Header for Projet de loi relatif à l’Office du Ducroire Luxembourg

Projet de loi relatif à l’Office du Ducroire Luxembourg

Dës Ried hunn ech den 20/11/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relatif à l’Office du Ducroire Luxembourg” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, säit der Kreatioun vum Office du Ducroire am Joer 1961 huet sech an der wirtschaftlecher Land schaft zu Lëtzebuerg, mee och international vill verännert. An et ass wichteg, dass ee sech un dës Changementer upasst, fir den Entreprisë weiderhin eng qualitativ héichwäerteg Ënner stëtzung bidden ze kënnen.

Dat gesot, ass et, mengen ech, och wichteg, datt mer eis Établissementpublicke generell reegelméisseg op de Leescht huelen, se eva luéieren a falls néideg moderniséieren. Dat ass och de Grond, firwat d’Piraten, trotz e bësse Bauchwéi, dëse Projet wäerte matdroen. Loosst mech awer kuerz eise Bauchwéi erklären!

Une voix. Et gëtt Medikamenter dogéint.

M. Sven Clement (Piraten). Medikaenter dogéint, jo, d’Regierung hat et an der Hand, fir d’Medikamenter dogéint quasi an den Text ze géissen. Ech erspueren Iech och elo nach eng Kéier en Zitat aus dem Avis …

(Interruption)

… vun der Chambre des Fonctionnaires et Em ployés publics, den David Wagner huet dee scho wuertgetrei hei zitéiert.

Och wann et sech bei der Restrukturatioun vum Office net wierklech ëm eng Schafung vun engem neien Établissement public handelt, gëtt awer d’sämtlecht Personal mat neie Kontrakter agestallt. Ech mengen, dee Punkt ass definitiv kritiséierbar, well d’Chambre des Fonctionnaires et Employés publics weist an hi rem Avis drop hin, mat Verweis op den Accord salarial, datt dëst Personal fonctionnariséiert misst ginn. An dat ass an eisen Aen novollzéi bar.

Et gëtt net kloer duergeluecht, firwat d’Perso nal vum Office du Ducroire ënnert dem Statut vum Privatrecht bleiwe soll. An esou gouf och net op d’Bedenke vun der Chambre des Fonc tionnaires agaangen. Dat widdersprécht eise Vuen, eiser Virstellung vun engem Staat, deen op d’Avise vu senge Chambreprofessionnellen ageet.

Nichtsdestotrotz, wéi ech et gesot hunn, ass et wichteg, d’Établissements publics reegelméis seg ze evaluéieren an à jour ze setzen, do, wou et néideg ass. Hei war et néideg. An dofir droe mer, trotz deem liichte Bauchwéi, dëse Projet mat.

Ech soen Iech Merci.