M. Sven Clement (Piraten).- Jo, Merci, Här President. Ech mengen, et ass ganz kloer, datt d’Piraten beim Opstelle vun deem Budget, deen elo hei fortgefouert gëtt, nach net an der Chamber waren.
Une voix.- Très bien !
M. Sven Clement (Piraten).- Deementspriechend wäerte mer och net kënnen iwwert d’politesch Meritten oder ebe Verfeelunge vun deem Budget jugéieren, well dat eben d’Plaz hei wär, fir dat ze maachen. Deementspriechend wäerte mer eis beim Vott vun den Douzième- provisoirë logescherweis enthalen. Ech wäert och elo keng Brandried hale géint d’Douzième-provisoiren. Ech mengen, datt et ganz kloer ass, datt jiddwereen heibannen e sougenannten „shutdown“ vun der Regierung awer verhënnere wéilt. Dat huet ganz wéineg mat de Paien oder Traitementer vun den Deputéierten oder Ministeren ze dinn, éischter domadder, datt eist Land fonctionnéiere muss.
Mä et leien och nach dräi (veuillez lire : véier) Amendementer vir. An do schléissen ech mech dem Kolleeg David Wagner un, fir eben och ze soen: Et misst ee vläicht d’Reiefolg vum Vott vun deenen Amendementer iwwerdenken, jee nodeem, ob dann eppes ugeholl gëtt. An et wär jo awer e gutt Zeechen hei, an dofir wäerten d’Piraten dat och matdroen, zumindest d’Amendement vun der Indexéierung vun den Allocations familiales matzedroen.
Insgesamt wäerte mir awer fir déi Amendementer mat Jo stëmmen an eis beim Budget, also bei der Fortféierung vum Budget per Douzièmes provisoires enthalen.