Header for Projet de loi relative aux dispositifs transfrontières devant faire l’objet d’une déclaration

Projet de loi relative aux dispositifs transfrontières devant faire l’objet d’une déclaration

Dës Ried hunn ech den 21/03/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative aux dispositifs transfrontières devant faire l’objet d’une déclaration” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech faasse mech kuerz, well de Rapport vum Kol leeg André Bauler war relativ komplett, huet al les ofgedeckt, wat u sech wichteg ass. An och de Laurent Mosar huet u sech gutt retracéiert, wou d’Kritikpunkten un deenen heite Saachen unzebrénge waren.

Ech mengen, et ass e komplexe Projet. Dat Eenzegt, wat vläicht elo an Zukunft nach rele vant ass a wat sech wäert weisen, dat ass, ob mer hei ze large ausleeën an nobessere mussen oder net. Ech sinn der Meenung, datt en éischte Schrëtt gemaach gëtt mat deem Gesetz. Even tuell musse mer nobesseren, fir d’Largessen er auszekréien. Mee dat weist sech eréischt, wann et en vigueur ass. An deementspriechend wäer te mir dëse Projet matstëmmen.