Header for Proposition de loi portant modification du chapitre IX relatif au financement des campagnes électorales de la loi électorale modifiée du 18 février 2003

Proposition de loi portant modification du chapitre IX relatif au financement des campagnes électorales de la loi électorale modifiée du 18 février 2003

Dës Ried hunn ech den 29/01/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Proposition de loi portant modification du chapitre IX relatif au financement des campagnes électorales de la loi électorale modifiée du 18 février 2003” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, et gouf villes dozou gesot. Vill Richteges gouf gesot. An ech kann och villes dovunner mat zwou Hänn ënnerschreiwen. Ech wëll vläicht och eng ganz kuerz Umierkung maachen zu deem Phenomeen vun de Lëschten, déi aus méi wéi enger Entitéit zesummegesat ginn. Eis Interpretatioun vum aktuelle Parteiefinanzéierungsgesetz ass ganz kloer, wéi dat geregelt muss ginn, näämlech datt een ënnert der Responsabilitéit vun enger Partei untrëtt, déi deementspriechend och all d’Flux-financiere geréiert.

Dat ass an eisem Fall och gemaach ginn. Mir hunn och dorop opgepasst, datt ebe grad Sue kloer retraçabel sinn an och kloer kënnen de Konte vun der jeeweileger Partei zougewise ginn.

Wat ech awer vläicht als eng kleng Umierkung an där Fro vun der Transparenz nach eng Kéier wëll abréngen, dat ass déi Fro vun den Akteuren, vun de Kandidaten, déi hir eege Wahlcampagnen op – haaptsächlech – sozialen Netzwierker maachen, mä och deelweis duerch eege Publipostagen, duerch eegen Aktiounen um Terrain finanzéieren. Do ass et haut esou, fir eis: Mir hunn dat ganz kloer als Donen un d’Partei gehandhabt. Mir hunn d’Rechnungen agesammelt, mir hunn déi kontabiliséiert a mir hunn dat als Donen duergestallt.

Ech si gespaant, wat d’Cour des comptes bei all de Parteien no enger Wahlcampagne wäert an deem Kontext constatéieren. Ech freeë mech net onbedéngt op déi Kontroll, muss ech soen, well dat huet ëmmer mat vill Paperassen a vill Gesichs ze dinn, mä ech hunn awer do d’Confiance, datt jiddwereen heibannen am Haus sech un d’Regelen, un d’Gesetzer gehalen huet. Ech géif mer awer wënschen, datt et do besser legislativ Texter géif ginn, déi dat besser géifen encadréieren. Dat ass e Chantier, do musse mer alleguerten zesummen dru schaffen.

An ech muss ganz éierlech soen: Dat heiten ass en éischte Schrëtt. D’Kolleege vun déi Lénk hunn et ugeschwat: Mir mussen och nach eng Kéier iwwert d’Montante vun den Europawahle schwätzen, well mir kënnen net hei am Haus soen: „D’Europawahlen hunn eng Importenz fir d’Demokratie hei zu Lëtzebuerg“, an op där anerer Säit dann net de Leit d’Moyene ginn, fir an deem Wahlkampf deementspriechend matzemaachen.

Ech denken, dat sinn déi zwee grouss Chantieren, déi mer nach virun eis hunn. Mir hunn elo fënnef Joer Zäit, wou mer net an d’Wahle ginn. Deementspriechend hoffen ech, datt mer virun den nächste Wahlen do e Konsens kënne fannen.

Mir als Piraten wäerten dat heite matstëmmen.