Header for Projet de loi sur les relations entre entreprises au sein de la chaîne d’approvisionnement agricole et alimentaire

Projet de loi sur les relations entre entreprises au sein de la chaîne d’approvisionnement agricole et alimentaire

Dës Ried hunn ech den 20/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi sur les relations entre entreprises au sein de la chaîne d’approvisionnement agricole et alimentaire” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Piraten ënner stëtzen d’Ëmsetzung vun dëser EUDirektiv géint onfair Handelsbezéiungen tëscht Liewensmëttel produzenten an hire Keefer. Dat emol direkt, fir all Surprisen aus dem Wee ze raumen.

Hautzudaags sinn d’Baueren an d’Wënzer mat villen Defie konfrontéiert a leider zéie se vill ze heefeg bei de Präisverhandlungen, ganz speziell mat Discoun ter, neierdéngs awer och mat Internetfirmen, de Kier zeren. Zudeem sinn et oft déi Produzenten, déi nëm men ee Produit produzéieren, also déi sougenannte „producteurs monoproduit“, déi am meeschte Gefor lafen, beim Verkaf vun hirer Wuer schlecht ewechze kommen oder iwwert den Dësch gezunn ze ginn, well si eeben nëmmen ee Produit kënnen ubidden a besonnesch leiden, wann de Präis vun dësem Pro duit duerch de Keefer gedréckt gëtt.

Hei hunn d’EU a Lëtzebuerg eng Verantwortung, fir fir fair Kaderkonditiounen ze suergen. Mir sinn eis natierlech bewosst, datt dëst Gesetz net all Abus wäert verhënneren an datt d’Baueren an d’Wënzer och an Zukunft nach mat verschiddene Keefer ëm deen ee faire Präis fir hir Wuere kämpfe mussen.

Duerfir geet d’Oplëschtung vun deenen zéng schwaarzen an deene sechs groe Praktiken eleng net duer. Dat ass jo och e Punkt, deen d’Landwirtschafts kummer an hirem Avis in extenso erkläert huet.

Dësen Text suergt awer fir e Minimum u Standarden, déi uniform an der ganzer EU mussen agehale ginn; Standarden, déi batter néideg sinn. Duerfir gesi mer dës Direktiv an dëst Gesetz awer als e Schrëtt an déi richteg Richtung a mir wäerten et duerfir ënnerstëtzen.

Villmools merci.