Header for Projet de loi relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 rela tive1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des inter mittents du spectacle2) à la promotion de la création artistique

Projet de loi relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 rela tive1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des inter mittents du spectacle2) à la promotion de la création artistique

Dës Ried hunn ech den 31/03/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 rela tive1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des inter mittents du spectacle2) à la promotion de la création artistique” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir du erchliewe momentan eng sanitär Kris a stinn doduerjer engem ekonomesche Problem géint iwwer, dee mer eis esou net geduecht hätten. Vill Entreprisen hunn hir Diere missen zoumaa chen, fir d’Sécherheet vun eiser Populatioun am Ganzen ze garantéieren. Dieren zoumaa chen heescht: keng Recetten! An ouni Recettë kann ee keng Käschten decken. Do muss ech, mengen ech, kengem erklären, wat dat dann als Konsequenzen huet.

Et geet dobäi net nëmmen drëm: Kann ech de Loyer nach bezuelen? Mee et geet drëm, oder besser gesot, et fänkt u mat deenen elementare Saachen, nämlech: Kann ech mengen Employéen hire Salaire bezuelen? Eppes, wou definitiv keen „Décke“ getraff gëtt, mee wierk lech déi schmuel Schëlleren als Éischt géife lei den, wann eng Entreprise hire Salaire net méi kéint iwwerwisen.

An dësem Cas de force majeure si Solidaritéit an Zesummenhalt gefrot. Dës Wäerter hu mer op de leschten europäesche Sommeten awer leider vermësst. D’Envergure vun dëser Kris ass esou grouss, datt mëttlerweil all europäescht Land betraff ass, wat déif Aschnëtter op d’ge samt europäesch Ekonomie wäert hunn. Coronabonds oder Eurorettungsschierm: D’EU Memberstaate si sech net eens. Aus Angscht, fir aner Länner mussen opzekommen, wiere sech verschidden EULänner virun enger gemeinsa mer Scholdenopnam, mat der Argumentati oun, datt d’Benotzung vum Eurorettungs schierm déi besser Léisung fir jidderee wier. Mir hunn dat nämmlecht Argument och haut schonn eng Kéier héieren.

Allerdéngs sti mer hei net virun enger Finanz kris, mee enger globaler Wirtschaftskris, déi op engem onberechenbaren Element, nämlech dem Covid19, fousst. Ass et déi richteg Astel lung, grad an esou engem Moment als Europä esch Unioun nom Prinzip „chacun pour soi, Dieu pour tous“ ze handelen? Fir eis Piraten e kloren Nee!

Wéi mer et an deene leschte Woche schonns oft héieren hunn, si Solidaritéit an Zesummen halt ausschlaggeebend, fir dës sanitär Kris an déi uschléissend Wirtschaftskris ze iwwerwan nen. Et stëmmt, mir sinn an enger ausserge wéinlecher Situatioun. A mir mussen aus deem Grond all Mëttelen, déi mer hunn oder och nach net hunn, asetzen, fir d’Krisenzäit, wou eis Wirtschaft am Schlofmodus ass, ze iwwer brécken. Dofir wäerte mir och sécher géint der ADR hir nationalistesch an egoistesch Motioun stëmmen!

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, an deene lesch ten Deeg a Wochen hunn och hei zu Lëtzebu erg missen Decisioune getraff ginn, fir all een zelne Bierger ze schützen an derfir ze suergen, datt mer dës schwéier Zäit zesummen iwwer stinn. Dofir hu mer eis haut hei erëmfonnt, fir den Entreprisen zesummen ënnert d’Äerm ze gräifen, fir datt och si dës Period iwwerstinn. Hanner all Entreprise stinn nämlech Mënschen, Mënschen, deene mir als Staat d’Méiglechkeet bidde wëllen, nom Covid19 erëm hir Aarbecht kënne weiderzeféieren. Et ass haut un eis ze versichen, eis Ekonomie oprechtzeerhalen.

Ech hunn och bewosst „versiche“ gesot, well mir kënnen net mat Sécherheet garantéieren, datt déi Mesuren, déi mer haut stëmmen, duerginn. D’Regierung kann net garantéieren, datt dës Iwwerbréckungsmesurë fir jiddereen erfollegräich wäerte sinn. De Package haut ass déi éischt Weich, fir d’Wirtschaft an der Bunn ze halen. Mee et wäert warscheinlech net déi lescht sinn!

Mir Piraten wëllen dofir ënnersträichen, datt et net duergeet, eemol Suen an d’Wirtschaft ze pompelen an dem fräie Marché dann d’Hand ze iwwerloossen. An Zäite wéi dëse musse mer d’Mesuren au cas par cas suivéieren. Monito ring ass d’Stéchwuert, dat heescht evaluéieren, ob dës Mesuren hiren Effekt hunn, a gläich zäiteg nach no weidere Léisunge sichen, do wou dëse Package net gräift.

Wéi den Här Finanzminister sou schéi sot: „Lët zebuerg huet Sputt.“ Jo, wirtschaftlech gesi si mir eent vun de stäerkste Länner. Fir weiderhin esou staark ze bleiwen, ass e Stabiliséierungs plang opgestallt gi vun direkt enger ganzer Hickecht vu Ministèren. Dëse Plang, an de Fi nanzminister huet et gesot, hätt e Volume vun 8,8 Milliarden Euro. 8,8 Milliarden, do denkt sech de Bierger dach: „Dat ass en héije Mon tant!

Et muss een awer och hei soen, datt dës Suen net ausschliisslech un d’PMEen ausgeschott ginn. Et handelt sech bei engem groussen Deel ëm Reporten, Bankgarantien a Mesuren, déi di rekt de Salariéen zeguttkommen. Deen Deel, deen am Endeffekt direkt den Entreprisen ze guttkënnt, dat sinn 300 Milliounen an dësem Projet an nach eng Kéier 50 Milliounen op ane re Plazen. 350 Millioune vun 8,8 Milliarden, déi am Endeffekt direkt debourséiert ginn a wou et net sech ëm Garantien, Reporten oder Mesurë fir d’Salariéen handelt.

Leider geet dat bei Wäitem net duer, fir Lët zebuerg op deem Stand ze halen, deen et virun der Kris hat. Et gëllt also ze kucken, wéi mer dee Stand esou gutt wéi méiglech kënne bäi behalen.

D’Basis ass awer zefriddestellend, well, mir sinn eis bewosst, et sinn urgent Mesuren, urgent Mesuren, déi néideg an domadder och richteg sinn. Mir kënnen net waarden, bis datt alles a stierzt, fir dann ze handelen. Mir mussen elo handelen. An dofir begréissen ech der Regie rung hir Reaktivitéit ausdrécklech, fir mat dë sem Projet séier ze handelen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et bleift nach vill ze maachen. Mesuren ouni déi néideg Koordinatioun sinn nämlech zum Schei tere verurteelt. Et kënnt engem awer hei e wéi neg esou vir, wéi wann all Minister säin eegene Stabiliséierungsplang hätt an deen duerchzéie wéilt.

Ech si frou, datt an dësem Projet direkt dräi Ressortministeren zesummegeschafft hunn. Et mierkt een awer an aneren Domänen, datt et nach e Koordinatiounsmangel gëtt, nämlech da wann Demandeure fir Hëllefe vun engem Ministère bei deen anere ginn a weidergeleet ginn, ouni datt iergendee sech fir si zoustänneg fillt oder de Stabiliséierungsplang vum jeewei lege Ministère scho steet.

Ech denken do un déi, déi ouni Autorisation d’établissement schaffen. Ech denken do un déi, déi vum Educatiounsministère ofhänken. Ech denken do un, zum Beispill, Assistantpa rentallen.

Ech mengen, datt et eng ganz Rëtsch vu Leit gëtt an änleche Situatiounen, déi net vun de Mesurë vun de Classes moyennes kënne profi téieren, einfach, well se net ënnert d’Definiti oun vun de Classes moyennes falen. Dat ass weeder dem Här Delles nach dem Här Fayot seng Schold an, mengen ech, och net der Ma damm Tanson hir Schold, déi elo haut hei hire Projet verteidegen. Et ass awer definitiv en Zee chen dofir, datt et net mat engem Jet vun de Classes moyennes, der Ekonomie an der Kultur gedoen ass.

Här President, dëst neit Instrument, wat mer haut stëmmen, ass nieft dem Chômage partiel an den Hëllefe fir d’PMEen en Deel vum Stabili séierungsplang. Ufanks waren d’Mesuren am Projet nach méi restriktiv. Et gouf sech nëm men op déi kleng a mëttelstännesch Entreprisë konzentréiert. E Complement zu de bestoende Gesetzer, ënner anerem dem Régime d’aides de minimis, sollt et ginn.

D’Komplexitéit an den administrativen Op wand, déi duerch deen initiale Gesetzesprojet awer virdefinéiert waren, ware fir d’Entreprisen an dëser Zäit net drobar. De Plan de redresse ment, wéi en am Ufank ugeduecht war oder zumindest verstane gouf, deen opzestellen, wär engem Mammutakt gläichkomm.

Et ass also gehandelt ginn. D’Entreprisen hunn, mengen ech, Allègementer mat den Amende menter kritt. Deementspriechend si mer och frou, datt déi Amendementer konnte geholl ginn an déi Amendementer an och d’Versprie che vum Minister Delles et erméiglecht hunn, fir et den Entreprisen, wat de Plan de redresse ment ugeet, méi einfach ze maachen an et wierklech op déi dräi Këschten um Formulaire ze limitéieren. Ech begréissen dat ausdrécklech, well dat erlaabt et enger Entreprise, och tat sächlech déi Aiden unzefroen an net nëmmen elo emol zwee Méint domat ze verbréngen, déi néideg Piècen an eventuell Hypotheesen op zestellen.

Wat de Remboursement vun der Avance ugeet, muss ech ganz éierlech soen, datt ech net ganz zefridde sinn, well do schléissen ech mech ver schiddene Virriedner un, déi gesot hunn: „Et wär jo schéin, wann déi Avance net remboursa bel wär.“ Ech mengen, do ass ëmmer de Wonsch méi grouss wéi dat, wat vläicht och di rekt maachbar ass. Ech ka mat der Léisung vun der „meilleure fortune“ elo liewen. Mir musse kucken, ob mer d’Betriber wierklech gerett kréien a se dann zur „meilleure fortune“ kom men. Da wären déi Sue jo och erëm do, sou datt de Staatshaushalt och net ëm déi 300 Mil lioune belaascht géif ginn.

Et ass evident, datt déi Moossnamen haut net jiddwerengem zeguttkomme kënnen, mee si wäerten enger grousser Rëtsch zeguttkommen. An dës Mesurë wäerten dofir hoffentlech gräi fen.

Ech wëll dann nach ganz kuerz d’Kënschtler net vergiessen. Ech mengen, datt et e wichtege Punkt ass, datt mer d’Kënschtler nach konnte mat hei eranhuelen. Normalerweis géif ech kri tiséieren, datt mer an engem Gesetz erëm zwou Saache maachen, déi net beieneepassen. Ech soen dat haut net, well ech mengen, datt et wierklech wichteg ass, an aussergewéinle chen Zäiten aussergewéinlech Moyenen ze huelen, fir Kënschtler ze hëllefen. Well wéi huet de Michelangelo Buonarroti gesot: „D’Konscht huet d’Aufgab, waakreg ze halen, wat fir eis Mënsche vu Bedeitung an noutwendeg ass.“ Ouni d’Konscht gëtt et eng traureg Welt an deementspriechend däerfe mer och d’Kënscht ler net vergiessen.

Här President, mir wäerten dëse Projet haut matstëmmen, well et eng Basis ass, op där ee jee no Evolutioun vum Covid19 opbaue kann. Et sief gesot, datt dës Mesurë warscheinlech net wäerten duergoen a mir eis och iwwerleeë mussen, wéi eng finanziell Konsequenzen dëst herno op de Gesamtstaatshaushalt wäert hunn. Et kascht elo, wat et kascht. Mee eis Responsa bilitéit ass et, datt eis Bierger am Endeffekt net de Präis dofir bezuelen, datt mer dat responsa bel maachen a responsabel encadréieren.

Ech soen Iech Merci.