Header for Projet de loi visant à stimuler les investissements des entreprises dans l’ère du Covid-19

Projet de loi visant à stimuler les investissements des entreprises dans l’ère du Covid-19

Dës Ried hunn ech den 22/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi visant à stimuler les investissements des entreprises dans l’ère du Covid-19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, lesch ten ageschriwwene Riedner heescht ëmmer, datt ganz vill scho gesot gouf. Ech hat, …

M. André Bauler (DP). Et kann ee sech prägnant faassen!

M. Sven Clement (Piraten). Ech muss mech entschëllegen, datt ech virdru vergiess hat dem Rapporter vum Projet virdru Merci ze soen. Guy Arendt, ech huelen dat heimadder no.

Och bei dësem Projet e grousse Merci un de Rapporter Claude Haagen, deen dat och exzel lent resuméiert huet. An eppes, wat e gesot huet, ass, mengen ech, fir kloer ze maachen, wéi deen heite Projet sech och vun deene vu virdrun ënnerscheet.

Nämlech hu mer virdru vun Ersatzrevenue ge schwat, respektiv vun Aide au capital, an hei schwätze mer elo vun Investitiounshëllefen, vu Suen, déi e Betrib sollen incitéieren, wann alles gutt geet, datt en da sech motivéiert gesäit, Sue selwer an de Grapp ze huelen, e puer Sue vum Staat derbäizeleeën an domadder ze in vestéieren.

Essentiellement kléngt dat als éischt emol wéi eng gutt Iddi. Et kléngt ewéi eng antizyklesch Politik, wou een d’Betriber dozou féiert, datt se eebe grad elo Demande generéieren, grad elo investéieren, fir esou eng Demande ze hunn, wou aner Betriber da kënne liwweren. Dat kléngt gutt.

Wann een dann awer d’Montante kuckt, déi ee mindestens muss investéieren, a wann ee sech dann e bëssen am Secteur ëmhéiert, grad bei de Mikroentreprisen, an et muss een 20.000 Euro mindestens investéieren, fir kënne vun den Investitiounszouschëss vun der Regierung ze profitéieren, da gëtt et ganz séier schwiereg. Firwat soen ech, et gëtt ganz séier schwiereg? Dat ass engersäits, well et en ale Mantra gëtt, dee Betriber sech ëmmer widderhuelen a Krisenzäiten, an deen ass: „Cash is King“.

A Krisenzäiten ass eng kleng Reserv an der Tre sorerie ëmsou méi wichteg, well se eebe grad d’Fluktuatioune vun der Demande vu sengen eegene Clienten offiedere kann. Wann een eebe grad elo soll incitéiert ginn ze investéie ren, da kann dat nëmme goe wann een, nieft den Investitiounshëllefen, och d’Finanzen dofir huet. Dat heescht engersäits entweeder méi wéi genuch Reserve scho virun der Kris opge baut hätt oder awer grad elo an der Kris nei Fi nanzéierungsquelle kann opmaachen. Risikokapitalgeeber falen am Moment éischter ewech, well och déi zwar Risikokapitalgeeber heeschen, awer e bësse Risiko ofschätzen ëmmer a kuerz virun enger droender Finanzkris ass och dee gréisste Risikokapitalgeeber net onbedéngt prett, fir nach méi Risiko anzegoen. Dat heescht, mir falen zréck op déi normal Banken. Mir falen zréck op normal Banken, déi, an dat hu mer jo bei anere Projete schonn uge schwat, elo solle mat d’Relance finanzéieren.

D’Banken hunn zum Deel hiert schonns ge maach. A wa mer elo hei nach eng Kéier drop bauen, datt d’Banken u sech dat ersetzen, wat de Staat dann erwaart, fir datt een iwwerhaapt Sue kritt, da kéint dat eng Rechnung sinn, déi net opgeet.

Dat kéint eng Rechnung sinn, an dat seet och d’Chambre des Métiers, déi net opgeet, well déi ganz kleng Betriber dat Kapital net hunn an och net kréien. An zweetens et en Text ass, deen awer nach eng gewëssen Onsécherheet fir kleng Betriber huet. D’Prozedur ass awer nach eng Kéier méi komplex wéi déi Prozedur vun deene Projete virdrun. An do stellt sech dann d’Fro: Wat maache mer, fir datt déi kleng Betriber ech schwätzen net vun de mëttelstännesche Be triber, mee wierklech vun de ganz klengen, vun de Mikroentreprisen ; wat maache mer, fir datt dat heite fir déi en interessant Instrument gëtt?

Well wann ee seet, datt ee sozial Mesurë muss schafen, da geet et grad drëm, datt déi ganz kleng Betriber, déi déi eng bis fënnef Aarbechts plaze schafen, net ënnerginn.

Wat de Betrib méi grouss ass, wat et méi ein fach ass e bësse Reserven ze schafen, well et méi einfach ass och d’Komplexitéiten a Ge setzer ze navigéieren. Wat ee méi kleng ass, wat et méi schwéierfält. Wat ee méi kleng ass, wat ee méi …, prozentual méi Zäit domadder verbréngt, fir dat Gesetz hei probéieren ze ver stoen an déi Suen dann unzefroen.

An deementspriechend wollt ech hei just drun erënneren, datt mer dës Bedenke ganz eescht mussen huelen. Mir mussen derfir suergen an dat ass en Appell un de Minister, datt et ein fach gëtt, déi Demanden hei ze maachen, an datt et, ech hunn et virdru gesot, net zu enger ze grousser Komplexitéit kënnt.

An de Minister Delles huet virdrun ugekënnegt, datt et bei him digital wäert goen an datt ee keng weider Preuvë muss ufroen. Ech hoffen, datt all déi Dokumenter a Preuven, déi hei am Gesetz virgesi sinn, datt déi zu engem groussen Deel kënnen automatiséiert ugefrot ginn, an deem ee ganz einfach Checkboxen uklickt an net andeem ee muss Preuven a Kopien a Copieconformen op de Ministère schécken.

Dofir meng ganz konkreet Fro un de Minister: Wäerten hei fäerdeg Formulairen, mat eeben deenen Datenoffroe proposéiert ginn, soudatt dat Ganzt digital an engem Abwasch ka ge maach ginn?

Wat de Fong vum Projet ugeet, gouf alles ge sot. Et ass néideg, datt mer antizyklesch Politik maachen, an dofir ginn och d’Piraten den Ac cord zu dësem Projet.