Header for Proposition de modification de I’Annexe 1 du Reglement de la Chambre des Députés

Proposition de modification de I’Annexe 1 du Reglement de la Chambre des Députés

Dës Ried hunn ech den 14/09/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Proposition de modification de I’Annexe 1 du Reglement de la Chambre des Députés” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Ech mengen, d’Madamm Cecchetti hutt Der och nach iwwersinn. Mee ganz kuerz: merci un de Rap porter fir de Rapport, och fir déi konstruktiv Aar becht an der Kommissioun, déi zu deem heiten Text gefouert huet.

Ech mengen, wichteg ass et, datt dat heiten elo eng Virleeschtung och vun der Chamber ass. D’Cham ber geet e Schrëtt méi wäit an déi aner institutionell Acteuren hei zu Lëtzebuerg kënnen dann deem Schrëtt suivéieren. Well ech mengen, et ass kee Geheimnis, an den Här Bauler huet et ganz kuerz ugeschwat: Wéi ass et mat de Gemengeréit, mat de Schäfferéit? Do ass et anscheinend: Nach ëmmer gëtt dru geschafft, mee et ass nach ëmmer keen Text do. Ech waarde wierklech ongedëlleg esou lues op eng Léisung fir d’Gemengen a Schäfferéit.

Ech denken och un e Conseil d’État, deen däitlech manner transparent fonctionéiert wéi d’Chamber an awer en immensen Afloss op d’Gesetzer huet, denkt ee just drun, datt en Oppositionformelle kann op Texter leeën, déi d’Chamber proposéiert.

An dann denken ech natierlech och un d’Regie rungsmemberen, déi änlech transparent kéinte gi wéi d’Chamber.

Mir maachen hei e weidere Schrëtt an ech waarden elo drop, datt déi aner institutionell Acteuren dee Schrëtt dann och maachen. Domadder ginn ech ei sen Accord. Merci.