Header for Projet de loi relative à la mise en place d’un régime temporaire d’aide de minimis en faveur des travailleurs indépendants dans le cadre de la pandémie Covid19

Projet de loi relative à la mise en place d’un régime temporaire d’aide de minimis en faveur des travailleurs indépendants dans le cadre de la pandémie Covid19

Dës Ried hunn ech den 20/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative à la mise en place d’un régime temporaire d’aide de minimis en faveur des travailleurs indépendants dans le cadre de la pandémie Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

a.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Dëse Projet de loi kënnt den Inde pendanten zegutt. Iwwert den État de crise eraus sollen d’finanziell Hëllefe fir déi Selbst stänneg, déi opgrond vun der Kris a Schwie regkeete koumen, maintenéiert ginn. Mir ken nen alleguer d’Poleemik ëm d’Independanten, déi wärend der Kris opgrond vum Här Minister Kersch sengen Aussoen ausgebrach ass. Ech wëll dat och net nach eng Kéier hei am Detail oprullen, ma et revoltéiert mech am Nachhin ein schonn, …

Une voix. O.

M. Sven Clement (Piraten). … wann ech elo gesinn, a wéi enger Situatioun vill vun deene Fräischaffende sinn.

Här President, ech si selwer Independant, meng Fra ass Independant. Dofir erlaabt mer, datt ech mech ëmmer erëm wonneren, wéi wéineg Bewosstsäin awer fir d’Situatioun vun den Independanten herrscht, a virun allem och wivill Independantë sech selwer net bewosst sinn, wat et heescht, Independant ze sinn.

Et geet net duer ze soen: „Mir sinn eng Start up nation a mir wëllen nei Entreprisë fërderen.“ Et muss een dat och Dag fir Dag weisen.

An ech zitéieren do elo ee Beispill, wat weist, oder, besser gesot, zwee Beispiller, déi weisen, wou dat awer e bëssen ze kuerz kënnt.

Mir hunn, am Kader vun den Aidë vun dëser Kris, de Fit4ResilienceProjet lancéiert. De Fit 4ResilienceProjet soll et Entreprisen oder Inde pendanten erlaben, sech Berodung ze huelen, wéi se méi resilient fir eng zukünfteg Kris kënne ginn. Dat kléngt op den éischte Bléck super. Beim méi genauen Hikucken heescht dat awer, datt déi Hëllefe just ausbezuelt ginn, wann ee sech Hëllef sicht bei engem vun de konventio néierte Partner vun deem Projet. An do ass et dann erëm vill méi komplizéiert, datt nei Inde pendanten, nei kleng Entreprisen eligibel sinn, fir konventionéiert ze ginn, wéi déi bestoend. Et kënnt hei also aus enger gudder Iddi, et ginn d’Sue schlussendlech awer bei etabléiert Bero derfirmen.

An och beim Fit 4 Start ass et net esou, datt do all Firma sech ka konventionéiere loossen. Beim Fit 4 Start erëm esou ee Fit 4, dat ass jo e be léiften Term zu Lëtzebuerg ass et esou, datt verschidde Kategorië vu Firme guer net méi als konventionéierte Partner ugeholl gi mat der Begrënnung, et géifen der scho genuch ginn. Ma do stellen ech mer d’Fro: Ass et un engem staatlech finanzéierte Projet ze entscheeden, wie seng Servicer a wéi engem Secteur däerf offréieren oder ob en net vun engem staatlech finanzéierte Projet gesot kritt: „Ma nee, da musst Der Iech vläicht ëmorientéieren a vläicht aner Servicer offréieren, fir datt Der kënnt vun dësem Programm profitéieren.“

Ech fannen, datt dat immens schued ass an datt dat weist, wéi wéineg u sech eis dru ge leeën ass, fir nei Firmen an alle Secteuren ze ënnerstëtzen. A genau do ass de Wuerm ech hunn et virdru schonn eng Kéier gesot , genau do ass de Wuerm dran: an all deenen Aiden an all deene Programmer, déi mer maachen.

Et ass ëmmer erëm an der Informatik seet een den Happy Path. Et ass dee Wee, wou mer déi mannsten Objektioune gesinn. Et ass dee Wee, wou et am einfachsten ass, et ze erklären. Et ass awer net dee Wee, wou mer déi eenzel Fäll, déi vläicht net genau an de Raster passen, erfaassen. Et sinn e puer Beispiller vu villen, datt mer zu Lëtzebuerg nach wäit vun där sougenannter Grënnerkultur ewech sinn. Sécherlech, et ass begréissenswäert, wa mer mat dësem Projet de loi weiderhin Independanten ënnert d’Äerm gräifen. Besser den Aascht fält wéi de Bam. Mir maachen hei just dat Néidegst. Och bei dësen Aidë falen erëm eng ganz Partie Leit duerch de Raster. Et ass nun emol esou, datt Flexibilitéit net ganz groussgeschriwwe gouf.

Virun allem, Här President, musse mer an Zu kunft awer och verstäerkt kucken, de Problem vun der Schäiselbststännegkeet an de Grëff ze kréien, déi sech grad elo an Zäite vun Teletra vail nach eng Kéier wäert verschäerfen. Mir mussen d’Freelancer besser encadréieren, se vu virera sensibiliséieren, wat net nëmmen hir Rechter, mee och hir Flichte sinn, fir datt mer verhënneren, datt d’Leit, déi sech lancéieren, schlussendlech net nohalteg kënne wirtschaf ten, well se verschidde Konditiounen net um Schierm hunn.

Mat dësem Projet hei weise mer, datt eis d’In dependanten net egal sinn, datt mer se net ganz vergiess hunn. An awer bleiwen nach Efforten ze maachen. Domadder ginn ech awer trotzdeem den Accord vun de Piraten fir dëse wichtege Projet.

Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Parole après ministre, well ech hei ugeschwat gouf. Ech mengen, datt de Minister mech falsch versta nen huet, wéi ech vun de Fit4Programmer geschwat hunn. Ech hunn net gesot, datt et doduerjer schwéier ass, fir Independant zu Lët zebuerg ze ginn. Ech hunn drop higewisen, datt et staatlech subventionéiert Programmer sinn, déi entscheeden, a wéi engem Feld ee kann an deem Programm aktiv ginn. Dat heescht, datt ee gesot kritt: „Wann s de an deem Feld bass, wou mer schonn ze vill Leit hunn, da bass de net méi eligibel.“ Dat wollt ech kloerstellen.

An dat Zweet ass, de Minister huet elo grad d’Autorisations d’établissement ugeschwat, e bëssen en Dada vu mir. Well ech rezent erëm hautno erliewe konnt, datt eng Autorisation d’établissement, wou de Virgängerminister Étienne Schneider eng Kéier op enger Table ronde gesot huet: „An dräi Deeg ass dat méig lech“, a wou ech schonn e puermol nogefrot hunn, erëm rezent erliewe konnt, datt eng Au torisation d’établissement, déi just eng Trans criptioun war vu enger bestoender op eng nämmlecht Aktivitéit, just vun Indépendant en nom propre op eng Société commerciale, dräi Woche gebraucht huet.

Et huet eng Woch gedauert, bis den Accusé de réception op myguichet do war. Ech mengen, do ass nach e wäite Wee ze maachen. An ech begréissen, datt de Minister seet: „Mir schaffen drun.“ An ech hoffen, datt mer séier dru schaf fen, well dat ass wierklech eppes, wou de Schong bei enger ganzer Rëtsch vun Indepen danten dréckt.