Header for Projet de loi relative à la facturation électronique dans le cadre des marchés publics et des contrats de concession

Projet de loi relative à la facturation électronique dans le cadre des marchés publics et des contrats de concession

Dës Ried hunn ech den 26/03/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative à la facturation électronique dans le cadre des marchés publics et des contrats de concession” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Villmools Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass, wéi schonn ugeschwat, eng Transpositioun vun enger Direktiv an deementspriechend ass et onëmgänglech, datt mer dëse Projet haut unhuelen. Deementspriechend kann ech och elo scho soen, datt d’Piraten wäerten derfirstëmmen.

Ech wollt awer eng kleng Remark vläicht maachen, eppes, wat och meng Virriedner schonn ugeschwat hunn, dat ass näämlech de Volet, datt de Stat haut fäeg ass, dës Rechnungen unzehuelen, datt et awer an der Privatwirtschaft bis elo ganz wéineg Absender vun dëse Facture-électroniquë gëtt an datt mer also hei insgesamt nach e Riseneffort virun eis hunn, wa mer net nëmme wëllen iwwer Digitalisatioun schwätzen, mä se wëlle liewen. Mir mussen et klengen a mëttelstännesche Betriber esou einfach wéi méiglech maachen, fir konform Facturen ze erstellen an déi dann och mat dem Stat, de Gemengen, mä och ënnereneen auszetauschen.

Hei stellt sech also d’Fro, ob déi Plattform, déi de Stat sech elo selwer ginn huet, net och mëttelfristeg misst opgemaach ginn, net nëmme fir staatlech a parastaatlech Destinatairë vu Rechnungen Rechnungen, mä ob hei net och de CTIE quasi kéint duerch eng Verëffentlechung als Open Source vun dëser Receptiounsplattform derfir suergen, datt et klengen a mëttelstännesche Betriber vill méi einfach gemaach gëtt, fir vun der Digitaliséierung ze profitéieren.

Dovunner ofgesinn, mengen ech, datt an Zukunft kee Wee laanscht digital Rechnunge wäert féieren. An deementspriechend sollte mer dëse Projet hei haut ofstëmmen an da weidermaachen, fir datt mer eben déi elektronesch Rechnung nach méi breet kënne verbreeden, wéi dat duerch dëse Projet de Fall ass.

Merci.