Header for Projet de loi relative à des mesures à prendre en relation avec le secteur financier en cas de retrait du Royaume-Uni de Grande-Bretagne et d’Irlande du Nord de l’Union européenne et modifiant :1° la loi modifiée du 13 février 2007 relative aux fonds d’investissement spécialisés et2° la loi modifiée du 17 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif

Projet de loi relative à des mesures à prendre en relation avec le secteur financier en cas de retrait du Royaume-Uni de Grande-Bretagne et d’Irlande du Nord de l’Union européenne et modifiant :1° la loi modifiée du 13 février 2007 relative aux fonds d’investissement spécialisés et2° la loi modifiée du 17 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif

Dës Ried hunn ech den 28/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative à des mesures à prendre en relation avec le secteur financier en cas de retrait du Royaume-Uni de Grande-Bretagne et d’Irlande du Nord de l’Union européenne et modifiant :1° la loi modifiée du 13 février 2007 relative aux fonds d’investissement spécialisés et2° la loi modifiée du 17 décembre 2010 concernant les organismes de placement collectif” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Och hei nach eng Kéier e grousse Merci un de Rapporteur, deen a gewinnt conci- ser Manéier gewisen huet, ëm wat et hei geet. Dat heiten ass een Text, bei deem mer e bësse bedaueren, datt mer en net am éischten Opwësch direkt mattraitéiert hunn, mä datt en an engem zweeten Opwësch quasi e Gesetz modifizéiert, wat mer eréischt ganz rezent ge- stëmmt hunn. Ech mengen, dat ass eppes, wat scho bedauert gouf a wat och d’Piraten nach eng Kéier bedaueren.

Propper legislativ Aarbecht gesäit liicht anescht aus. A mir sollten eis fir d’Zukunft vläicht mier-ken, datt, wéi ech dat virdru gesot hunn, no deene stiermeschen Zäite vun engem Brexit dach e bësse méi Rou och an déi legislativ Pro- zedure soll kommen a mer vläicht net d’Geset- zer deen een Dag stëmmen, fir se déi nämlecht Woch nach eng Kéier ze änneren.

Dat gesot, markéiere mer eisen Accord, well et geet hei ëm juristesch Sécherheet. An do sollte mer dat och eestëmmeg da maachen.

Merci.