Header for Projet de loi1) transposant la directive (UE) 2016/1164 du Conseil du 12 juillet 2016 établissant des règles pour l utter contre les pratiques d’évasion fiscale qui ont une incidence directe sur le fonctionnement du marché intérieur ;2) modifiant la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ;3) modifiant la loi modifiée du 1er décembre 1936 concernant l’impôt commercial (« Gewerbesteuergesetz ») ;4) modifiant la loi d’adaptation fiscale modifiée du 16 octobre 1934 (« Steueranpassungsgesetz ») ;5) modifiant la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenordnung »)

Projet de loi1) transposant la directive (UE) 2016/1164 du Conseil du 12 juillet 2016 établissant des règles pour l utter contre les pratiques d’évasion fiscale qui ont une incidence directe sur le fonctionnement du marché intérieur ;2) modifiant la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ;3) modifiant la loi modifiée du 1er décembre 1936 concernant l’impôt commercial (« Gewerbesteuergesetz ») ;4) modifiant la loi d’adaptation fiscale modifiée du 16 octobre 1934 (« Steueranpassungsgesetz ») ;5) modifiant la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenordnung »)

Dës Ried hunn ech den 18/12/2018 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi1) transposant la directive (UE) 2016/1164 du Conseil du 12 juillet 2016 établissant des règles pour l utter contre les pratiques d’évasion fiscale qui ont une incidence directe sur le fonctionnement du marché intérieur ;2) modifiant la loi modifiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ;3) modifiant la loi modifiée du 1er décembre 1936 concernant l’impôt commercial (« Gewerbesteuergesetz ») ;4) modifiant la loi d’adaptation fiscale modifiée du 16 octobre 1934 (« Steueranpassungsgesetz ») ;5) modifiant la loi générale des impôts modifiée du 22 mai 1931 (« Abgabenordnung »)” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, ech mengen, et ass vill zu dësem Text gesot ginn. Dofir wäert ech all déi Argumenter, déi ewell virbruecht goufen, net nach eng Kéier widderhuelen, och well mer iergendwann eng Kéier sollten zu engem Vott heizou kommen, well et brennt: Den Délai de transposition, deen ass bekanntlecherweis den 31. Dezember. A mir kéinten et emol eng Kéier fäerdegbréngen, fir eng Direktiv – och wann eréischt zwee Joer, nodeem se dann decidéiert gouf, e Projet de loi deposéiert gouf – matzäiten ze transposéieren an domadder eben net zum „Pak“, wéi den Här Wagner et genannt huet, „vun deene ganz béise Länner“ ze gehéieren.

Ech mengen net, datt mer heimadder zu deene ganz gudde Länner wäerte gehéieren. Mä ech froe mech, ob et esou eppes iwwerhaapt ka ginn, soulaang mer an Europa zouloossen, datt mer e Concours maachen, wien déi favorabelst an attraktiivst Steierkonditiounen offréiert.

Ech mengen, eppes, wat ech aus deenen zwee Avisen, déi zu dësem Projet de loi ofgi goufen vun der Chambre des Salariés, mä och vun der Chambre de Commerce -, zréckbehalen hunn, ass, datt mer eis grondsätzlech Gedanke musse maachen iwwert d’Komplexitéit, déi eise Steiersystem huet, a virun allem iwwert d’Komplexitéit vun de Regelen, déi mer mëttlerweil brauchen, fir déi ëmmer nei Geschäftsmodeller an ëmmer nei Firmestrukturatiounen iergendwéi nach an eisem Steiersystem ofzebilden an domadder och erauszefannen, wie schlussendlech wivill Steiere muss bezuelen.

Datt dat net grad zu manner soziale Spannunge féiert, dat gesi mer am Moment ganz gutt an eisen Nopeschlänner a mir sollten eis hei onbedéngt – an dat ass, mengen ech, den Appell am Kader vun dësem Projet – Gedanken driwwer maachen, wéi mer de Steiersystem insgesamt kënne reforméieren. Dat ass kee kuerzfristege Projet, mä e laangfristege Projet, fir esou de Steiersystem méi einfach verstobar ze maachen, derfir ze suergen, datt d’Coûts d’application erofginn, datt eis Käschte vun de klengen a mëttelstännesche Betriber erofginn, fir ze probéieren, nach konform ze sinn, datt

mer awer och sozial Spannunge kënne vermeiden.

Et ass erstaunlech, datt d’Chambre de Commerce an d’Chambre des Salariés do quasi enger Meenung sinn. Ech hat dat net sou ageschat, datt déi heefeg enger Meenung géife sinn.

Dat heescht, d’Piraten ënnerstëtzen dëse Projet de loi. Mir si frou, datt mer en nach virum Délai de transposition ëmgesat kréien, ginn awer ze bedenken, datt mer nach vill Aarbecht an dësem Domän virun eis hunn a virun allem och de Volet vun der Digitalisatioun an d’Méig – lechkeeten, déi déi eis gëtt, fir an Zukunft de Steiersystem méi einfach ze gestalten, sollten notzen an an Zukunft de Steiersystem net méi komplex, mä méi einfach verstobar sollte maachen an domadder vläicht och e puer Lücken, déi mer am Moment nach hunn, zoumaachen.

Villmools Merci.