Header for Projet de loi relative à la mise en œuvre de mesures restrictives en matière financière

Projet de loi relative à la mise en œuvre de mesures restrictives en matière financière

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative à la mise en œuvre de mesures restrictives en matière financière” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst Gesetz vum Afréiere vu Konten am Kampf géint den Terror ass wichteg, well et an éischter Linn soll hëllefen, datt Lëtzebuerg méi séier op Terrorfinanzéierung ka rea géieren. Et geet hei drëm, fir méi séier kënnen ze handelen, wann op EU oder UNNiveau diskutéiert gëtt a just diskutéiert gëtt, fir dee Moment ver schiddene Leit oder Organisatiounen hir Konten an zefréieren.

Lëtzebuerg dierf also virgräifen a scho Konten afréieren, ier en offizielle Go do ass. Allerdéngs mussen dës Diskussioune jo dann an der decisiver Phas sinn an et dierf net scho reagéiert ginn, sou bal och just en Dossier opgemaach gëtt. Dëst ass en zweeschneidegt Schwäert. Op där enger Säit kann ee begréissen, datt Lëtzebuerg sech domad der ofséchert.

Wann d’Decisioun vu Bréissel oder New York just nach eng Formsaach ass, riskéiert Lëtzebuerg net herno deene Falschen hir Konten agefruer ze hunn oder et eebe verpasst ze hunn. A spéider kënne mer dann och doduerjer net méi esou einfach fir eng Decisioun oder eng Netdecisioun ugesicht ginn.

Allerdéngs riskéiere mer esou, datt et awer Persou nen oder Firmen d’Méiglechkeet gëtt, wärend der ganzer Prozedur hir Suen natierlech nach op d’Säit ze schafen, ier also deen offizielle Go do ass. Ech sot et: en zweeschneidegt Schwäert.

Lëtzebuerg riskéiert hei awer keng Alenggäng. An ech mengen, dat ass dat Wichtegst an dat begrenzt awer dann och erëm iergendwou d’Gesetz. Et ass alles en Ofweien. An ech mengen, datt hei eng Ba lance fonnt gouf, zwëschent aggressiv a séier vir goen, a gläichzäiteg awer och eng Balance ze scha fen zwëschent der Méiglechkeet, datt mer net virun de Won sprangen.

En anere Punkt, dee mer begréissen, dat ass datt d’Nimm vun de Persounen oder Firme kënnen um Site vum Finanzministère publizéiert ginn. Mir géi fen eis wënschen, datt et ëmmer geschitt, net nëmmen, well eng ganz Rëtsch Firmen an enger ganzer Rëtsch anerer Gesetzer Obligatiounen hunn, fir mat Firmen a Persounen, déi iergendwou op Sank tiounslëschte stinn, keng Geschäfter ze maachen. Mir hu KYCReegelen (ndlr: Know Your Customer), mir hunn AMLReegelen (ndlr: AntiMoney Launder ing), déi alleguerten dervun ausginn, datt mer déi Leit, déi op iergendenger Sanktiounslëscht stinn, bewäerten, hinnen e RisikoRating ginn an derfir suergen, datt mer mat riskante Clientë keng Ge schäfter maachen. An ech mengen, een, dee ris kéiert, seng Konten agefruer ze kréien, oder een, dee seng Konten agefruer krut, dee gehéiert zu deene méi riskante Clienten, fir et elo emol ganz duuss auszedrécken.

Do wär dann och eng Ureegung vu menger Säit: Haut ass et esou, datt et privat Firme gëtt, déi vill Geld domadder verdéngen, fir maschinneliesbar Lëschten ze maache vun all deenen eenzelnen na tionalen Entscheedungen, wien dann elo op wéi enger Lëscht steet.

Vu datt mer eis hei en Outil ginn, fir Leit schonn op eng Lëscht ze setzen, déi vun nationaler Envergure ass, ier et forcément eng international Lëscht gëtt, gëtt et domadder ëmsou méi wichteg, datt mer déi Donnéeën a) zäitno publizéieren a b) och esou pu blizéieren, datt se an den automatiséierten Outile vun de Banken, Versécherungen, awer och vun all den aneren Entitéiten, déi hei op der Finanzplaz ën ner KYCReegelen an AMLReegele falen, kënne ver schafft ginn.

Dofir, eng Ureegung vu mir wär, datt mer déi Don néeën, déi Lëschten an engem maschinneliesbare Format géife publizéieren, fir et esou der Plaz ze er méiglechen, déi Saachen automatiséiert ze erfaas sen, automatiséiert ze ingeréieren an dann och zur Verfügung ze stellen an domadder e permanente Screening vum Risiko vun hire Clienten ze maa chen.

Ech mengen, dat géif ville Leit … Et kënnt net oft zu esou Decisiounen, meeschtens si se och gutt pu blizéiert. Et géif awer trotzdeem hëllefen, wa mer dat nach mat manner Friktioun kéinte maachen.

Här President, zur Terrorismusbekämpfung ge héiert ganz kloer de Schutz vun den Informanten. Dofir begréissen ech och, datt mer eis hei nach eng Kéier fir e méi staarke Whistleblowerschutz aset zen. Ech mengen, wa mer wëllen esou Saachen op decken, da brauche mer Leit, déi de Courage hunn, déi sech trauen, fir Dysfonctionementer ze verëf fentlechen.

An da musse mer derfir suergen, datt mir hei zu Lëtzebuerg net dem Beispill vun Däitschland no ginn, wou op eemol eng Finanzopsiicht Leit, déi Dysfonctionementer bei enger vun deene gréisste Banken a FinTechen denoncéiert hunn, selwer usi che geet. Mir brauchen also hei e ganz kloere Schutz vu Whistleblower, fir esou sécherzestellen, datt d’Dysfonctionementer séier an transparent kënnen opgeschafft ginn, well, an dat kann een net oft genuch betounen: Déi Leit hu Courage! An dat musse mer net nëmme wierdegen, dee Courage musse mer och schützen!

Dat gesot, stëmme mir fir dëse Projet. Ech soen Iech Merci.