Header for Projet de loi sur la protection des savoir-faire et des informations commerciales non divulgués (secrets d’affaires) contre l’obtention, l’utilisation et la divulgation illicites

Projet de loi sur la protection des savoir-faire et des informations commerciales non divulgués (secrets d’affaires) contre l’obtention, l’utilisation et la divulgation illicites

Dës Ried hunn ech den 19/06/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi sur la protection des savoir-faire et des informations commerciales non divulgués (secrets d’affaires) contre l’obtention, l’utilisation et la divulgation illicites” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här Pre- sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Secret d’affaires, wéi en hei am Text definéiert ass, geet immens wäit. Et ass quasi alles, wat eng Entreprise, en Entrepreneur sech erdenkt a mengt, schützen ze wëllen. Op där enger Säit hu mer schonn zwou Dispositiounen, déi ge- nau dat solle protegéieren an déi ëmmer pro- béiert hunn, eng Balance tëschent Ëffent- lechkeet an Notze fir d’Allgemengheet ze schafen an awer e legitimme Geschäftsinteressi vun enger Entreprise ze schützen. Dat ass eemol d’Copyright, also d’Droit-d’auteuren, déi generell d’Kreatioune protegéieren. Dorën- ner falen, ënner anerem, d’Logiciellen. An op där anerer Säit hu mer d’Patentrecht. Béid Rechter hunn en Oflafdatum, en Oflafdatum, dee seet: „Wann d’Entreprise bis x Joer dovun- ner profitéiert huet, da fält d’Inventioun der Allgemengheet zegutt.“

Dat ass e Prinzip, deen deemools scho mam „Statute of Anne“ agefouert gouf. D’Copy- right, genau ewéi d’Patentrecht, hunn zu all Zäitpunkt ëmmer zäitlech Limitte fir eng Inven- tioun an de Schutz vun dëser virgesinn.

Datt mer dat elo hei beim Secret d’affaires onli- mitéiert maachen, ass a mengen Aen e krasst Ongläichgewiicht tëschent den Interêten op där enger Säit vun enger Entreprise an den In- terête vun der Allgemengheet op där anerer Säit, fir vun Neiegkeeten, Inventioune kënnen ze profitéieren.

De Kolleeg Baum huet et gesot: Mir gesinn hei d’Schafung vun engem neien, zweete Wee vum Patentrecht. E Wee, wou een net méi muss ëffentlech soen, datt een eppes erfonnt huet, fir et kënnen ze schützen, mä wou een et ka verstoppen. Et kann een also soen: „Ech hunn eppes, wat vläicht besser wär fir d’Ëm- welt, oder ech hunn eppes, wat besser wär fir d’Allgemengheet, mä ech verrode kengem eppes dovunner, well ech am Moment nach genuch Geld maache mat den Alternativen.“ A genau do läit den Hues am Peffer! Genau do huet näämlech d’Patentrecht zu all Zäitpunkt ëmmer gesot: „Fir datt d’Allgemengheet ka profitéieren, muss een, fir ënnert dem Patent- recht geschützt ze sinn, dat verëffentlechen.“ Et muss ee beschreiwen, wéi d’Inventioun fonctionnéiert. Et muss een de Leit dobaussen d’Chance ginn, nom Oflaf vun der Protektioun genau dës kënnen ëmzesetzen.

Doriwwer schwätze mer hei net méi. Mir soen hei: „Et ass onlimitéiert. Et gëtt keng Ëffent- lechkeet. Et gëtt zougespaart. Et ass eppes, wat een an den Tresor leet an net méi auspeekt.“

Ech froe mech, an dat ass natierlech éischter un d’Auteure vun der Direktiv wéi elo un d’Trans- positioun geknäppt, firwat hei de Choix ge- maach gouf, fir ebe grad déi Onendlechkeet, déi Illimitatioun anzeféieren, wou op anere Fäll ëmmer déi Balance gesicht gouf. Ass et den Drock vu Lobbyiste gewiescht, déi léiwer wël- len, datt d’Coca-Cola-Rezept weiderhin am Tre- sor läit, oder ass et einfach duerch Onwëssen- heet geschitt, wéi historesch déi zwee Droits à la propriété intellectuelle evoluéiert hunn? Vläicht ass et och eng Mëschung vu béidem.

Fakt ass: Mir hunn haut iwwer e Gesetz ofze- stëmmen, wat onlimitéiert d’Protektioun vum Secret d’affaires virgesäit, wou et duergeet, datt ech soen: „Et ass e Secret d’affaires“, fir datt et protegéiert ass. All déi Effekter, déi dat kann op d’Pressefräiheet, op d’Whistleblower hunn, sinn ewell thematiséiert ginn. An ech hunn akute Bauchwéi mat deem Projet hei. Et ass eng Direktiv, deementspriechend musse mer se souwisou transposéieren. Mä d’Piraten wäerte sech bei dësem Projet enthalen, well mir hu ganz, ganz grousse Bauchwéi, wann et drëm geet, wat hei mat de Rechter vu Presse- fräiheet fir Whistleblower geschitt, mä eben och vun der Balance vun den eenzelnen Inte- rête vun enger Entreprise an der Allgemeng- heet op där anerer Säit.

Ech soe Merci.