Header for Projet de loi relatif à l’octroi de la garantie de l’État dans le cadre des instruments mis en place au niveau de l’Union européenne pour atténuer les conséquences socioéco nomiques du Covid19

Projet de loi relatif à l’octroi de la garantie de l’État dans le cadre des instruments mis en place au niveau de l’Union européenne pour atténuer les conséquences socioéco nomiques du Covid19

Dës Ried hunn ech den 18/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relatif à l’octroi de la garantie de l’État dans le cadre des instruments mis en place au niveau de l’Union européenne pour atténuer les conséquences socioéco nomiques du Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Coro nakris huet der europäescher Wirtschaft e béi sen Dämpfer verpasst, well bal all Handelsak tivitéiten an de leschten dräi Méint sinn zum Stëllstand komm oder hu missen op e ganz niddregen Niveau erofgefuer ginn. Och elo, wou et schéngt, datt mer déi éischt Well e bëssen ënner Kontroll hale kënnen, gëllen trot zdeem nach eng Rëtsch Beschränkunge fir d’Gestaltung vun eisem normalen Alldag s liewen an domadder och vun den Handelsak tivitéiten.

Dës Beschränkungen hunn natierlech ëmmer nach en Afloss op d’Konjunktur, well all Mesure, déi d’Ausbreedung vum Virus verhënnert, och eng Brems ass, fir verschidde Wirtschaftsaktivi téiten auszeféieren.

Ech denken do zum Beispill un d’Eventbranche, déi queesch iwwert d’Welt zum Erleie komm ass. Dëst Joer ginn et keng grouss Evenemen ter. Et gëtt keng Fussballeuropameeschter schaft, keen Tomorrowland, fir déi, déi op déi Musek stinn, oder keen Oktoberfest fir déi, déi gären däitsche Béier drénken. An och zu Lët zebuerg wäerte grouss Evenementer wéi d’Fouer, de Bluesfestival oder d’Festivitéiten zum Nationalfeierdag net stattfannen. Wat mech na tierlech och perséinlech e bëssen traureg mécht, well et ass awer ëmmer flott, bei deene Fester ze zelebréieren.

M. André Bauler (DP). Och „Al Dikrech“.

M. Sven Clement (Piraten). An, Här Bauler, jo, och „Al Dikrech“ fält dëst Joer, souwäit ech dat matkritt hunn, leider flaach, ausser de Buergermeeschter géif eis eppes aneres soen.

(Interruption)

D’Netstattfanne vun dësen Evenementer bréngt natierlech fir d’Organisateuren an och d’Participanten integral eng Perte mat sech. Am Fall, wou dës Aarbechter an Independantë kee gläichwäertegt Ersatzakommes kréien, si se natierlech an hirer Existenz bedrot.

D’sanitär Restriktiounen, déi hu misse getraff ginn, hunn also e ganz direkten Effekt op d’Erschafe vu Valeuren an eiser Wirtschaft. Wat eis Mesurë méi restriktiv sinn, wat méi Leit dorunner gehënnert ginn, hir Aarbecht ze reali séieren an domadder och Valeur an eise Wirtschaftssystem ze pompelen. Dat gesäit een dann un den Zuelen, wann notamment de PIB abrécht.

D’EUKommissioun rechent dëst Joer mat engem Abroch vu 7,5 % par rapport zu 2019. Dat ass an absolutten Zuele ronn eng Billioun Euro, déi an deene leschten dräi Méint net ge schaaft gouf. Eng Billioun Euro, déi net un Aar becht konnt realiséiert ginn an déi an Zukunft och net méi realiséierbar ass. Déi Suen, déi Va leur ass verluer. Dat ass e Lach an et gëtt keng aner Méiglechkeet, wéi elo iwwer Erspuernes ser a Kreditter derfir ze suergen, datt dat Lach vun enger Billioun Euro net déi Falsch an eiser Gesellschaft verschléngt.

Aus dësem Grond hunn d’EUKommissioun an de Rot decidéiert, insgesamt 540 Milliarden Euro ze mobiliséieren, andeems d’EULänner op de Finanzmäert fir gutt Konditioune schnell an einfach Sue léine kënnen an esou hoffent lech d’Konsequenze vun der Covid19Kris op hir Ekonomien ofschwäche kënnen.

Ech betounen, datt et sech heibäi ëm Prêten handelt, déi d’Memberlänner onbeuecht vun hirer Staatsschold kënnen ophuelen an déi awer iergendwann an Zukunft mussen zréckbe zuelt ginn.

A jo, den Här Gibéryen huet Recht, wann e kri tiséiert, datt d’Staatsschold reegelméisseg net ofgebaut gëtt. Wat een awer éierlecherweis muss soen, ass, datt Lëtzebuerg zum Beispill, trotz deem datt et all Joer erëm op de Mäert Sue léint, keen „default“ gemaach huet. All Prêt, dee ge holl gouf, ass mat Zëns an Zënseszëns zréckbe zuelt ginn. An et ass ze erwaarden, datt och hei d’Destinatairë vun dëse Prêten dës zesumme mat den Zënsen an Zënseszënsen zréckbezuelen. Insgesamt ginn dräi Finanzéierungssailen opge stallt, fir d’Aarbecht, d’Entreprisen an d’Lutte di recte géint de Covid ze finanzéieren. D’Finanz éierung leeft eemol iwwert den europäesche Stabilitéitsmechanismus, eemol iwwert d’EIB, d’Europäesch Investitiounsbank, an eemol iwwer e Sécherheetsnetz, wat dem Chômage partiel ganz no kënnt, mam Akronym SURE. Dës Fonge si gedeckt mat staatleche Garantien, well ouni Garantien, dat weess jiddwereen, deen e Prêt huet, gëtt et kee Geld op de Marchéen. Dës Garantië betreffen duerfir och Lëtzebuerg, wou mer mat jeeweils 77 Milliounen an eemol 33 Milliounen dës Fonge garantéieren, fir datt aner EULänner zu gudde Konditioune Suen op de Finanzmäert léine kënnen.

Et kann een driwwer diskutéieren, ob déi mobi liséiert Zomm duergeet, déi geléint gëtt, well se stellt, wéi ech virdru gesot hunn, nëmmen d’Hallschent vun där Billioun duer, déi vun där Covid19Pandemie zerstéiert gouf.

Op jidde Fall huet d’EU hei eppes misse maa chen, well et handelt sech, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ëm dee gréisste wirtschaftleche Schock zënter dem Zweete Weltkrich. An d’EU huet eppes geliwwert, mat deem alleguerten d’EULänner kënnen zu gudde Konditioune Geld léinen.

Elo kënne mer driwwer diskutéieren, ob et déi perfekt Léisung ass. An egal wat fir eng poli tesch Richtung een huet, ass all Kompromëss ni déi perfekt Léisung. Mee e Kompromëss ass dat, wat a Verhandlungen nun emol eraus kënnt. Et ass dat, mat wat jiddwereen e bësse liewe kann a mat wat jiddwereen och e bëssen e Bemoll huet. Duerfir wonnert Iech net, wann ech net 100 % mat deem Projet hei averstane sinn, mee et ass dat, wat mer zesummen an der EU konnten opstellen, fir de Leit, den Entre prisen an den eenzelne Länner ze hëllefen. Am Fong ënnerstëtze mir dëse Projet also. Mee an der Form hu mer e bëssen déi nämmlecht Problemer gesi wéi de Staatsrot. Dee klenge Puffer vu 40 Milliounen, deen agesat gouf, fir séier kënne weider Suen ze mobiliséieren, dat ass an eisen Aen net, wéi eng transparent Poli tik, wou ee fir esou Sue bei d’Chamber kënnt, géif fonctionéieren.

Wa mer vun Transparenz schwätzen, wëll ech awer emol d’Fro an de Raum stellen, wéi dës Kreditter dann elo gemanaged ginn. Wie kontrolléiert, datt d’Suen um Enn och bei deene landen, déi se wierklech brauchen?

D’EU selwer kann net de Mikromanagement vun all eenzelnem Kreditt maachen. D’EU ass keng Bank, déi eenzel Kreditter verdeelt. Dat heescht, d’EU ass och net responsabel, datt déi eenzel Suen, deen eenzelnen Euro, bei de Leit oder bei den Entreprisen ukommen. Hei ass all eenzelt Land an der EU forcéiert, opgeruff, déi néideg administrativ Demarchen ze schafen, fir esou ze garantéieren, datt d’Suen do ukom men, wou se gebraucht ginn.

An esou, wéi eis Piratekolleegen am Europapar lament et scho soten: D’Responsabilitéit läit ganz kloer bei de Regierungen a Parlamenter fir ze kucken, datt d’Suen, déi hei kënne geléint ginn, do zum Asaz kommen, wou se gebraucht ginn!

Duerfir fanne mir Piraten et wichteg, datt kon trolléiert gëtt, fir datt dës Gelder net bei Mul ti millionären an auslänneschen Investisseure lan den, mee wierklech an der Realekonomie, do, wou et soss zum Kollaps féiert.

Well et si Kreditter, léif Kolleeginnen a Kollee gen, an dat däerfe mer net vergiessen, déi duerch Steiergelder garantéiert ginn, déi duerch Steiergelder um Enn vum Dag finanzéi ert ginn. An do däerf et eeben net zu Abuse kommen. An do ass eng extreem Virsiicht beim Deboursement a bei de Kontrollen dovunner néideg.

An ech hoffen, an ech sinn u sech confiant, datt eise Finanzminister op europäeschem Plang alles wäert drusetzen, datt dës Garantien agefuerdert ginn, datt d’Suen do sollen ukommen, wou se gebraucht ginn. Well wann dat net de Fall ass, dann hu mer hei eng schéi 540 Milliarde schwéier Usine à gaz produzéiert, déi zur Selbst beräicherung vun deene bäidréit, déi u sech scho genuch hunn. A wann dat sollt sinn, da féiert dat zu méi Politikverdrossenheet, léif Kol leeginnen a Kolleegen, déi definitiv net weider muss promouvéiert ginn.

Zum Schluss, Här President, wëll ech awer nach dem Rapporteur vun dësem Projet Merci soen, well en huet dëse Projet ganz gutt duergestallt. Et ass keen einfache Projet, mat ganzen dräi Sailen. An deementspriechend kann ech awer och den Accord vun eiser Sen sibilitéit fir dëse Projet ginn.

Ech soen Iech Merci.