Header for Projet de loi visant à mettre en place un régime d’aides en faveur des projets liés à la lutte contre la pandémie du Covid19

Projet de loi visant à mettre en place un régime d’aides en faveur des projets liés à la lutte contre la pandémie du Covid19

Dës Ried hunn ech den 18/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi visant à mettre en place un régime d’aides en faveur des projets liés à la lutte contre la pandémie du Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Corona kris huet gewisen, wéi wichteg et ass, an Zukunft verstäerkt op d’Fuerschung ze setzen. Wien an der Welt vu muer wëllt e Big Player sinn, dee muss op Innovatioun setzen a Gesetzer maachen, déi dëst och favoriséieren.

Une voix. Jo.

M. Sven Clement (Piraten). D’Uni Lët zebuerg ass e gutt Beispill, unhand vun deem ee gesäit, datt Fuerschung a Politik duerchaus gutt kënnen zesumme fonctionéieren. D’Uni war an ass wärend der Coronakris en zouver lässegen an onverzichtbare Partner gewiescht; wann d’Chamber dann och nach déi jeeweileg Studien ëmmer matzäite gesinn hätt, vläicht souguer nach e besseren. Nëmme mat innova tiver Recherche an den néidege finanzielle Mët tel, déi mer den Universitéiten, Instituter an Entreprisen zur Verfügung stellen, kënne mer an Zukunft eng Kris wéi déi vum Covid19 evitéieren.

Mir Piraten begréissen dëse Projet de loi, dee vir gesäit, Entreprisen, déi an d’Lutte géint de Covid19 investéieren, finanziell ze ënnerstëtzen. Dës Hëllef ka bis zu 100 % erreechen. Mir sollten allerdéngs och bedenken, datt elo ewell verschidden Entreprisë Problemer hunn, fir liquid ze bleiwen. Dofir wier et wichteg gewiescht, de selektionéierten Entreprisen d’Akkonten direkt auszebezuelen, fir datt se och wierklech d’Méig lechkeet hunn, direkt „duerzefuerschen“.

Och sollte mer bedenken, datt verschidde Fuer schungsprojete laang Zäit brauchen an datt den zäitleche Kader, deen elo gesat gouf, even tuell nach eng Kéier misst ausgedeent ginn. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’Perennitéit vum Règlement grandducal, deen à la base vun dësem Projet steet, ze assu réieren, musse mer gemeinsam hannert dësem Projet stoen. Mir kënnen eis et net erlaben, datt Firmen, déi an d’Lutte géint de Coronavi rus investéieren, a finanziell Schwieregkeete kommen. Mir mussen d’Fuerschung op dësem Gebitt aktiv encouragéieren. Duerfir begréisse mir, datt d’Hëllefen esou héich ugesat sinn, datt d’Regierung bereet ass, sech de Kampf géint de Virus eppes kaschten ze loossen. Quitte datt dëse Projet de loi op enger Kom munikatioun vun der Europäescher Kommis sioun fousst, ass et och vun eisem Land aus e positiivt Signal, wat mer no baussen ausstralen. Dat ass e Statement och fir d’Zukunft: Mir Lët zebuerg, mir Europa sinn endlech bereet, d’Fuerschung à sa juste valeur unzeerkennen an dran ze investéieren.

A jo, och wann net all Fuerschungsprojet vun engem Succès wäert gekréint sinn et ass nun emol Fuerschung, an do kann een och emol erausfannen, datt d’Pist, déi ee verfollegt huet, net fonctionéiert , kënne mer eis sécher sinn, datt d’Recherche ni fir näischt ass. Well och erauszefannen, datt eng Pist net fonctionéiert, heescht, datt deen Nächsten net nach eng Kéier déi Feeler muss begoen. Et seet een esou schéin: „Mir kënne just esou wäit gesinn, well mer op de Schëllere vu Gigante sinn.“ A genau dat ass an der Fuerschung de Fall: All Resultat baut op d’Resultater vun deenen, déi virdru komm sinn, op. An deementspriechend ass Recherche ni fir näischt.

Här President, ech wëll awer och vun der Geleeënheet hei nach profitéieren, fir am Numm vun de Piraten en Appell ze lancéieren un d’Regierung: Mir mussen an Zukunft vun all verdéngtem Euro e ganzen Deel direkt an d’Fuerschung fléisse loossen, dat net nëmmen um Niveau vun der Fuerschung géint de Covid19, mee spéider och op anere Gebidder. Mir mussen innovativ bleiwen. Mir musse selbst verständlech an naturwëssenschaftlech Recher che investéieren, ma ech maachen awer och en Appell, fir déi humanwëssenschaftlech Recher che net ze vergiessen. Well mir brauchen als Europa an och als Lëtzebuerg eng staark Iddi, e staarke Softpower, e staarkt humanwëssen schaftlecht Fundament, fir datt mir och weider hin heiheem a queesch duerch d’Welt kënne brilléieren an eis Matière grise kënnen an d’Vitrinn stellen.

Dat gesot, stëmme mir dëse Projet haut mat.

Ech soen Iech Merci.