Header for Projet de loi relatif à certaines modalités d’application et à la sanction du règlement (UE) 2018/302 du Parlement européen et du Conseil du 28 février 2018 visant à contrer le blocage géographique injustifié et d’autres formes de discrimination fondée sur la nationalité, le lieu de résidence ou le lieu d’établissement des clients dans le marché intérieur, et modifiant les règlements (CE) n° 2006/2004 et (UE) 2017/2394 et la directive 2009/22/CE

Projet de loi relatif à certaines modalités d’application et à la sanction du règlement (UE) 2018/302 du Parlement européen et du Conseil du 28 février 2018 visant à contrer le blocage géographique injustifié et d’autres formes de discrimination fondée sur la nationalité, le lieu de résidence ou le lieu d’établissement des clients dans le marché intérieur, et modifiant les règlements (CE) n° 2006/2004 et (UE) 2017/2394 et la directive 2009/22/CE

Dës Ried hunn ech den 19/06/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relatif à certaines modalités d’application et à la sanction du règlement (UE) 2018/302 du Parlement européen et du Conseil du 28 février 2018 visant à contrer le blocage géographique injustifié et d’autres formes de discrimination fondée sur la nationalité, le lieu de résidence ou le lieu d’établissement des clients dans le marché intérieur, et modifiant les règlements (CE) n° 2006/2004 et (UE) 2017/2394 et la directive 2009/22/CE” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här Pre- sident, Kolleeginnen a Kolleegen, Geoblocking ass eppes, wat mer alleguerte kennen, wa mer op gréisser Plattforme ginn a mir gesinn e Smi- ley mam Mond no ënnen, deen eis seet: „Dëse Video ass an Ärem Land net disponibel.“ Geo- blocking ass dat, wat heescht, datt mer an den Appstorë vu quasi all Handyshiersteller ver- schidden Appen zu Lëtzebuerg net erofluede kënnen. Geoblocking ass awer och, an dat gouf virdru schonn erwäänt, wann ech jee no Län- nerastellung am Ausland net akafe kann. Grondsätzlech ass Geoblocking eppes, wat an engem gemeinsamen Europa keng Plaz huet. Datt dëse Projet u sech just d’Strofe regelt, déi kënne genotzt ginn, wann dann elo ee sech net un déi ganz wéineg Regelen, déi et am Moment um Marché ginn, hält, geet fir eis net wäit genuch. An dat ass och an der Kommis- sioun, mengen ech, op quasi Eestëmmegkeet getraff, datt et méi wäit misst goen. A mir musse méi wäit goen, well grad Lëtzebuerg ass mat sengem klenge Marché intérieur drop ugewisen, datt eis Konsumente kënnen am eu- ropäeschen Ausland fräi an ouni Diskrimi- natioun akafen.

Et kann net sinn, datt ech fir deen nämlechte Produit en ënnerschiddleche Präis bezuelen, wann ech en dës Säit oder déi aner Säit vun der Musel bestellen. Et kann net sinn, datt et an engem gemeinsamen Europa nach ëmmer digital Produite gëtt, ech schwätzen emol nach net vun de physesche Produiten, mä digital Produiten, déi net kënnen iwwer eng Grenz transportéiert ginn. Den Internet kennt keng Grenzen. Mä eng Rëtsch Fournisseure vun digi- tale Léisungen denken nach ëmmer am État nation, als géif den Internet op eemol matzen an der Musel ophalen an en aneren Internet ugoen.

Et ass esou lächerlech, datt et u sech keng Wierder derfir gëtt, datt dat Ganzt 2019 nach ëmmer Bestand huet, datt mer zwar vun engem eenheetleche Marché schwätzen, vu Marché unique schwätzen, och vum „digital single market“, wat e grousst Thema vun der leschter Kommissioun war, an trotzdeem nach ëmmer de kräischende Smiley gesinn, deen eis seet: „Dëse Video kanns du zu Lëtzebuerg net kucken.“

Wie schonn eng Kéier gereest ass an ënnerwee probéiert huet, souguer Videoen ze kucken, déi een zu Lëtzebuerg ugefaangen huet, kritt no e puer Sekonnen, wann en am Ausland ass, ge- sot: „Hei gëtt et en net.“

Et geet also net nëmmen an déi eng Richtung, datt mir Saachen net kënne kucken, déi een am Ausland ka kucken, et geet och genau ëmgedréit. Dat heescht, dee Geoblocking ass e Problem, deen net just no bannen, mä och eraus gëllt. Mir brauchen also hei net nëmme schéi Wierder, mir brauchen net nëmmen Outilen, fir déi lasch Regelen, déi mer elo hunn, ze bestrofen, mä mir bräichte vill méi staark Regelen. Mir bräichten e richtege Marché unique fir digital, mä och fir physesch Gidder.

Deementspriechend bedauere mer, datt dës… Jo, Här Bodry, mir bedaueren, datt …

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Mä Dir laacht!

M. Sven Clement (Piraten).- … dëse Projet net wäit genuch geet.

(Hilarité)

Ech kann och kräischen, Här Di Bartolomeo, wann Der dat mengt.

Une voix.- Ech hu léiwer, Dir laacht!

M. Sven Clement (Piraten).- De Problem ass, ech muss bei deem heite Projet u sech driwwer laachen, datt mer iwwerhaapt nach ëmmer iwwer esou eppes diskutéieren. Mir sinn 2019. Mir sinn esou wäit komm an der EU an der Integratioun. Fir Banke ginn et keng Grenzen, mä fir Videoe ginn et nach ëmmer Grenzen. Dat ass e Problem, dat musse mer ugoen.

Deen heite Projet, déi heiten Transpositioun ass e klengen, butzege Schrëtt. Et kéint ee litteralement Quantesprong soen, well eng Quant mécht e minimale Sprong vun net emol engem Millimeter.

Une voix.- Ah!

M. Sven Clement (Piraten).- A genau dat ass dat heiten. Et ass e minimale Progrès. Mir brauche vill méi. Nichtsdestotrotz sollt een dem Progrès net am Wee stoen. An duerfir wäerte mer dëse Projet matdroen.

Ech soe Merci.