongen, datt e manner komplizéiert aus sengem Mond geklongen huet, wéi e sech um Pabeier gelies huet. Et ass awer e ganz schwéieren Exercice, fir esou e komplizéierten Text an do ginn ech dem Kol leeg David Wagner Recht ze kondenséieren. Et ass en Text, wann ee sech e bëssen domad der beschäftegt, huet een e bëssen d’Gefill, datt en op där enger Säit um europäesche Plang schonn e bëssen am Hauruckverfare rela tiv kuerz no der ATAD1Direktiv koum an datt mer en dann och hei an engem Sprint u sech duerchdebattéieren, fir datt Lëtzebuerg den 1. Januar kann als Musterschüler mat ATAD 2, also der AntiTax Avoidance, géint Steierhanner zéiung …, nee net emol géint Steierhanner zéiung, géint Steierreduzéierung u sech ka vir goen.

Ech mengen, wann een dat alles zesumme kuckt, dann ass et wierklech e Sprint, mat deem mer hei duerchgaange sinn. An dat sollt eis e bëssen ze denke ginn.

Deen zweete Punkt, deen eis sollt ze denke ginn, an dat huet den David Wagner och uge schwat, dat ass d’Liesbarkeet vu Gesetzestexter. Ech mengen, ech kommen ëmmer erëm drop an ech hunn et gëschter a menger Ried gesot an ech soen et och haut nach eng Kéier: Mir solle keng Gesetzer schreiwen, déi just nach vun Experten an enger Nischematière kënne verstane ginn. Et ass wichteg, datt d’Gesetzer prezis sinn, mee se mussen awer och nach iergendwou digerabel si fir déi Leit, déi dovun ner betraff sinn.

Mme Simone Beissel (DP). Deen Text kënnt vu Bréissel!

M. Sven Clement (Piraten). Jo, Madamm Beissel, et ass och deelweis Bréissel, déi dorun ner schold sinn, datt déi Texter esou kompli zéiert sinn, wéi se sinn.

M. Michel Wolter (CSV). Ëmmer Bréissel!

Mme Nancy Arendt épouse Kemp (CSV). Ëmmer Bréissel!

(Brouhaha)

M. Sven Clement (Piraten). Mee mir mussen awer och eis Responsabilitéit hei hue len an eis soen: …

M. Michel Wolter (CSV). Sou ass et ein fach!

M. Sven Clement (Piraten). … „Déi Texter si vläicht e bëssen ze komplizéiert, fir se nach einfach dobaussen ze erklären oder fir datt d’Leit se einfach kënne liesen.“

(Interruptions)

Ech appeléieren dofir nach eng Kéier, esou wéi ech et gëschter gemaach hunn, drun, datt mer an Zukunft probéieren, och komplizéiert Ma tièrë méi liesbar ze maachen. A wann et nëm men iwwer en Ëmwee vun engem liesbare Commentaire geet, vun engem zousätzleche Commentaire, dee probéiert, e Gesetz an e Kontext ze setzen, deen iwwert dat Legistescht erausgeet, deen iwwert déi legal Interpreta tioun erausgeet, mee quasi eng Aide à la lecture soll bidden, fir datt normal Biergerinnen a Bierger dat nach kënne suivéieren, wat mer heibanne maachen. Well et ass dat, wourëm et geet. Mir stëmmen hei Gesetzer a mir mussen eis dobaussen op der Strooss verteidege fir dat, wat mer stëmmen. An da musse mer eis och kënnen erklären.

An ech mengen, dat ass bei aller Léift fir de Rapporter hei dach schwéier ze maachen. Den David Wagner huet absolutt Recht, wann e seet: „Dat hei ass e Gesetz, mat deem mer zwar nei Aarbechtsplaze schafen, well mer nei Affekote mussen op Lëtzebuerg zéien, déi dat Gesetz do interpretéiere wäerten.“

M. Alex Bodry (LSAP). Et sinn der genuch hei!

M. Sven Clement (Piraten). Nichtsdesto trotz, dat heiten ass eng Direktiv, déi den 1. Ja nuar soll a Kraaft trieden. Se krut den Aval zu Bréissel.

(Interruptions)

Et ass just eng Opposition formelle ginn trotz all deenen anere Krittären. Mir sollten dat stëmmen an dann awer och noleeën an déi Feeler, déi de Staatsrot nach ugemierkt huet, nobesseren. Dofir ginn ech eisen Accord. Merci.