Header for Proposition de loi portant modification de:1° la loi modifiée du 21 décembre 2007 portant réglementation du financement des partis politiques2° la loi électorale modifiée du 18 février 2003

Proposition de loi portant modification de:1° la loi modifiée du 21 décembre 2007 portant réglementation du financement des partis politiques2° la loi électorale modifiée du 18 février 2003

Dës Ried hunn ech den 08/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Proposition de loi portant modification de:1° la loi modifiée du 21 décembre 2007 portant réglementation du financement des partis politiques2° la loi électorale modifiée du 18 février 2003” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech kann et kuerz maachen, well den Historique vum Gesetz jo scho gemaach gouf. Merci och un de Rapporter vu menger Säit. Ass dat heite Gesetz perfekt? Sécherlech net. Ass et esou wäit gaangen, wéi d’Auteure sech et gewënscht hätten? Leider net. Do huet de Staatsrot eis nach eng Kéier zréck geschéckt a gesot, mir missten, grad wat de juris tesche Statut ugeet, nach eng Kéier nobesseren.

Fir eis ass ganz kloer: All Schrëtt no vir zu méi transparente Parteiefinanzéierungen ass e wichte gen a richtege Schrëtt. Wat awer vläicht net am Ge setz konnt gereegelt ginn, well et e Règlement grandducal ass, ass de Konteplang vun de Par teien. Mir hunn an der Kommissioun e puermol drop higewisen, datt dee misst iwwerschafft ginn, fir eeben och elo den Ännerungen vum Gesetz Rechnung ze droen. Dat ass, wéi gesot, e Règle ment grandducal. Ech hoffen dann, datt, nodeems d’Chamber hir Aarbecht mat der Proposition de loi gemaach huet, d’Regierung da vläicht och eng Kéier um Konteplang vun de Parteien nobessert, soudatt mer do eng besser Granularitéit an eng besser Transparenz kréien, a virun allem och, datt jidd wereen uniform domadder ëmgoe kann.

Dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten.