Header for Projet de loi sur la responsabilité civile en matière de dommages en relation avec un accident nucléaire et modifiant1) la loi modifiée du 20 avril 2009 relative à la responsabilité environnementale en ce qui concerne la prévention et la réparation des dommages environnementaux2) la loi modifiée du 21 avril 1989 relative à la responsabilité civile du fait des produits défectueux

Projet de loi sur la responsabilité civile en matière de dommages en relation avec un accident nucléaire et modifiant1) la loi modifiée du 20 avril 2009 relative à la responsabilité environnementale en ce qui concerne la prévention et la réparation des dommages environnementaux2) la loi modifiée du 21 avril 1989 relative à la responsabilité civile du fait des produits défectueux

Dës Ried hunn ech den 26/05/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi sur la responsabilité civile en matière de dommages en relation avec un accident nucléaire et modifiant1) la loi modifiée du 20 avril 2009 relative à la responsabilité environnementale en ce qui concerne la prévention et la réparation des dommages environnementaux2) la loi modifiée du 21 avril 1989 relative à la responsabilité civile du fait des produits défectueux” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Also Google!

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och wann déi Motioun hei sollt an d’Kommissioun verwise ginn, wëll ech awer vun der Plaz hei profitéieren, well de Kolleeg vun deene Lénken huet eng wichteg Fro hei opgeworf, nämlech déi vun der Exklusiounslëscht vum FDC, vum Fonds de compensation, deen haut, an net viru méi laang wéi sechs Deeg seng Lëscht u sech à jour gesat huet, fir elo 126 Firmen opzelësch ten.

Wie weess, datt et weltwäit 630.000 Firme gëtt, déi kënnen op de Marchéë gehandelt ginn, dee mierkt, datt déi Lëscht dach erstaun lech kleng ass. A wann ee sech dann déi Lëscht ukuckt, dann ass se nach ëmsou méi erstaun lech, well et si gutt Geschäftspartner vun der Lëtzebuerger Regierung drop.

Ënner anerem fënnt een dorobber Airbus, déi ëmmerhin op där Lëscht stinn, well se schéin déi Businesspractices hunn a schlecht fir den Environnement sinn a Controversial Weapons hierstellen. Gläichzäiteg ass et Airbus, vun deene Lëtzebuerg e puer Helikoptere keeft. Da steet Audi drop, an déi leschte Kéier, wou mer Questionparlementairen zum Fuerpark vun der Regierung haten, stoungen do Audien drop, iwwer Volkswagen geet et weider, Boeing steet mat drop. Wien net dropsteet, mee wou de Fong dann awer Aktien huet oder Obliga tiounen, dat sinn Engie, EDF, déi goufe scho genannt. An da GE Capital, déi ëmmerhi fir de Refinanzement vun Atomzentralen déngen. General Electric insgesamt, déi relativ alles maachen. Also wann een déi ganz vast Exklu siounskrittären hëlt, fanne mer do sécher och deen een oder anere Grond, firwat ee mat GE net sollt schaffen. Et ass also e bëssen ewéi e Schwäizer Kéis, déi Exklusiounslëscht. Mir hunn do 126 Nimm, déi iergendwann eng Kéier vum Conseil d’administration dropgesat goufen, vu ganz, ganz ville Firmen, déi ee vill méi iwwer schaubar misst kucken.

De Fong huet iwwregens iwwer 8.000 Investis sementer iwwer verschidde SousFongen. Iw wregens och 600 Millioune bal an Immobilien. Och eppes, wou ee sech d’Fro ka stellen, ob déi net sollten an abordabele Logement zu Lët zebuerg investéiert ginn.

Soit, ech mengen, datt déi Fro vum Fonds de compensation vill méi breet muss gefouert gi wéi just iwwert d’Atomenergie. Ech hätt déi heite Motioun matgestëmmt, well ech de Prin zip ganz sympathesch fannen. Ech sinn awer genausou frou, wa mer an der Kommissioun dat Faass Fonds de compensation ganz breet kënnen opmaachen, well do gëtt et definitiv eng méi grouss Liste d’exclusion ze féiere wéi just 126 Firmen, vun deenen e puer nach ganz gutt Geschäftspartner vum Lëtzebuerger Staat sinn.