Header for Projet de loi portant:1° modification des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail;2° dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail

Projet de loi portant:1° modification des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail;2° dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 21/01/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant:1° modification des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail;2° dérogation temporaire aux dispositions des articles L. 23451, L. 23452 et L. 23453 du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och dem Rapporter, dem Georges Engel, fir deen exhaustive Rapport, wou en all Etapp opge lëscht huet, déi d’Gesetz gemaach huet. Et sinn der nawell e puer gewiescht.

Dëst ass nämlech den drëtten Ulaf innerhalb vu véier Wochen, fir e gutt Gesetz zum Congé pour rai sons familiales hinzekréien. An ech si frou, ech kann et elo scho soe wéi déi aner Kolleegen: Mir wäerten et matstëmmen. Well et ass, wéi déi Lénk et richteg ausgedréckt hunn: Et gëtt besser a bes ser a besser. Et kéint een u sech hoffen, datt mer a véier Woche schonn nees en neit stëmmen, da gëtt et nach eng Kéier besser.

Mee bon, et muss net onbedéngt sinn. Well d’Ge setz aus dem Dezember war, an dat muss een och éierlech soen, en Noutplooschtergesetz. Et war e Gesetz, wat mer d’lescht Joer do geholl hunn, wéi mer der eng ganz Rëtsch d’lescht Joer haten, eng ganz Rëtsch där Noutplooschtergesetzer, déi en Deel ofgedeckt hunn, déi ëmmer nëmmen iergend wou probéiert hunn, d’Schosswonne mat Ploosch teren ze bedecken, déi awer net de Kärproblem, nämlech d’Schosswonn, konnte behandelen. Hei gi mer elo e gutt Stéck méi wäit an dat begréisse mer explizitt!

Dëst Gesetz hätt awer natierlech och kënnen d’lescht Joer am Summer en amont gemittlech ge schriwwe ginn an hätt net missen als Noutploosch tergesetz kommen. Mir hätte kënne virausplangen. Ech mengen, dat ass eppes, wat d’Oppositioun schonn e puermol an där Kris hei gesot huet. Mir hätte verschidde Mesurë kënnen éischter huelen an dann u Krittäre bannen, wéini se dann ausgeléist ginn, wéini se dann applikabel ginn.

Mir wäre frou, wann dat heite Gesetz net den 2. Abrëll géif auslafen, mee mir wären u sech der Mee nung gewiescht, datt een dat Gesetz hei och kéint bis den 31. Dezember lafe loossen, mat dann engem Krittär dran, wéini et gëllt, wéini et net gëllt. Eppes, wat eis Flexibilitéit zréckginn hätt, ouni datt d’Cham ber allkéiers erëm muss e Gesetz stëmmen, just well d’Pandemie eis iwwerrascht huet. Well u sech däerfte mer eis no bal engem Joer a Pandemiezou stänn net méi vun engem Virus iwwerrasche loos sen. An trotzdeem gesi mer, wat elo grad an anere Länner opgrond vun de verschiddenste Variante vum Virus geschitt. Deementspriechend wäre mir Deman deur gewiescht, datt een eebe grad den 31. Dezem ber hei zréckbehalen hätt an net den 2. Abrëll.

Sollten d’Fallzuelen nämlech erëm klammen, stëm me mer nach eemol en Text. An dat wär net néideg. Et muss een de Leit dobaussen dach endlech eng gewësse Stabilitéit ginn, och an Zäite vun Onstabili téit. Dofir muss virausschauend geplangt ginn an dofir sollten d’Formulairë fir de Congé pour raisons familiales net all zwou Wochen oder all zwee Méint erëm geännert ginn. Mir kéinten eemoleg e Formu laire erstellen, dee bis d’Enn vum Joer voir doriw wer eraus geet, an domadder en onnéidegen zou sätzleche Stress vermeiden, datt d’Leit sech erëm un nei Prozedure musse gewinnen.

Här President, d’Eltere brauchen dëst Gesetz. Si musse kënnen doheembleiwen, wann d’Kanner net an d’Schoul oder an eng Kannerbetreiung kënne

goen. D’Salariéë sinn net do, just fir hirem Patron Merci ze soen, datt se nach eng Aarbecht hunn. Well ouni Salariéen ass och dee beschte Patron näischt wäert. Well dann huet e keen, deen d’Aar becht mécht. An deementspriechend sollt een hei net probéieren, déi eng géint déi aner auszespillen.

Dat gesot, heimat maache mer e wichtege Schrëtt, wann och net wäit genuch. Mir stëmmen dëse Pro jet mat.