Header for Projet de loi relative aux mesures temporaires dans les secteurs de l’électricité et du gaz naturel dans le cadre de la lutte contre le Covid­19 et modifiant la loi modifiée du 1er août 2007 relative à l’organisation du marché du gaz naturel

Projet de loi relative aux mesures temporaires dans les secteurs de l’électricité et du gaz naturel dans le cadre de la lutte contre le Covid­19 et modifiant la loi modifiée du 1er août 2007 relative à l’organisation du marché du gaz naturel

Dës Ried hunn ech den 17/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative aux mesures temporaires dans les secteurs de l’électricité et du gaz naturel dans le cadre de la lutte contre le Covid­19 et modifiant la loi modifiée du 1er août 2007 relative à l’organisation du marché du gaz naturel” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heite schwätzt mech a méi wéi engem Thee­ meberäich un. Dat Éischt ass: Se ass mer op den éischte Bléck ganz sympathesch, d’Motioun. E fräie Choix. Et ass exzellent, datt elo op eemol d’Regierung nach eng Kéier soll e Projet de loi deposéieren, wou u sech, wa mer eis als Chamber géifen eescht huelen a mer dat dote wierklech wéilten, all Deputéierten och kéint eng Proposition de loi schreiwen.

Ech mengen, mir hunn haut sechs Proposition­ deloien hei ugeholl, soudatt se weiderginn an der Prozedur. Dat weist, datt dat en Outil ass, deen ee ka benotzen.

An ech sinn der Meenung, an dat ass de Grond, firwat ech mam éischte Punkt vun der ADR­Fuerderung net averstane sinn, datt, wa mer eis als Parlament an als Deputéierten eescht huelen, datt mer sollen déi Texter, wa mer eppes ännere wëllen, och schreiwen. An net soen: „Wannechgelift, léif Regierung, schreift eis dach eppes, fir eppes réckgängeg ze maachen, wat Der selwer deposéiert hutt!“ Ech mengen, dat wär u Logik iergendwéi net ze verstoen. An deementspriechend hunn ech mam éischte Punkt e Problem, och wa mer grondsätzlech d’Fuerderung vum fräie Choix dach sympathesch ass.

Dann deen zweete Punkt, datt d’Leit sollen hire Compteur erëm op de Müll puche kënnen. Ganz éierlech: Mir schwätzen hei vun Nohaltegkeet! Mir schwätzen hei vun enger Économie circulaire! Mir hu schonn e Problem mat Elektromüll an da solle mer de Leit soen: „Ma Dir hutt elo e Compteur, da pucht en op de Müll!“ Ech hunn do och e bësse meng Beden­ ken, datt dat déi richteg Pist an déi Richtung ass.

An da komme mer zu där technescher Fro. An erlaabt mer, datt ech do e bëssen aushuelen, an ech hoffen, datt de President net direkt op d’Klack schléit!

Dat Éischt ass d’Frequenz, d’Stralebelaasch­ tung, dat, wat ganz gären a Youtube­Videoen op obskuren Internetsäiten a soss iwwerall kommentéiert gëtt. Ma de Smarty sent op 868 Megahertz. Sou, wat ass dat? Dat ass eng Zuel. Dat seet guer näischt aus. 868 Megahertz ass en Deel vun der Digital Dividend. Dat ass also eng Frequenz, déi fräi ginn ass doduerjer, datt mer haut net méi analog Tëlee kucken, mee digital. Dat ass also eng Frequenz, wou fir Dekade laang Stralebelaaschtung existéiert. Dat ass keng nei Belaaschtung. Tout au contraire, déi Frequenze ginn haut manner benotzt, well mer net méi Tonnen Tëleeskanäl op genau deem Frequenzband ausstralen. Wien also sech drun erënnert, datt mer nach d’Tëlee gekuckt hu mat enger Antenn, déi mer hu missen ariichten, ma dee weess, datt en där Stralung scho mindestens zënter där Zäit ausgesat ass. Huet also dat iergendeppes mat medezinnescher Sécherheet oder mat engem „Mer­den­ ken­nach­eng­Kéier­no“ ze dinn? Probablement net! Well déi Frequenze gi säit Jorzéngte benotzt. Dat also zur Stralebelaaschtung!

Ech mengen, datt ee sech do wierklech muss bewosst sinn, iwwer wat ee schwätzt, an dann och technesch sech bewosst sinn, iwwer wéi eng Frequenzen ee schwätzt.

Et gëtt méi geféierlech Frequenzen, ioniséierend Stralung. Dat heiten ass keng. Dat hei ass eng Frequenz, déi säit Jorzéngte benotzt gëtt, iwwregens och fir wireless Mikroen, fir Telecommanden, fir Walkie­Talkien, also fir eng ganz Rëtsch vu Gebräicher, wou d’Leit sech awer keng Gedanken ëm d’Stralebelaaschtung maachen. Deementspriechend sollt een dat Argument wierklech mat Virsiicht genéissen. Dat Zweet ass: Déi ganz Kommunikatioun vum Smarty gëtt, anescht wéi an anere Länner, no engem Standard verschlësselt, dee bekannt ass. All Gerät huet säin eegene Schlëssel, deen den Netzbedreiwer Iech och gäre gëtt, wann Der frot. Da kënnt Der selwer nokucken, mat e bësse bastelen a mat Open­Source­Software, wéi Der Stroum verbraucht. Dir kënnt also Äre Smarty kontrolléieren. Dir kënnt selwer novollzéien, wat dee Smarty wéini mécht. De Problem ass och net d’Datenerhiewung. D’Datenerhiewung, wivill Stroum ech verbraucht hunn, dat ass eppes, wat historesch soss vun engem erhuewe ginn ass, deenan do weess een dann och net méi, wien ee virun der Dier stoen hat ­, geschellt huet an dee mat Iech an de Keller gaangen ass an op Äre Compteur gekuckt huet an ënnerwee natierlech och gesinn hutt, wéi Der gewunnt hutt, an esou weider.

Den Dateschutz ass e Problem beim Späiche­ ren a beim Verschaffe vun deenen Donnéeën.

(Interruption)

Well, an do sollte mer och ganz pragmatesch drun erugoen, d’Sécherheet beim Späicheren ass vläicht bei grousse Gruppen, déi Geld hunn, fir doranner ze investéieren, eventuell potenziell besser opgehuewen, mee wéi de Minister et richteg gesot huet: „Mir hunn hei zu Lëtzebuerg Operateuren, dat si Familljebetriber.“

(Interruption)

An ech kommen aus dem Secteur, wou ee vill mat klenge Betriber an der Informatik zesummeschafft. A wa mer wëssen, datt schonn de Staat et net ëmmer fäerdegbréngt, all Date­ bank ze securiséieren, da muss ee sech d’Fro stellen, ob déi Datebanken hei gutt genuch securiséiert sinn.

Dofir, den drëtte Punkt vum DPIA interesséiert mech brennend. Ech géif dat Dokument gäre liesen, wa mer esou eent erstellen. Ech géif et och gutt fannen, wann dat an enger Kommissioun géif presentéiert ginn.

Déi zwee éischt Punkten, muss ech ganz éierlech soen, déi gehéiere fir mech an d’Kategorie vum Folklor. An do kann ech dann d’Motioun och net matdroen, wa se da sollt integral zum Vott kommen.

Ech soe Merci.