Header for Projet de loi visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l’économie luxembourgeoise dans le cadre de la pandémie Covid­19

Projet de loi visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l’économie luxembourgeoise dans le cadre de la pandémie Covid­19

Dës Ried hunn ech den 18/04/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l’économie luxembourgeoise dans le cadre de la pandémie Covid­19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, all Entreprise, déi virum État d’urgence viabel war, kann eng Demande de prêt maachen, déi mat dësem Projet de loi vum Staat garantéiert gëtt. Entreprisen, déi a finanzielle Schwieregkeete sinn, kënnen tëschent dem 18. Mäerz an dem 31. Dezember dëst Joer nei Prête bewëllegt kréien, déi vum Staat garantéiert ginn. D’Zil ass et, d’Aarbechtsplazen an déi ekonomesch Aktivitéit vun de jeeweilegen Entreprisen ënnert de bekannte Konditiounen nämlech ze garantéie ren. Et ass e komplementaart Instrument, wat applizéiert ka ginn, wann d’Entreprisen hire Besoinen u Fonds de roulement net méi nokomme kënnen, domat se awer eng gewësse Méiglechkeet hunn, dem Impakt vum Corona­ virus Meeschter ze ginn.

D’Relance vun där Lëtzebuerger Ekonomie sollt net erschwéiert ginn an de potenziellen zukünf­ tege Wuesstum sollt net direkt schonn Affer vun der Kris ginn. Dozou kënnen déi Garantië vun 2,5 Milliarde bäidroen.

Och an eisen Nopeschlänner hu sech déi jeeweileg Politiker mat de vum Staat garantéierten, bewëllegte Prête beschäftegt. A Frankräich ass den Entreprisen dës Garantie och versprach ginn. Leider ass d’Ëmsetzung vun deem Projet dach e bësse manner erfollegräich, wéi ee sech erhofft hat. Vill Entreprisen hunn hir Prêt­De­ mandë refuséiert kritt.

Den administrativen Opwand ass och e grousse Problem an eisen Nopeschlänner. Wichteg ass et also hei, datt an der Richtlinn, an de Konventiounen, déi mat de Banke verhandelt ginn, och keen neien administrative Waasserkapp entsteet, well et eebe grad do wär, wou d’Entreprisen e weidere Stolpersteen op hirem Wee an d’Relance kéinte geluecht kréien.

Et si vill Ressourcen néideg, fir dës Demanden ze traitéieren. An ech mengen, mir hunn et beim Chômage partiel gesinn, datt dee Ramp up vun neie Ressourcen net ëmmer ouni Hick geet. An ech hoffen, datt dat bei dësem Projet dann e bësse besser geet, wéi dat bei aneren Aiden, déi scho méi laang elo lafen an déi sech och mëttlerweil etabléiert hunn, da fonctionéiert.

Eis belsch Nopere wëlle mat hirem Bazooka System Prête garantéieren. Eleng schonn den Numm, dee se gewielt hunn, weist, wéi grav d’Situatioun ass a firwat et dach aussergewéin lech Moossname sinn, déi hei getraff ginn.

M. André Bauler (DP), rapporteur.- Dat ass den Här Scholz mat der Bazooka.

M. Sven Clement (Piraten).- Déi Belsch hunn och vun där Bazooka geschwat, Här Bauler. Da si mer schonn tëschent zwee Nopeschlänner, déi vu Bazooka schwätzen. Dat fänkt zwar elo un, mer e bësse Suergen ze maachen.

Une voix.- Dir musst just de Kapp anzéien.

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, ech weess

net, ob de Kapp anzéien duergeet. Ech schaffen op alle Fall drun, datt meng d’Zilsurface ëmmer méi kleng gëtt an deene leschten Deeg.

(Hilarité et coups de cloche de la présidence)

Am Bezuch op d’Exekutioun vun der Prozedur wënsche mer eis als Piraten also, datt e prezise Suivi ka gemaach ginn an datt déi Prêten och séier an einfach kënnen octroyéiert ginn.

Här President, Liquiditéitsproblemer vun de Lëtzebuerger Entreprisë solle kënne gedeckt ginn. Dovunner betraff sinn all déi Betriber, déi temporaire a Schwieregkeete sinn. De Problem sinn natierlech déi Betriber, déi och scho vir drun deelweis a Schwieregkeete waren. An ech mengen, datt dat, och wann et aus euro­ päesche Reegelen ervirgeet, dach e Problem ass, datt mer hei vläicht verschiddenen Entreprisë grad an enger Kris nach eng Kéier dee leschte Stouss iwwert den Ofgrond ewech ginn, andeem mer se vun enger ganzer Rëtsch vu Mesuren ecartéieren.

Entreprisen, déi mat verschiddenen Obligatiou­ nen a Verzuch waren, déi sech vläicht ënner normale wirtschaftleche Konditiounen erkrab belt hätten, déi kënne sech sécher net erkrabbelen. Och deen Impakt musse mer no der Kris moossen a kucken, fir deen esou gutt et geet ofzefiederen. Dat wäert haaptsächlech en Impakt op de Fonds pour l’emploi hunn, mee dat wäert awer och en Impakt hunn op d’Volontéit vu Leit, fir eng nei Aktivitéit vläicht och ze lancéieren.

Virun allem, mengen ech, ass et wichteg, hei unzemierken, datt eng ganz Rëtsch vun de Betriber net fräiwëlleg opgehalen hu mat hirer Aktivitéit an net fräiwëlleg gesot hunn: „Mir kënnen elo net schaffen.“ Et war e richtegen Akt vun der Regierung, fir hinnen ze soen: „Dir musst zoumaachen!“ Mee netdestotrotz war et en Acte volontaire vun der Regierung, fir de Betriber ze verbidden, verschidden Aktivitéiten ze exekutéieren, an deementspriechend gesinn ech och d’Responsabilitéit bei genau där Re­ gierung, fir dann derfir ze suergen, datt déi Be­ triber weider kënnen existéieren. Ob dat Independantë sinn oder grouss Betriber, mécht u sech keen Ënnerscheed. Um Enn vum Dag sollt jiddwereen, dee vu Mesurë getraff ass, och indemnifiéiert ginn.

Et ass u sech gutt, datt mer elo hei net scho CETA oder änlech Traitéen ënnerschriwwen hunn a schonn applizéieren, well do kéint ee sech jo d’Fro stellen, ob dann déi Klausele vum Investitiounsschutz och elo geltend géife gemaach ginn an enger sanitärer Kris. Wa mir als Staat engem Betrib verbidden ze schaffen, kéint dat jee no Schidsgeriicht dach hypotheetesch esou eng Klausel lancéieren. Ech mengen, datt dës Kris hei weist, wéi wichteg et ass, datt mer eis als Staat de Spillraum loossen, fir esou Mesuren ze huelen, ouni de Risiko anzegoen, herno op Schuedenersatz nach zousätzlech verklot ze ginn. Ech mengen, datt dat eppes ass, wat mer definitiv, och wa mer nach eng Kéier iwwert déi international Traités de libre échange diskutéieren, missten uschwätzen.

Déi 2,5 Milliarde Garantien, domadder, muss ech soen, hunn ech kee gréissere Problem. Et sinn halt Garantien. Mir wëssen nach net, wat d’Stee schlussendlech wäert kaschten. Et ka sinn, datt, wann tatsächlech alles géif gutt goen an enger super Welt, esou wéi dat no 2018 de Fall war, de Staat bei dëser Operatioun, bei dësen …

(Interruption)

2,8, pardon!

M. André Bauler (DP), rapporteur.- 2008.

M. Sven Clement (Piraten).- … 2008, pardon, 2008, jo d’Joer!

… no der Kris, datt mer e Boni maachen. Et ka sinn, datt dës Operatioun hei herno e positiven Effekt op d’Staatskeess kéint hunn, wann all d’Prêten zréckbezuelt ginn, wann all d’Fraise bezuelt goufen a wa mer keng Ausfäll ze bekloen hunn. Dat wär den Dramzenario. Kënnt et dozou? Mir wëssen et net.

Haut si mir Entrepreneur. Haut lancéiere mir eis an en onbekannte Risiko vun 2,5 Milliarde Ga­ rantien, wou mer net wëssen, ob herno 2,5 Milliarden ausbezuelt musse ginn, ob mer op null erauskommen oder ob mer vläicht e klengen Excedent generéieren.

D’Alexandra Ballmann, d’Presidentin vum Jon­ ken Handwierk, huet an engem rezenten Artikel esou schéi gesot: „«Trau dech, maach dech selbststänneg!» krut an dëser Zäit eng ganz nei Bedeitung, well et muss ee wierklech an Zukunft Courage hunn, wann ee weess, datt, wann et haart op haart kënnt, een eleng do­ steet.“ An am nämmlechten Nomëtte vum Dag, wou et dat publizéiert huet, huet de Vize premier Dan Kersch nach eemol nogeluecht an dës Ausso quasi confirméiert mat der Ausso: „Wann en Independant Chômage partiel wëllt, da muss en ophalen, Independant ze sinn.“

Une voix.­ Très bien!

M. Sven Clement (Piraten).- Ech muss soen, dëst dierf net de Message sinn, dee mer dobausse vermëttelen. An ech si frou, datt dëse Projet, dee mer elo grad diskutéieren, an déi aner Richtung geet! Et muss ee sech awer d’Fro stellen, wéi et do da mat der Kohärenz vun den Aussoen ass. Et däerf net sinn, datt aus engem „Trau dech!“, dee mer déi lescht Joren ëmmer erëm lancéiert hunn, en „Trau dech net!“ direkt aus dem Mond vun engem Vizepremier gëtt. Esou kann een den Dram vun der Startup nation Lëtzebuerg nämlech direkt vergiessen. D’Piraten si sech bewosst, datt een iergendwou muss ufänke mat Entscheedungen an datt een och Limitte muss setzen. A vu datt mer net mat all de Limitte ganz averstane sinn, déi am Projet de loi hei geholl goufen, hu mer dann och en Amendement deposéiert, deen ech dem President ginn.

M. Fernand Etgen, Président.- Merci.

M. Sven Clement (Piraten).- An deem

Amendement fuerdere mer, datt au contraire vun deem, wat am Gesetz steet, nei gegrënnte „jeunes entreprises innovantes“ ­ an ech si mer bewosst, domadder gi mer manner wäit wéi d’Amendement vun der CSV, déi dat op all jonk Entreprisë wëllen ausdeenen, wat ech och ganz sympathesch fannen, mee mir hu be wosst de Choix gemaach, hei vun de „jeunes entreprises innovantes“ ze schwätzen, Startup pen, Firmen, déi e séiere Wuesstum wëllen hileeën ­, datt déi net nëmmen déi éischt fënnef Méintalso d’Firmen, déi dëst Joer gegrënnt goufen ­, kënnen hire Coût salarial estiméieren, mee datt all Firma, all jeune Entreprise innovante, déi dat d’lescht Joer gemaach huet, dat och kéint benotzen als Grondlag, fir eeben hir Prêten ze froen.

An da komme mer zu deem leidege Punkt vum Prêt. Et däerf een net vergiessen, dëst Gesetz geet net nëmmen ëm Staatsgarantien, dëst Gesetz geet och ëm en neien Emprunt, deen d’Chamber der Regierung autoriséiert. Dat heescht net, datt déi Suen, déi mer haut autoriséieren, muer geholl ginn. Dat ass eppes, wat mantra­aarteg a leschten Autorisatiounen ëmmer widderholl gouf. Mir wëssen, datt déi dräi Milliarden, déi mer haut stëmmen, tatsächlech gebraucht ginn. Et muss ee sech awer d’Fro stellen, wien opmierksam de Budget 2020 gelies huet, dee weess, datt de Staat haut schonn d’Recht huet, 3,2 Milliarden, wéi de Finanzminister och an der Kommissioun gesot huet, ze zéien.

Dat heescht, wat mer haut maachen, ass, mir ginn der Regierung d’Recht, net 3,2 Milliarden zéien ze goen, net 3 Milliarden zéien ze goen, wéi d’Gesetz géif undeiten, mee insgesamt, ouni nach eng Kéier an d’Chamber ze kommen, 6,2 Milliarden. A wann ech dann héieren, datt de Claude Haagen ugedeit huet hei op der Tribün, datt ee 6 Milliarde jo kéint zéien, ouni d’Stabilitéitskrittäre vu Bréissel a Fro ze stellen, da kënnt mer déi Zesummesetzung vu 6,2 Milliarden, déi mer elo autoriséieren, wa mer dat heite stëmmen, dach e bësse spuenesch vir. Et ass nämlech komescherweis dee Montant, deen de Claude Haagen virdrun hei ugeschwat huet!

War dat e freudsche Verspriecher? Ech kann Iech et net soen.

Ech mengen, de Claude Haagen wëllt eppes soen, Här President. Ech géif em dat dann och zougestoen.

M. Fernand Etgen, Président.- Den Här Haagen wëllt Iech eng Fro stellen. Här Haagen, Dir hutt d’Wuert.

M. Claude Haagen (LSAP).- Jo, merci, Här President. Dat war kee freudsche Verspriecher. Éischtens hunn ech net déi 60 % a Fro gestallt vu Bréissel, wéi Der se nennt, mee ech hunn drop higewise mat 30 %, 30 % …

M. Sven Clement (Piraten).- Ech hunn elo net vu 60 % geschwat.

M. Claude Haagen (LSAP).- Pardon, Dir hutt elo grad Bréissel ernimmt. 30 % stinn am Koalitiounsaccord, datt bis 6 Millioune kéinte gezu ginn, datt een dann déi Krittäre vis­à­vis vum Regierungsaccord nach ëmmer géif res­ pektéieren. Dat hunn ech dozou gesot.

M. Fernand Etgen, Président.- Ech ginn d’Wuert zréck un den Här Clement.

M. Sven Clement (Piraten).- Ech aktéieren déi Ausso, datt de Regierungsaccord virgesäit, nach kënne bis zu 6 Milliarden ze léinen, an datt haut d’Chamber soll genau dat autoriséieren. Dat ass dat, wat mer haut maachen.

Ech soen dofir och: „Mir wäerten d’Garantien op alle Fall matstëmmen, well dat den Entreprisen hëlleft. Mir wäerten awer, wat de Prêt ugeet, dergéint stëmmen, well mer der Meenung sinn, datt de Staat haut d’Recht huet, 3,2 Milliarden ze zéien. An als Éischt soll e seng Reserven zéien, éier en da mat neie Prête bei d’Chamber kënnt.“

Ech soen Iech Merci.

(Interruption)