Header for Projet de loi relative à une aide de compensation de l’augmentation du salaire social minimum dans le contexte de la pandémie de Covid19

Projet de loi relative à une aide de compensation de l’augmentation du salaire social minimum dans le contexte de la pandémie de Covid19

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative à une aide de compensation de l’augmentation du salaire social minimum dans le contexte de la pandémie de Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir freeën eis, datt deci déiert gouf, Aiden anzeféieren, fir den erhéichte Mindestloun am neie Joer auszegläichen. Jo, et ass en Acquis. A jo, et ass vläicht e Kouhandel, deen hei an der Majoritéit stattfonnt huet, fir datt déi Aidë kommen. Et ass mer u sech egal, well an dësem Fall hëlleft et klengen a mëttelstännesche Betriber direkt. A mir begréissen et och, datt d’ad ministrativ Prozedur, fir dës Aiden unzefroen, ver einfacht ass, an hoffen, datt dat och bei deenen aneren Demanden, wéi zum Beispill där vum Chô mage partiel oder de Coûts non couverts, wou mer jo schonn driwwer geschwat hunn, geschéie wäert.

Nichtsdestotrotz fanne mer, datt et net genuch ass, eng eemoleg Hëllef unzebidden an enger Situa tioun, an där kee weess, wéi d’wirtschaftlech Lag sech an der unhalender Kris nach entwéckele wäert. Mir sinn der Meenung, datt mer eng Hëllef bräichten, déi esou laang ugebuede gëtt, wéi d’En treprisen d’ekonomesch Konsequenze vum Covid nach ze spieren hunn, an déi reell Käschten deckt, déi duerch de Gesetzesprojet 7719 wärend der Kris entstinn.

„Solidaritéit“ ass en Term, dee mer am Moment ganz heefeg héieren, mee bei esou Gesetzesprojete froe mer eis, ob dat net just en dekoratiivt Wuert ass. Sécher, all Euro ass wichteg an der aktueller Situatioun, an dofir wäerte mer dëse Projet haut och matstëmmen, mee eng eemoleg Hëllef gëtt enger unhalender Kris an eisen Aen net gerecht.

Ech wëll awer vläicht nach, wa mer iwwert deen heite Projet schwätzen, an ech hunn de Chômage partiel an d’Demandë fir de Chômage partiel uge schwat, erëm eppes reiteréieren, wat ech schonn d’leschte Kéier ugeschwat hunn, wéi mer d’Covid gesetz gestëmmt hunn, a wat mech e bëssen er schreckt huet, an zwar, vläicht och do nach eng Kéier e bësse Largesse walten ze loosse fir den HorecaSecteur. Ech hu mer ziele gelooss gëschter Owend aus dem HorecaSecteur raus, datt d’Ho resca eréischt gëschter Owend kommunizéiert hätt, wéi eng Aiden dann elo mat den neie Gesetzer haut a Kraaft trieden, an ënner anerem och nach eng Kéier op de Chômage partiel higewisen huet vum Covidgesetz, dat en Dënschdeg gestëmmt gouf an domadder och d’Fermeturë verlängert huet. An déi Leit, déi en Dënschdeg probéiert hunn, de Chômage partiel direkt unzefroe fir déi Aiden, déi krute gesot, et wär ab dem 12. Ech gesinn, den Aarbechtsminis ter reagéiert schonn drop. An ech mengen, datt dat zu eiser Satisfaktioun wäert sinn.

Dofir kann ech elo scho Merci soen. An ech kann Iech den Accord vun de Piraten fir dëse Projet ginn.