Header for Projet de loi portant1° organisation d’études spécialisées en médecine à l’Université du Luxembourg;2° modification de la loi modifiée du 29 avril 1983 concernant l’exercice des professions de médecin, de médecindentiste et de médecinvétérinaire;3° modification de la loi du 28 octobre 2016 relative à la reconnaissance des qualifications professionnelles

Projet de loi portant1° organisation d’études spécialisées en médecine à l’Université du Luxembourg;2° modification de la loi modifiée du 29 avril 1983 concernant l’exercice des professions de médecin, de médecindentiste et de médecinvétérinaire;3° modification de la loi du 28 octobre 2016 relative à la reconnaissance des qualifications professionnelles

Dës Ried hunn ech den 21/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi portant1° organisation d’études spécialisées en médecine à l’Université du Luxembourg;2° modification de la loi modifiée du 29 avril 1983 concernant l’exercice des professions de médecin, de médecindentiste et de médecinvétérinaire;3° modification de la loi du 28 octobre 2016 relative à la reconnaissance des qualifications professionnelles” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir ginn, an dat hunn eng ganz Rëtsch Virriedner scho gesot, mat der Coronakris schmäerzhaft drun erënnert, wéi wichteg d’Fuerschung am Allgemengen a virun allem am medezinnesche Beräich ass. Mir sinn am Moment och drun erënnert ginn, wéi wichteg et ass, gutt forméi ert Personal ze hunn, a wéi schwéier et ass, fir dat Personal ze fannen, an net nëmmen ze fannen, mee wierklech u se ze kommen. Well, an dat hunn och eng ganz Rëtsch Virriedner gesot, eis Ofhängegkeet vu medezinneschem Fachpersonal, wat iwwert d’Grenzen ewech lieft, ass dach beängschtegend.

A jiddweree vun eis hat dach e bëssen eng Schudder um Réck, wéi mer ganz am Ufank vun der Kris gemengt haten, et kéint esou wäit kom men, datt d’Grenzen zougemaach géife ginn, datt net nëmmen d’Grenzen zougemaach géife ginn, mee datt tatsächlech d’medezinnescht Fachpersonal géif zréckgeruff ginn an an d’Ré serve sanitaire d’urgence vun de jeeweilegen Heemechtslänner beruff ginn. Deementspriechend sinn ech frou, datt mer hei e klenge Schrëtt an déi richteg Richtung maa chen.

Mir wëssen, datt et am Gesondheetswiese be sonnesch schwéier ass, souwuel wat d’Ausbil dung ubelaangt d’Ausbildung ass eng regle mentéiert, eng staark reglementéiert Ausbil dung , mee, an dat däerf een net vergiessen, och an der Recherche. An dee Projet hei huet och e Volet Recherche: e Volet Recherche, dee jonk Medezinnerinnen a Medezinner, déi ufän ken de Beruff wëllen auszeüben, dozou inci téiere soll, e bëssen ze fuerschen.

An och do si mer absolutt an der Aktualitéit. Well, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Recher che ass déi, déi eis am Moment d’Informati oune liwwert, fir déi richteg Entscheedungen am Kader vun enger sanitärer Kris ze huelen. An deementspriechend ass et eng wäertvoll Tugend, eng wäertvoll Fäegkeet, wa jiddereen, deen Dokter gëtt, och e staarkt Fundament an der Recherche huet.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëse Projet de loi schaaft d’Méiglechkeet, fir déi spezialiséiert medezinnesch Etüden an de Be räicher Onkologie, Neurologie an Allge mengmedezinn op der Uni Lëtzebuerg kënnen ze implementéieren. Den Detail dovun hunn déi zwee Corapporteuren, deenen ech heimad der och e Merci fir hiren exzellente schrëftle chen a mëndleche Rapport wëll ausdrécken, scho gemaach.

Eis Uni soll méi attraktiv ginn. Eis Uni soll, an dat ass zumindest mäi Gefill, awer och dem Personalmangel am Gesondheetswiesen entgéintwierken, e Personalmangel, deen net nëmmen zu Lëtzebuerg e Problem ass, mee deen international ëmmer méi zu engem Pro blem gëtt. An deementspriechend musse mer eis och bewosst sinn, datt déi Penurie, déi hei ugeschwat gouf, mëttel a laangfristeg net nëmmen zu Lëtzebuerg wäert de Fall sinn, mee datt eis Nopeschregiounen, déi haut nach als Reservoir fir d’Personal déngen, dat an Zukunft guer net méi wäerte kënne stemmen.

Mir hunn e Manque un Neurologen a Genera listen. An de Braindrain, dee mer an deene leschte Joren aus dem Ausland gemaach hunn, fir op Lëtzebuerg ze lackelen, deen hänkt um seidene Fuedem. Deen hänkt um seidene Fuedem engersäits, well, wéi ech sot, och an den Nopeschregiounen eng gewësse Penurie sech entwéckelt. An anerersäits hänkt en um sei dene Fuedem, well et geet duer, datt an den Nopeschregiounen e bësse méi wäit, vläicht net e puer Kilometer hannert der Grenz, mee vläicht 100 Kilometer hannert der Grenz d’Konditiounen e bësse besser ginn, fir datt sech den deeglechen Trajet vun e puer Stonnen oder méi net méi lount an déi jonk Medezinnerinnen a Medezinner decidéieren, awer léiwer an hirer Heemechtsregioun ze praktizéieren, wéi all Dag de Wee op Lëtzebuerg an Ugrëff ze huelen. Deementspriechend ass et immens wichteg, datt mer op der Uni Lëtzebuerg genau dës Beruffer valoriséieren, genau dës Ausbildung maachen.

An do läit dann awer och d’Kromm an der Heck! Mir maachen nämlech hei eppes Schrëtt fir Schrëtt. Mir maachen eppes, wat net ko härent vun Ufank bis Schluss eng Ausbildung ass, déi integréiert ass. An ech erënnere mech un en Debat, dee mer haten, wéi de Bologna System an Däitschland agefouert gouf, wéi ech nach op der Uni war, a wéi d’Medezinn dunn op eemol sollt de BolognaSystem kréien: Dee gréisste Problem vun de Medezinnerinnen a Medezinner war den Iwwergang vun där enger Phas am Studium zur nächster. Wéi kann ee ga rantéieren, datt ech tatsächlech eng Plaz kréien? Wéi kann ee garantéieren, datt ech mäi Studium, deen ech op enger Plaz ufänken, och do ka fäerdeg maachen, wou ech dat wëll? Natierlech mat all deene Mobilitéitssemesteren a Fuerschungssemesteren, déi ee soll virgesinn. Mee wat ee jonke Student oder eng jonk Stu dentin sicht, ass och eng gewësse Garantie, datt, wa se sech fir e Studium entscheeden, se dee kënnen do fäerdeg maachen, wou se en ufänken.

An och do ass dëse Projet en éischte Schrëtt, e weidere Schrëtt, mee et däerf net dee leschte sinn, léif Kolleeginnen a Kolleegen! Mir mussen deenen, déi zu Lëtzebuerg e Medezinnstudium ufänken, Perspektive ginn, wéi se deen och kënnen zu Lëtzebuerg op en Enn bréngen. Jorelaang gouf et dës Diskussioun. A wann ech soen, mir hunn dat gemaach an Däitschland, wéi et ëm d’BolognaReform goung, da weess een, datt d’BolognaReform mëttlerweil e laange Baart huet an u sech jiddweree sech do madder offonnt huet. Dofir schreiwe mer och an dësem Projet de loi ouni Problemer vun de „European Credits“. Mee mir mussen deen Debat op en Enn bréngen. Mir mussen deene Jonken eng Perspektiv bidden, hire Studium kënnen op enger Plaz unzefänken an och ofzeschléissen, ouni dertëschent Onsécherhee ten ze hunn, ob se dann elo vläicht mussen e Semester oder e ganzt Joer waarden, well se am Ausland, do, wou se weider musse studéie ren, keng Plaz kréien!

A mir mussen eis hei näischt virmaachen, léif Kolleeginnen a Kolleegen: Am Ausland herrscht e knallhaarde Verdrängungsconcours, wann et ëm Plaze geet an de Medezinnstudien. A mir mussen eis do och guer net virmaachen, datt se do just op d’Lëtzebuerger waarden. Oder just op d’lëtzebuergesch Studentinnen a Stu denten, déi hei ugefaangen hunn et mussen och keng Lëtzebuerger sinn , mee Studentin nen a Studenten, déi zu Lëtzebuerg ufänken, op déi gëtt net gewaart international! A wann do keng Plaz ass, ma da mussen déi Studentin nen a Studente waarden. An dat, léif Kolleegin nen a Kolleegen, kann net sinn!

Mir brauchen also mëttel a laangfristeg e kom pletten Zyklus hei zu Lëtzebuerg. Mir mussen d’Uni Lëtzebuerg esou etabléieren, datt se at traktiv gëtt. Dat muss d’Uni Lëtzebuerg net eleng maachen. D’Uni Lëtzebuerg kéint dat, wéi se dat och zum Deel schonn am Kader vun den Universitéite vun der Groussregioun mécht, zesumme mat hire Partner maachen. Mee et däerf net sinn, datt d’Studentinnen an d’Studente grad an engem Studieberäich wéi der Medezinn, wou et e Manktem gëtt, duerch esou artifiziell Hürden, duerch esou quasi „Soll bruchstellen“ am System un engem Weiderstu déieren, un engem einfache Weiderstudéiere gehënnert ginn.

An dat gëtt och e bësse confirméiert duerch d’Avise vun de jeeweilege Chambres profe s sionnelles.

D’Chambre des Fonctionnaires et Employés publics felicitéiert der Initiativ, fir hei e weidere Bausteen anzesetzen, mécht sech awer och Suergen ëm de Manktem un Dokteren.

An och d’Chambre de Commerce ass sech eens, datt eng zousätzlech medezinnesch Aus bildungsoffer indispensabel ass, estiméiert awer och erëm, datt et e kompletten Zyklus bräicht. An do läit, wéi ech sot, d’Kromm an der Heck, léif Kolleeginnen a Kolleegen: Dat heiten ass ee Puzzlestéck vu villen. An ech hunn am Moment Schwieregkeeten ze gesinn, wéini dëse Puzzle vun der Medezinnausbildung op der Uni end lech ofgeschloss ass.

D’Chambre de Commerce huet an hirem Avis dann och nach vum „Verwuerzele“ geschwat. Ech weess jo net, wie vun eis heibannen hei ansdo am Gaart schafft, mee eng Planz, déi ee reegelméisseg ëmsetze wëllt, déi huet Prob lemer, wierklech dauerhaft Wuerzelen ze schloen. A wann d’Zil soll sinn, fir jonk Mede zinnerinnen a Medezinner hei zu Lëtzebuerg ze verwuerzelen, da brauch et e kompletten Zyk lus.

Dat heiten ass ee Legostéck dovunner, mee all Legostéck um Wee fir dee ganze Projet ass wichteg. An dofir droe mir, trotz der Kritik un der Gesamtstrategie, dëse Projet mat.

Ech soen Iech Merci.